Lëtzebuerg, mir musse schwätzen. Iwwer Exklusioun

Wisou weder autoritär, nach liberal Approchen d’Léisung fir de Problem vun Heescherei a sozialer Exklusioun sinn.

Wien déi lescht Joeren och nëmmen eng Kéier scho mol kuerz duerch d’Stad getrëppelt ass, deem ass sécher opgefall, datt net wéineg Leit passiv oder aktiv do heeschen, an der Hoffnung, e puer Euro vu Passanten ze kréien. A besonnesch villen – besonnesch haart bierelende – Leit ass och opgefall, datt e Koup vun hinnen an hiren Aen net „lëtzebuergesch“ genuch ausgesinn an dofir als Projektiounsfläch fir friemefeindlech a besonnesch och antiziganistesch Ressentimenter hierhale mussen.

Op dësen demagogeschen Zuch ass elo, passend zur politescher Summerpaus, de Gaston Vogel opgesprong, dee sech an engem oppene Bréif un d’Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg an engem opgeluedene Language iwwert d’Heescherten opreegt, déi, sou constatéiert hien, „nous viennent, sans aucun contrôle, de la lointaine Roumanie“. Zousätzlech betitelt hien d’Heescherten an deem Bréif als „racaille“, „sinistres individus“, „mendiants dégueulasses, insolents“ an „inqualifiables“. Esou Begrëffer fanne sech vill an de Kommentarer vun de „besuergte Bierger“, déi hirer Mënschefeindlechkeet am Internet fräie Laf loossen. Domat fërdert de Maître Vogel – ob hien dat wëll oder net – d’Entmënschlechung vun den Heescherten a verschaaft als Personnage vum ëffentleche Liewen dem soss duerch an duerch vulgären Internetmob eng gewëssen „intellektuel“ Legitimatioun. Do kann hien elo nach esou vill betounen, en „ami du peuple gitan“ ze sinn. De Stammdësch huet de Köder scho geschléckt an applaudéiert him.

Eng konkret Fuerderung, wéi d’Heescherei an der Stad ze bekämpfe wier, stellt en net op – mä duerch dës vu Veruechtung geprägten Aart a Weis léisst hien en autoritären Usaz duerchblécken. Dat manifestéiert sech natierlech nach méi bei sengen neie Fans an der Union Commerciale de la Ville de Luxembourg, déi no Staatsgewalt lechzen a méi streng Gesetzer géint Heescherei fuerderen. Dat verdierft jo schliisslech d’Geschäft.

Aarmut muss onsiichtbar bleiwen.

Eigentlech sollt eis d’Heescherei jo virun allem eppes verdäitlechen; net just Lëtzebuerg, mä déi ganz Europäesch Unioun, huet e Problem. An dee Problem heescht Aarmut, heescht Exklusioun. Wat esou Law-And-Order-Usätz awer bewierken, ass an éischter Linn déi betraffe Leit aus dem Bléckfeld ze huelen, d’Exklusioun onsiichtbar ze maachen. An et ass och dat, wat dës autoritär Usätz bezwecken: „Sief mengetwegen aarm, mä sief et enzwousch, wou ech dat net muss matkréien.“ Et ass déi typesch Haltung vum lëtzebuerger Spiissbierger, deen nach ni hongereg war an nach ni huet missen dobaussen an der Keelt d’Nuecht verbréngen.

Wa mer awer d’Obdachlosegkeet an d’Aarmut just mat Verbueder aus eisem Bléckfeld verbanen, da verléiert een och séier de Problem selwer aus den Aen – et ass méi e Verdrängungsmechanismus ewéi e Léisungsusaz.

D’Heescherei ignoréieren – (k)eng Alternativ?

Elo kann een awer nach e weideren Usaz ausmaachen, dee sech um aneren Enn vum biergerleche Spektrum ausmaache léisst; et handelt sech dobäi ëm eng liberal, individualistesch Approche, déi ech hei beispillhaft un engem Blogpost vum jonke liberale Blogger Bill Wirtz illustréieren, déi autoritäre staatlechen Agrëffer skeptesch géigeniwwer steet an och op rassistesch Ressentimenter verzicht – de Problem awer dorop reduzéiert, datt Heescherei am beschten doduerch anzegrenze wier, datt een hinnen näischt gëtt; hinne Suen ze ginn, dat géing just Ureizer schafe fir bettelen ze goen. Ob déi puer Euro, déi ee sech an der Groussgaass an op der Plëss esou erheesche kann, et awer wäert wiere, wéi hei ënnerstallt gëtt, sech d’Obdachlosegkeet zum „Liewensstil“ ze maachen, ass éischter zweiwelhaft. Genee wéi déi brutal Hartz-IV-Reformen an Däitschland och net dozou gefouert hunn, datt d’Aarbechtslosegkeet duerch e Mangel u finanziellem Ureiz verschwonne wier.

Domat gëtt och iergendwou ënnerstallt, déi betraffe Leit wiere „selwer schold“ un hirem Schicksal; et wier just d’Konsequenz vu Choixen, déi se bewosst getraff hätten. D’Realitéit ass awer oft méi komplex ewéi Floskele wéi dës:

„Soulaang wéi mir den Heescherten an der Stad Sue ginn, sief dat aus Matleed oder generellem Altruismus, soulaang schafe mir absolut keng raisonnabel Basis fir déi Betraffe fir hire Liewensstil ze änneren. Au contraire, mir motivéieren iwwer dee Wee méi Leit sech an d’Ofhängegkeet anzeloossen.“

Fir sech awer eeschthaft mat Obdachlosegkeet a sozialer Exklusioun ze befaasse, musse mer eis och  mat den Narrativer, der Perspektiv vun de Betraffenen ausenanersetzen. Si beweege sech innerhalb vu gewëssene Kontexter, sozialer, economescher, familiärer Natur, déi zu dëse Schicksaler gefouert hunn. Wien ignoréiert, wat se an dës Situatioun bruecht huet, dee verweigert sech enger dauerhafter Léisung vum Problem.

Mir brauche méi ewéi Almose fir déi Betraffen.

Natierlech ginn Almosen un eenzel Heescherten trotzdem net duer, fir hir Problemer ze léisen; genee sou wéineg awer eng reng Caritas-Politik, déi an éischter Linn op privaten Initiativen a Spende fousst – an domat vun uewen erof gefouert gëtt an ofhänkt vun der Gnod vun de besonnesch Privilegéierte vun eiser Gesellschaft. Villméi muss e gesellschaftlechen a politeschen Effort gemaach gi fir Aarmut an Exklusioun ze reduzéieren a préférablement iergendwa ganz ofzeschafen. Et muss gekuckt gi, wat fir Lächer an eisem sozialen Netz dozou féieren, datt verschidde Leit einfach duerchfalen – a se musse gestoppt ginn. An dofir muss ee sech och mat hire Liewensgeschichte befaassen. A béid beschriwwen Approchen hu gemeinsam, datt se net gewëllt sinn, dat ze maachen.

An dat Allerwichtegst: Mir mussen ewechkomme vun där Prämiss, datt d’Stad iergendwéi nëmmen dem Commerce, deene Räichen, eventuell nach der Mëttelschicht „gehéiert“. Och déi, déi vun der gesellschaftlecher „Mëtt“ ausgegrenzt gi, gehéieren zur Stad an hunn et verdéngt, mat Dignitéit an op Aenhéicht behandelt ze ginn. D’Stad ass och hir Stad an och si musse, bis mer eis endlech serieux mat hire Problemer ausernanergesat hu, vun eppes liewe kënnen.

Flattr this!

Veröffentlicht unter Gesellschaft, Immigratioun, Lëtzebuerg, Sozialpolitik | Hinterlasse einen Kommentar

„Den Auslänner huet de Bak ze hale wann de Lëtzebuerger schwätzt!“

D’Schmiercampagne vun Nee2015 an dat ellent Gesiicht vun der ADR.

Bal d’Halschent vun de volljäregen Awunner vu Lëtzebuerg duerf net wiele goen – awer sou lues kënnt an dëse Problem e wéineg frësche Wand; Lëtzebuerg diskutéiert iwwert d’Aféierung vum Auslännerwahlrecht. EU-wäit ass dat den Ament eemoleg. D’Argumentatioun zum Thema hunn ech am leschte Blogpost schonn opgegraff – mä et muss gesot ginn, datt domat nach laang net alles gesot gouf. Nieft den Argumenter selwer kéint een nämlech och nach op d’Aart a Weis ze schwätze komme, wéi d’Diskussioun gefouert gëtt, bzw. am Fong net gefouert gëtt. Et soll also drëms goen, ze kucke, wéi d’Géigner vum Auslännerwahlrecht mat de Supporteuren vum Reformprojet ëmginn.

Nieft der Nee2015-Campagne selwer ass et do natierlech interessant, sech och déi Partei unzekucken, déi am vehementesten den „Nee“ vertrëtt a quasi als parlamentareschen Aarm vun der Nee2015-Campagne fungéiert; gemengt ass natierlech d’ADR.

Den A bei der ADR steet fir Apartheid.

Wann ee sech scho mol d’Facebook-Säit vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, dee jo schonn ëfters opgefall ass mat speziell insultéierenden Aussoe vis à vis vu Frae, Schwulen a Lesben an Auslänner, spréngt engem direkt an d’Aen, datt en oft vun auslännesche „Gäscht“ schwätzt. Ewéi wann d’Auslänner, déi hei wunnen, schaffen, Steiere bezuelen, an d’Schoul ginn a wahrscheinlech säin Haus gebaut hu, während hien op engem Schaukelstull gemittlech an der Bibel gelies huet, just Touriste wieren, déi an zwou Wochen nees an hir Heemecht zeréckfléien. Déi ganz Aussoe sinn natierlech ëmgi vun deenen übleche Platituden a carrément onwouere Polemiken déi hien „Argumenter“ nennt (an déi schonn op anere Plazen ausernee geholl goufen), mä besonnesch an d’Aen dierft engem folgend Ausso falen:

De Quotidien hat gëschter en interessanten Interview mat de Vertrieder vun der CCPL (Confederação da Comunidade Portuguesa no Luxemburgo), eng vun denen auslänneschen Organisatiounen, déi sech fir en Auslännerwahlrecht ausschwätzen. Kuerz nach eemol meng prinzipiell Positioun zu dem Thema: aus där Diskusssioun ëm Verfassungsfroen hei zu Lëtzebuerg sollen déi auslännesch Gäscht hei am Land sech eraus halen.Eis Verfassung an d“Zukunft vun eisem Land an eiser Natioun sinn Diskussiounen déi vun de Lëtzebuerger solle gefouert ginn!

Als Éischt fält op, datt hien eng Associatioun, déi zu Lëtzebuerg besteet, als „auslännesch“ titeléiert, wéi wa se iergendwéi vu „bausse“ géing gesteiert ginn – eng Ënnerstellung, déi eis nach ëfters wäert begéine bei dëser Thematik – besonnesch irritéierend ass awer, datt hien den hei liewenden Auslänner carrément ofschwätzt, datt se matschwätzen duerfen. Elo duerfe se also net just net matwiele bei enger Ofstëmmung, déi si betrëfft, mä hunn net emol méi d’Recht, un der Diskussioun deelzehuelen. Fir dem Kartheiser seng Ausso nach eemol verständlech ëmzeformuléieren: „Den Auslänner huet de Bak ze hale, wann de Lëtzebuerger schwätzt!“

Dat ass eng ganz kloer Insulte un all Mënsch, deen zu Lëtzebuerg lieft an iergendwéi e Migratiounshannergrond huet – et weist, datt hie kee Respekt huet virun Auslänner an et weist och ganz kloer, datt e se fir mannerwäerteg hält an net wëll mat hinnen op Aenhéicht diskutéiere mussen.

Awer do hält et net op; dës Positioune schéngt d’ADR selwer och ganz kloer ze vertrieden – et kann also kee méi soen, et wier eng perséinlech prise de position vum Kartheiser selwer:

Sicherlich haben Sie Verständnis dafür, dass eine Debatte von solcher Wichtigkeit gänzlich ohne Einmischung ausländischer Akteure stattfinden muss. In diesem Zusammenhang ist mir aufgefallen, dass, unter anderem auch in sozialen Netzwerken, ein wachsender Unmut über die Stellungnahmen eines deutschen Vereins in Luxemburg festzustellen ist.
Viele Luxemburger sind der Auffassung, dass es schon allein aus Anstand, Höflichkeit und Respekt geboten ist, sich als Gast in einem anderen Land nicht in dessen innere Angelegenheiten einzumischen. Sollten deutsche Staatsbürger sich für ein Ausländerwahlrecht einsetzen wollen, so scheint mir persönlich, dass sich dieses Engagement vorzugsweise auf die Bundesrepublik Deutschland und nicht auf das Großherzogtum Luxemburg beziehen sollte.

D’ADR went sech hei also un déi däitsch Botschaft fir sech iwwert e lëtzebuergesche Veräin ze beschwéieren – net iwwert en däitschen – wéi wann d’Bundesrepublik Däitschland bestëmme géing iwwert dësen. Nee, fir Däitscher an all déi aner auslännesch Awunner gëllen zu Lëtzebuerg lëtzebuergesch Gesetzer, grad ewéi fir jidderee soss och – zum Gléck liewe mer nämlech net an deem Apartheidsstaat dee sech d’ADR erbäiwënscht.

Den dauerskandaliséierten „Nee“.

Awer och bei der Initiativ Nee2015 geet et net ganz ouni Polemik. Sou mëscht sech och Nee2015 gären an d’Banneliewe vu Veräiner an a constatéiert, woufir se duerfe Positioun huelen a woufir net a fuerdert natierlech ëmmer nees Neutralitéit vun den enstpriechenden Akteuren.

Sou hu se z.B. d’UGDA direkt blannemännerches attackéiert, wéi bekannt gouf, datt där hire Logo op MINTÉ ze fanne war, an hir virgeworf, si misst neutral bleiwen an ugedeit, si géing domat hir Memberen net representéieren – obwuel dat jo awer un all Veräin ass, selwer iwwer seng Positionéierung oder Net-Positionéierung zu engem Thema ze decidéieren, ob engem déi Positioun elo gefält oder net. Begrënnt hu se dat dann och nach domat, eng mat ëffentleche ënnerstëtzten Organisatioun dierft sech politesch net positionéieren – wéi wann all Veräin oder Organisatioun, déi ëffentlech Gelder kritt, politesch komplett neutral wier. Spéider koum natierlech och nach eraus, datt dat Ganzt op engem Feeler baséiert huet an dunn ass de Logo – no där Polemik vun Nee2015 – och relativ séier vun der Säit verschwonn.

Awer net nëmmen dat: Nee2015 huet moosst sech un, och anere Veräiner an Organisatiounen hir intern Ugeleeënheete mat regelen ze kënnen. Sou werft se z.B. der CGJL, déi e Koup Organisatioune representéiert, vir, net fir d’Majoritéit vun der lëtzebuerger Bevëlkerung ze schwätze mat hirer Ënnerstëtzung vu MINTÉ (ouni datt d’CGJL sech awer selwer eendeiteg zum Wahlrecht positionéiert hätt). Wat dobäi awer och nees verkannt gëtt; d’CGJL huet net den Usproch, iergend een ze representéieren ausser d’Memberorganisatiounen. D’Ënnerstellunge vun den Nee-Propagandiste sinn also absolut haltlos, souwuel an déi eng, wéi an déi aner Richtung.

Besonnesch schéi gëtt et awer réischt, wa se sech elo iwwert déi béis Gewerkschaften opreegen, datt déi hir Memberen net gefrot hätten:

nee2015Lëschtegerweis reegt sech Nee2015 awer net doriwwer op, datt de CGFP seng Memberen net gefrot huet, wéi en decidéiert huet, sech mat Vehemenz géint d’Auslännerwahlrecht an alt nees fir de Status Quo ze positionéieren.

D’CSV, déi zweet Chamberspartei déi géint d’Auslännerwahlrecht ass, hält sech gläichzäiteg – am Verglach zu den zwee ugeschwatenen Akteuren – relativ bedeckt. An dat obwuel se dach eng zimlech eendeiteg Haltung zu de proposéierte Reforme vertrëtt: nämlech dräimol Nee. Vläit well se sech intern och net ganz eens ass an hir Jugendpartei wéi och eenzeln Deputéierter der Iddi vum Wahlrecht fir auslännesch Awunner vu Lëtzebuerg net ganz ofgeneigt sinn, et souguer begréisse géingen – a vläit och, well ze vill eng vehement Opposition zum Wahlrecht och no hanne lassgoe kéint a se den Debat dofir insgesamt e wéineg meide wëll.

Allgemeng Onfäegkeet zur Diskussioun.

Nodeems sech also erausgestallt huet, datt d’ADR oppen auslännerfeindlech argumentéiert a mat de Betraffenen, nämlech den Auslänner selwer, jo net emol diskutéiere wëll, hinne souguer seet, si sollte besser de Bak halen an Nee2015 sech allze gär an intern Ugeleeënheete vun autonomen Organisatiounen amësche wéilt, stellt sech d’Fro, ob d’Nee-Säit, net just vum Argumentaire hier, mä v.a. och vun hirer respektloser Aart a Weis, iwwerhaapt gewëllt oder souguer fäeg ass, eng Diskussioun ze féieren.

Déi gläichzäiteg mëttlerweil verpasste Chance, e grousse gesellschaftlechen a v.a. ëffentlechen Debat iwwert déi konstitutionell Reform ze lancéieren, gëtt deem Ganzen nach de Rescht.

Flattr this!

Veröffentlicht unter Demokratie, Gesellschaft, Immigratioun, Lëtzebuerg | 6 Kommentare

Wann Natioun an Demokratie zu Géigesätz ginn

E kritesche Jo zum „Awunnerwahlrecht“.

Ënnert den dräi Froen, déi am Referendum am Juni gestallt ginn, ass den Ament eng besonnesch hefteg diskutéiert: déi, ob mer sollen en Auslännerwahlrecht aféieren oder net. D’Fro vum Wahlrecht vu 16-järege schéngt net allze vill Leit ze begeeschtere, weder an déi eng, nach an déi aner Richtung a bei der Fro zur Mandaatsbegrenzung schéngt et och net allze vill Polemik ze ginn.

Beim Auslännerwahlrecht awer fanne sech e ganze Koup Leit zesummen, déi zumindest am Internet äifreg dogéint wiederen. E puer vun hinne fanne sech an der Initiativ Nee2015 zesummen. Do goufen e puer Argumenter zesummegedroen, déi och op anere Blogs schonn deelweis behandelt goufen. Awer och an de gréisseren „traditionelle“ Medie gouf d’Thema schonn opgegraff. Trotzdem kann et net schueden, d’Thema nach e wéineg op aner Aspekter z’ënnersichen an/oder aus anere Bléckwénkel ze betruechten.

Auslännerwahlrecht vs. Awunnerwahlrecht.

Fir d’Éischt emol ass et dofir wichteg, ze kucke, wourëms et dobäi genee geet. D’Supporteuren nennen dat proposéiert Auslännerwahlrecht en Awunnerwahlrecht – wat zwar méi schéin an inklusiv kléngt op den éischte Bléck, allerdéngs net deem gerecht gëtt, wat wierklech proposéiert gëtt. En Awunnerwahlrecht suggeréiert nämlech, datt e Wahlrecht géing geschafe gi, wat fir all Awunner nämmlecht gëllt, awer och, datt lëtzebuerger Staatsbierger, déi am Ausland wunnen, also net méi dierfte wiele goe wéinst dem feelenden Awunnerstatus.

Tatsächlech awer gëtt d’Wielerschaft „just“ erweidert ëm en Deel vun den Auslänner; et soll een 10 Joer zu Lëtzebuerg wunne mussen a schonn un enger Wahl deelgeholl hunn an domat als Wieler registréiert sinn. Dës staark Restriktioune ginn awer am Debat seelen ernimmt – amplaz gi léiwer Horrorszenarien imaginéiert, wéi datt et den Ufank vum Ennergang vun der lëtzebuergescher Natioun wier an eis Souveränitéit domat géing zerstéiert ginn.

A Wierklechkeet awer féiert déi aktuell Versioun vum Auslännerwahlrecht zu weidere Problemer; obwuel méi Leit mat där Prozedur dierfte wiele goen, duerfe vill anerer et ëmmer nach net. Wisou sollt een awer als politesch interesséierten Net-Lëtzebuerger méi Prozeduren duerchlafe musse wéi e politesch net interesséierte Lëtzebuerger, dee wiele goe muss? Wierklech vun engem Awunnerwahlrecht kann ee réischt schwätze, wann Net-Lëtzebuerger sech net méi mussen extra registréiere loossen an/oder virweisen, datt se scho mol hei gewielt hu, mä hiert Wahlrecht duerch Residenz erwerbe kënnen.

„10 Argumenter fir den NEE“?

D’Argumenter vun de Géigner vum Auslännerwahlrecht si, wéi gesot, scho vun anere Blogger behandelt ginn. Dobäi muss ee lo also net nach eng Kéier op all Argument eenzeln agoen – mä et ass awer wichteg, sech nach eemol en Iwwerbléck doriwwer ze verschafen.

Zwee Wierder, déi an dësem Argumentaire besonnesch oft fale, sinn „Natioun“ a „Souveränitéit“. Et ass besonnesch wichteg, sech mam Verständnis vun eben dësen zwee Begrëffer ze beschäftege, fir ze realiséiere, wourop déi „Nee“-Campagne wierklech erausleeft.

E geféierlechen an exklusiven Natiounebegrëff.

Fir d’Initiativ Nee2015 ass besonnesch wichteg, z’ënnersträichen, datt d’Chamber déi lëtzebuergesch Natioun vertrëtt – an net dat ganzt Land. Deementspriechend wier d’Auslännerwahlrecht dann och en Ugrëff un déi lëtzebuergesch parlamentaresch Institutiounen.

Fir d’Éischt emol steet an der lëtzebuerger Constitutioun ganz kloer, datt d’Chamber dat ganzt Land vertrëtt an net just eng Natioun oder ee Vollek – wat wuel och de Grond ass, wisou net all zu Lëtzebuerg residéierend Nationalitéit hir eege Gesetzer huet, mä d’Leit virum Gesetz, zumindest de jure, gläich solle sinn. Nee2015 huet sech also net emol d’Méi gemaach, d’Verfassung ze liesen.

Dat anert, wat se domat soen, ass awer eben och, datt déi hei liewend Auslänner – aus iergend engem Grond – net zur lëtzebuerger Natioun gehéieren. Si ginn also vun engem homogenen Natiounebegrëff aus, dee verschidde Bevëlkerungsgruppe géintenaner ausspillt.

D’Realitéit ass awer eng aner; et existéiert op der Welt keng homogen Natioun a keng „reng“ national Kultur. Weder zu Lëtzebuerg, nach soss enzwousch. Och net do, wou et manner Auslänner gëtt. D’Natioun ass am Endeffekt en idealtypescht Gedankekonstrukt, dat keen Usproch un d’Realitéit stelle kann. Kee wier nämlech an der Lag, déi lëtzebuergesch Natioun jeensäits vu vaguement definéierte Platituden ze definéieren (a wann dach, proposéieren ech, dës Definitioun an de Kommentarer kondzedinn). Elo kéint een natierlech d’lëtzebuerger Natioun als d’Gesamtheet vun deene Persoune verstoen, déi d’lëtzebuerger Staatsbiergerschaft hunn. Allerdéngs argumentéiert Nee2015 ze vill mat kulturellen Aspekter fir dës Definitioun vun enger „Natioun“ notzen ze kënnen:

Wielen (sic) sollen déi Leit, déi sech fir d‘Lëtzebuerger Nationalitéit entscheed hunn an domat weisen, dass se sech mat eiser Sprooch, eiser Geschicht, eiser Identitéit an eisen Traditiounen identifizéieren an doduerch eng emotional Bindung zu eisem Land hunn.

Och wann een nämlech d’lëtzebuerger Nationalitéit huet, heescht dat nach laang net, datt ee besonnesch vill mat lëtzebuerger Kultur um Hutt hätt. An och da stellt sech d’Fro: Wat ass lëtzebuerger Kultur, wat sinn alles „eis“ Traditiounen? Wéi wäit muss ee sech mat der lëtzebuerger Geschicht identifizéieren, déi jo awer och voll mat Ënnerdréckung, Ongläichheet a reliéisem Wahnsinn ass?

Als Islando-Lëtzebuerger (wat eng schéi Wuertschöpfung) muss ech z.B. zouginn, datt ech, deen ech zu Lëtzebuerg gebuer sinn an d’Nationalitéit hunn, relativ wéineg mat lëtzebuergeschen Traditiounen um Hutt hunn. En famille gëtt meeschtens islännesch geschwat, mir feiere Jól mat islänneschem Iessen a ginn éischter op e Þorrablót ewéi op e Buergbrennen. An dat an der drëtter Generatioun. Sinn ech also trotz menger Nationalitéit keen Deel vun der lëtzebuergescher Natioun?

Wann een also bedenkt, datt bal d’Halschent vun den Awunner aus dem politesche Prozess ausgeschloss ginn duerch en enken Natiounebegrëff, potenziell awer souguer nach eemol d’Halschent vun de Staatsbierger, sou schéngt et evident, datt d’Natioun entweder muss esou ëmdefinéiert ginn, datt all d’Awunner mat abezu ginn, oder d’Natioun muss als Konzept ofgeschaaft gi, well se hiren historesche Rôle iwwerlieft huet. Vun der Natioun zur Demokratie ass et oft e wäite Wee.

Souveränitéit fir all.

Awer och de Mëssbrauch vum Souveränitéitsbegrëff spréngt engem bei der Argumentatioun vum „Nee“ an d’Aen. Allgemeng gëtt tëscht Souveränitéit no baussen an no bannen ënnerscheet – a kéint als Selbstbestëmmungsrecht vun engem Staat iwwersat ginn.

D’Souveränitéit no bausse kéint – évidemment – duerch d’Ausdehne vum Wahlrecht op Net-Lëtzebuerger net ugegraff ginn. Keen anere Staat kéint nämlech iwwer Lëtzebuerg bestëmmen – an auslännesch Staatsbierger sinn nach laang keng Agente fir aner Staate, wéi dat vu gewësse Kreesser ronderëm den „Nee“ zum Auslännerwahlrecht sou suggeréiert gëtt. Se zu solchen ze degradéieren ass souguer zudéifst verwerflech a verkennt hir Humanitéit als Individuen zugonschte vun enger ondefinéierbarer Mass vun ethnesche Stereotypen a Feindbiller.

D’Souveränitéit no bannen ass, ausgoend dovun, datt den Natiounebegrëff net esou statesch ass ewéi en oft benotzt gëtt, och schwéier als „bedreet“ ze bezeechnen. Geet een natierlech vun engem stateschen Natiounebegrëff aus an enger homogener Natioun – déi sou a kenger Realitéit existéiert – da mag et Sënn erginn. Vu datt den Natiounebegrëff awer immens ofhängeg ass vun intellektuelle, reng philosophesche Konstruktioune a ganz vaguë Begrëffer, kann e jo, wéi scho gesot, net wierklech als Grond zur Ausgrenzung vun der Halschent vun der Bevëlkerung hierhalen. D’Souveränitéit no banne kann also duerch d’Erweiderung vum Wahlrecht a vum Natiounebegrëff net bedreet ginn. Ganz am Géigendeel: D’lëtzebuerger Demokratie, an domat och eist Selbstbestëmmungsrecht als lëtzebuerger Bevëlkerung, géing gestäerkt aus sou enger Reform ervirgoen. Just wier et eng demokratesch – a keng national limitéiert – Souveränitéit.

Natioun vs. Demokratie – wie gewënnt?

Et ass schued, datt de virgesinnen Entworf zum Auslännerwahlrecht bal komplett aus der Fieder vun der DP staamt an domat eng zimlech verwässert Versioun vun deem duerstellt, wat méiglech wier. Awer et ass e Fortschrëtt zu eisem eklatanten an net negligéierbaren Demokratiedefizit. Et ass virun allem awer och d’Aleedung vun engem Paradigmewiessel; de Grondsteen wier geluecht fir eng Demokratie jeensäits vu Staatsbiergerschaft, jeensäits vum enk definéierten Nationalstaat.

Et ass awer politesch beschtefalls fragwürdeg, datt bei dësem Referendum iwwert déi politesch Rechter vun enger grousser Minoritéit, déi an den nächste Joeren zur Majoritéit kéint ginn, ofgestëmmt gëtt, ouni dës Bevëlkerungsgrupp selwer mat anzebezéien. Gutt 70-80% vu befroten Auslänner – jee no Ëmfro – wieren nämlech fir d’Auslännerwahlrecht. Dat weist jo awer e grousse politeschen Interessi vun de Betraffenen a widderleet domat praktesch déijéineg, déi den hei liewenden Auslänner stänneg kollektiv politesch Apathie ënnerstellen an datt se jo just hei wiere wéint den héije Léin. Dat mannst wier et jo awer gewiescht, alles ze maache, fir datt déi Betraffen och matbestëmme kënnen iwwert hiert politescht Schicksal.

Déi kritesch betruecht Aspekter vun där aktueller Versioun vum proposéierten Auslännerwahlrecht kënnen awer op kee Fall en Nee an där Fro rechtfäerdegen. Villméi sollte se een inspiréieren, e kritesche Jo ze promouvéieren, dee, soubal dës onfäerdeg Form vum Awunnerwahlrecht duerch wier, weider geet an ëmmer méi Schrëtt Richtung Gläichheet tëscht Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger fuerdert. Nëmme sou kënne mer den aktuelle Géigesaz tëscht Nationalstaat an Demokratie an déi dovu verursaachten Demokratiedefiziter iwwerwannen. Et ass e laange Wee zur Demokratie.

Flattr this!

Veröffentlicht unter Demokratie, Gesellschaft, Immigratioun, Lëtzebuerg | 2 Kommentare

Solidaritéit mat der „Lügenpresse“?

Wéi d’Géigner vun der Press nom Attentat op Charlie Hebdo hir Léift fir d’Pressefräiheet entdeckt hunn.

Schonn nees en Artikel iwwert d’ADR – mä leider geet et net anescht. Duerch d’Terrorattack op dat franséischt Satireblat Charlie Hebdo huet nämlech net just den islamesche Fundamentalismus säi wouert Gesiicht gewise, mä och zuelräich Rietsparteien uechtert Europa. Dorënner och d’ADR zu Lëtzebuerg.

De Roy Reding, de Fernand Kartheiser, dee virun net allze laanger Zäit déi sozial Netzwierker fir sech entdeckt huet, a ganz besonnesch den ADR-Gemengerot Joe Thein si ganz vir mat dobäi, wann et dorëms geet, dësen Attentat ze benotze fir auslännerfeindlech Stëmmung ze maachen.

Dobäi ass sech de Joe Thein dann och net ze schued, an deem Kontext eng Ried vum Enoch Powell, engem britesche Konservativen, aus de 60er Joeren, ze deelen, déi net just u Rassismus grenzt, mä wäit an d’Déifte vun dësem erareecht. An dëser Ried „warnt“ de Powell do virdrun, datt Groussbritannien enges Daags net „wäiss“ genuch kéint sinn a kritt dobäi Applaus vu senge konservativen Nolauschterer. E wéineg perfid fannen ech awer och säi Virworf un de Xavier Bettel, seng Tréine bei der Charlie-Hebdo-Solidaritéitsveranstaltung wiere just propagandistesch inszenéiert gewiescht. Et kann ee mat him gäre politesch net d’accord sinn – och ech hu mech schonn oft kritesch iwwert d’Politik vun der aktueller Dräierkoalitioun geäussert – mä him virzewerfe, sou e schlechte Mënsch ze sinn, geradezu béisaarteg, halen ech fir haltlos. Besonnesch da, wann et just eng Behaaptung ass ouni zolitt Fundament.

Konservativ Hypokrisie.

Nach eng Kéier eng ganz aner Dimensioun un Hypokrisie a Perfiditéit erreecht awer de Fernand Kartheiser, deen elo op eemol d’Pressefräiheet fir sech entdeckt. Während zwar och säi politeschen Zéibouf, de Joe Thein, d’Pressefräiheet net esou gär huet a mengt, d’Press géing géint d’Meenungsfräiheet „verstousse“ wa se hien oder seng Gesënnungsgenosse kritiséieren, geet de Kartheiser nach e Krack méi wäit a wënscht sech, datt mer eis Russland zum Virbild maachen, besonnesch a Saache Blasphemie. An d’ADR steet do voll dohannert, wéi se an engem Communiqué kloer gemaach huet:

An ville Medien an och vun eenzelne politesche Parteien ass dee vun de Pussy Riot an der Erléiserkathedral zu Moskau inszenéierten Tëschefall ganz eesäiteg a plakativ duergestallt ginn. Et gouf zwar, besonnesch hei am Westen, vill vun der  kënschtlerescher Fräiheet vun de Sängerinne geschwat, net diskutéiert gouf awer iwwer d’Stéierung vun der Ausübung vun der Relioun an d’Respektlosegkeet vun de betraffene Kënschtlerinne géintiwwer de reliéise Gefiller vun de Gleewegen. Grouss Passagë vum sougenanntenen « Punk-Gebiet » géint de President Putin, dat si an der Kierch opgeféiert hunn, si fir vill russesch-orthodox Mënschen eng Blasphemie. […] Dat « Punk-Gebiet » huet dann och nach déi kierchlech Hierarchie beleedegt, wat jo besonnesch fir vill gleeweg Leit och net onproblematesch ass.

D’ADR verdeedegt d’Meenungsfräiheet a selbstverständlech och d’Fräiheet vun der Konscht hei am Land an och soss iwwerall. Et muss ee sech awer froen, wat d’Lëtzebuerger géinge soen, wann eng Grupp vu Leit mat Boke géing stënterlech an d’Kathedral kommen, do déi Gleeweg op d’Säit drécken an da géingen e Lidd sangen, an deem Gott, de Groussherzog an den Äerzbëschof op eng ganz vulgär a krass Manéier beleedegt ginn. Et gëtt einfach Plazen, wéi zum Beispill Kierchen, Monumenter oder Kierfechter, déi e besonnesche Respekt verdéngen an dowéinst och gesetzlech geschützt sinn.

Et schéngt also fir eis „Alternativ Demokraten“ keen allze grousse Problem ze si, wa Leit wéint „Blasphemie“ an de Prisong gestach ginn. Et muss ee sécher kee Frënd si vu „Pussy Riot“ – besonnesch wa se kee Problem hu, sech mat Nationalisten anzeloosse, soulaang et géint de Putin-Regime geet – fir ze realiséieren, datt eng Prisongsstrof fir e provokative „blasphemeschen“ Optrëtt absolut inakzeptabel ass.

Hätte mer elo a Frankräich esou e Blasphemie-Gesetz, wéi den Här Kartheiser an d’ADR sech et wënschen, da wieren dovun och Publikatioune wéi Charlie Hebdo heftegst betraff; si hunn nämlech net just mam „béisen Islam“ de Geck gemaach, ma och mat der Kathoulescher Kierch. An dat net grad wéineg. Wieren d’Redakteuren dann och am Prisong gelant wéint Blasphemie, wann d’ADR d’Soen hätt?

Pressefräiheet just do, wou et gefält.

Während ech net bezweiwelen, datt d’Representante vun der ADR grad esou schockéiert si vum Attentat op Charlie Hebdo wéi déi meescht aner Leit – sou bestinn dach eeschthaft Zweiwel dorun, ob besonnesch de mëttlerweil dominante rietskonservative Flillek vun der ADR säin angeblechen „Engagement“ fir d’Pressefräiheet wierklech sou serieux hëlt wéi en dat duerstellt. Besonnesch da, wann déi nämmlecht Leit nach e puer Deeg virdru, ganz am Chouer mat der rassistescher Pegida-Beweegung an Däitschland, d’Presselandschaft ondifferenzéiert als „Lügenpresse“ bezeechent hunn.

Et gesäit éischter nach duerno aus, wéi wann e puer wichteg Käpp vun der ADR d’Pressefräiheet als Virwand benotze géinge, fir hir nationalistesch Agenda ënnert d’Leit ze bréngen – während se gläichzäiteg awer éischter nach dovun dreemen, d’Presse- an d’Konschtfräiheet an engem chrëschtleche Kader anzeschränken. Un déi grouss Klack hänke se et awer elo léiwer net méi.

Flattr this!

Veröffentlicht unter Allgemein | 2 Kommentare

D’ADR an d’Mäerche vum „besuergte Bierger“

Wéi ADR-Politiker mat Rassisten a rassisteschen Ideologië sympathiséieren.

Et ass jo am Fong näischt Neies, datt d’ADR oppen ass fir rassistesch Tendenzen. Mä grad elo, wou an Däitschland rëm de rassistesche Mob ënnert dem Numm „PEGIDA“ (Patriotische Europäer gegen die Islamisierung des Abendlandes) op d’Strooss geet, weist et sech rëm besonnesch däitlech. Et huet net laang gedauert, bis bekannt ADR-Politiker hir Sympathie mat där rassistescher an och vun Neonazien ënnerstëtzter Beweegung kondgedoen hunn.

Natierlech soe si dat sou oppen och rëm net. Aus Rassiste ginn op eemol „besuergte Bierger“ – well schliisslech, a sou ass effektiv d’Argumentatioun vum ADR-Gemengerot Joe Thein, 15.000 Leit keng Rassiste kënne sinn. Fir d’ADR schéngt Rassismus also e gesellschaftleche Randphänomen ze sinn. Ma fir si wäerten als Rassiste wuel just besoffen an onorganiséiert Neonazien, déi virun der Gare Auslänner upöbelen, a Fro kommen.

Och de „besuergte Bierger“ ass e Rassist.

Wat d’ADR-Politiker dobäi awer ignoréieren: Rassismus ass kee gesellschaftleche Randphänomen, mä souguer a wäiten Deeler akzeptéiert. E kënnt also duerchaus och vu genee där „Mëtt vun der Gesellschaft“, déi an hiren Ae geradezu helleg sinn.

Elo ass en awer effektiv kaum nach sou éierlech wei fréier: Kee Mënsch wëll sech Rassist nenne loossen oder ënnerstallt kréien, eppes géint gewësse Kulturen oder Nationalitéiten ze hunn. Dofir kënnt elo viru besonnesch rassisteschen Aussoe well meeschtens déi berüchtegt Ausso, et wier ee jo „kee Rassist, mä … “ oder d’Feststellung, et géing een als Rassist „diffaméiert“ gi wann een „d’Wouerecht“ seet. Eng Wouerecht, déi een natierlech selwer am beschte kennt – an all déi aner net.

Sou ginn dann och Rassisten zu „besuergte Bierger“ – et kann ee jo kee Rassist si, wann ee sech selwer net sou bezeechent. Sou zumindest d’Logik vun de Rietskonservativen.

Wourun erkennt ee rassistesch Ideologien dann nach?

Als Rassismus bezeechent een allgemeng eng Diskriminéierungsform, déi sech op déi ethnesch Hierkonft bezitt. Ob dobäi de Begrëff vun der „Rass“ – dee scho biologesch gesi bei Mënschen absoluten Onsënn ass – benotzt gëtt, ass net onbedéngt vu Bedeitung. Hautdesdaags ass dat souguer éischter seelen; et gëtt vill méi vun ënnerschiddleche Kulture geschwat, munchmol muss souguer eng diffus „Reliounskritik“ hierhale fir rassistesch Positiounen ze rechtfäerdegen. Nämmlecht bliwwen ass awer, datt Rassiste weider verschiddene Vëlker quasi ugebueren Eegeschaften zouschreiwen, déi se vun aneren Ethnien ënnerscheeden. Munch Rassiste loossen dann awer och, ëm der Diskussioun wëllen, „Ausnahmen“ zou, ganz no deem näischtsoende Sproch; „Die Ausnahme bestätigt die Regel.“

Dobäi kënnt dann och nach gären d’Angscht, datt dat „eegent Land“ vun anere Vëlker géing ënnerwandert an iwwerholl ginn. Dofir ginn da Begrëffer benotzt wéi „Islamiséierung“ oder „Asylanteflut“ – déi suggeréieren, datt déi europäesch Bevëlkerung géing „ausgetosch“ gi géint eng aner; meeschtens eng mat méi donkeler Haut- an Hoerfaarf, déi hinnen als kulturell „réckstänneg“ an dofir net mat „eise Wäerter“ vereenbar gëllt.

De „besuergte Bierger“ ass irrational a senger Angscht virum Friemen.

Dobäi ginn dann och ganz gäre carrément Faiten ignoréiert; sou z.B. de Fait datt an Däitschland, Schätzungen no, knapp 5% vun der Bevëlkerung sech zum Islam bekennen. 5% sollen also eng ganz Natioun an eng bestëmmte Relioun dreiwen? Zu Lëtzebuerg fält den Undeel, Schätzungen no, souguer nach méi geréng aus: Mat 8000-12000 Muslimen wieren et 1,6-2,4% vun der Bevëlkerung. An dat bei engem Auslännerundeel vun iwwer 44%. A wat déi angeblech „Well“ u Flüchtlingen ugeet, sou maache se zu Lëtzebuerg 0,16% vun der Bevëlkerung aus. Zum Verglach: Am Libanon sinn et 23%.

Nach dobäi kënnt, datt duerch dat Schüre vun Ängscht géint „réckstänneg Kulturen“ och suggeréiert gëtt, datt Attituden, déi méiglecherweis an anere Gesellschaften dominéieren an inkompatibel mat Demokratie oder Rechtsstat wieren, quasi an déi betraffe Leit gebrannt wieren – wéi wann d’Gesellschaft net existéiere géing an d’Sozialisatioun hei guer keen Effekt op se hätt. Mä d’Gesellschaft existéiert an übt en Afloss op all d’Leit aus, déi hei wunnen; also musse mir eis och froe, wat fir reaktionär Astellungen an eiser Societéit nach existéieren a wat fir en Afloss déi souwuel op d’Staatsbierger, wéi och op déi dohin immigréierend Leit hunn.

Mä wat huet dat elo mat der ADR ze dinn?

A genee hei kënnt d’ADR an d’Spill: Hir Vertrieder maachen aus Vertrieder vun esou rassistesche Weltbiller ginn zu couragéierte Bierger héichstiliséiert – Fakten dobäi konsequent ignoréiert. Dat kléngt dann um Joe Thein senger (ëffentlech zougänglecher) Facebook-Säit ongeféier esou (a gewinnt holperegem a falsch geschriwwenem Lëtzebuergesch vum selwerernannte Sproochenthusiast):

Ronn 15.000 däitsch Bierger hunn de Courage fonnt, fir mat legitime Fuërderungen un d’Politik op d’Strooß ze goen, a géint d’Islamiséierung vun Däitschland ze manifestéieren. Elo gi si mat alle politesche Mëttele bekämpft. Elo gi si als “rassistesch Wutbürger“ diffaméiert. A muer ass d’Meenungsfräiheet an Däitschland warscheinlech verbuëden?

Fir hien ass et also „Diffamatioun“, Rassiste beim Numm ze nennen, nodeems ee ganz kloer gewisen huet, datt et eng rassistesch Beweegung ass. An dës Kritik verleet dann och de Joe Thein direkt dozou, hysteresch ze ginn – Kritik u „PEGIDA“ heescht direkt, datt een d'“Meenungsfräiheet“ ofschafe wëll.

Wann d’Politik mengt, 15.000 Leit als Rassisten mussen ze vernennen, dann ass dat wierklech ganz frëndlech a fäin, géintiwwer dem eegene Vollék. Schwaarz Schoof ginn et ëmmer, mä d’Majoritéit vun dëse Leit trëppelt do mat, well se nach en Häerz fir hiert Land hunn, a well se sech zu engem demokratesche Positiounspabéier bekennen, dee sou munch Politiker bestëmmt net gelies huet, wa munch Politiker da sou domm schwätzt.

Hei gesi mer de Phänomen, deen ech ugangs scho beschriwwen hat: Just well eng Grupp grouss ass, ka se (a sengen Aen) net rassistesch sinn. Rassiste kënnen anscheinend just a klenge Gruppe vu maximal 6 Leit optrieden. Wann et méi sinn, da verwandele sech magesch a „besuergte Bierger“ an alles, wat se verzape gëtt absolut legitim an onkritiséierbar. Schliisslech hu se jo nach en „Häerz fir hiert Land“, am Géigesaz zu all deenen aneren häerzlosen Onmënschen. Hie setzt also och nach schéin op déi emotional Schinn: Wien dogéint ass, deen huet einfach keen Häerz. A mir hunn dach all en Häerz fir eis Heemecht, oder net?

Mä wou e schonn de berüchtegte „PEGIDA“-Positiounspabeier uschwätzt, da kucke mer eis deen dach emol un. Tatsächlech betoune se do gefillte 97 Mol, datt se jo fir d’Ophuele vu Krichsflüchtlingen a Verfollegte sinn. An da kënnt de berühmte „Mä“: Mä si hu sech gefällegst ënnerzeuerdne, mä si solle gefällegst Awunner zweeter Klass bleiwe, mä mir sollte se generell méi vun der Police iwwerwaache loosse, mä si hunn – am Géigesaz zum „PEGIDA“-(An)Führer, deen och eng schéi kriminell Vergaangenheet huet – kee Recht op eng zweet Chance, wa se stroffälleg gi si, mä mir sollten eng Awanderungspolitik bedreiwen, déi v.a. räiche Leit eppes bréngt (wéi an hirem grousse Virbild Kanada, wat se stänneg ëm sech werfen), mä si sinn dogéint, de Kurden am Kampf géint den IS ze hëllefen, etc. Et ass also eng Usammlung u verdammt villen hallefhäerzege Bekenntnisser, déi dann awer nees verworf ginn.

Nee, léiwe Joe, dee Pabeier „beweist“ net, datt et keng Rassiste wieren. E weist éischter, datt et Rassiste sinn, déi sech just net sou nennen. Mol ganz dovun ofgesinn, datt et relativ laang Videoe gëtt, wou „PEGIDA“-Demonstrante souguer ganz oppen hiert rassistescht Weltbild exposéieren – an dat ganz ouni „Fälschungen“ duerch eng angeblech medial Verschwörung.

Awer och dem Joe Thein säi politeschen Zéipapp, de Fernand Kartheiser, schéngt ganz verléift an d'“PEGIDA“ ze sinn. Zwar kommentéiert hien et net sou oppe wéi säi politeschen Zéibouf, mä schonn alleng de Fait, datt hie grad „blu-News“ verlinkt, eng rietskonservativ Plattform, déi Feelinformatioun an einfacht Schwaarz-Wäiss-Denken als „onofhängeg Noriichte“ verkeeft, an duerch an duerch favorabel vis à vis vu „PEGIDA“ an der Alternative für Deutschland (AfD) agestallt ass, schwätzt fir sech.

D’ADR huet eng Affinitéit zum Rassismus.

Datt direkt zwee Representante vun der ADR – vun deenen ee souguer an der Chamber sëtzt – also ganz oppen hire Support fir eng rassistesch Beweegung weisen, dat sollt wierklech Beweis genuch dofir sinn, datt dës Partei, trotz alle Lëpsebekenntnisser (op déi d’ailleurs ni Dote follegen), definitiv kee Problem mat rassisteschen Ideologien huet. Wien Angscht schürt géint Leit wéint hirer Hierkonft, wie se zu Bierger zweeter Klass degradéiert (bzw. dee Status oprechterhale wëll), se ënner Generalverdacht stellt, deen huet jiddefalls all Usproch dorop verluer, vu mir net als Rassist „diffaméiert“ ze ginn.

Flattr this!

Veröffentlicht unter Europäesch Unioun, Immigratioun, Lëtzebuerg | 1 Kommentar

Et muss méi zerstéiert ginn!

Eng Replique op dem Fernand Kartheiser seng Fuerderung no enger „konservativer (Géige-)Revolutioun“.

De Fernand Kartheiser, Deputéierte vun der ADR, ass jo schonn ëfters mat äerzreaktionäre Positiounen opgefall, déi souguer munche vu senge Parteikollegen dierfte Kappzerbrieches bereeden. Virun allem nodeems hien déi sozial Medien an Netzwierker entdeckt huet, notzt en all Geleeënheet dozou, seng Usiichten zu Gesellschaft a Politik duerzeleeën. Meeschtens op eng besonnesch polemesch Aart a Weis, an där e sech selwer a seng privilegéiert Matstreider zu Affer vun enger ominéiser „gréng-lénker Agenda“ stiliséiert, déi him seng Fräiheeten huele wéilt.

D’Fräiheet vun anere Leit, déi net chrëschtlech heterosexuell Männer mat lëtzebuerger Staatsbiergerschaft sinn, hëlt hien dogéint awer net sou serieux a wiedert monter géint fortschrëttlech Errungenschaften, déi am leschten hallwe Joerhonnert erkämpft goufen. Elo positionéiert hie sech zwar scho länger an déi Richtung – an dat ass och sécher kee Geheimnis – mä elo huet e sech kierzlech mat enger Fuerderung no enger „konservativer Revolutioun“ nach eemol kloer zu dëser Haltung bekannt a seng Positiounen op Facebook resuméiert. D’Conclusioun vu senger Schimpftirad fir dat wat hie „jiddesch-chrëschtlech Wäertvirstellungen“ nennt ass kloer gehalen:

„Alles dat wat Mee 68 zerstéiert huet, muss nees (sic) mat Kraaft an Energie opgebaut ginn!“

Domat ergëtt sech hei eng Geleeënheet, op d’Weltbild vum Fernand Kartheiser anzegoen – an domat och dat vu wäiten Deeler vun der ADR, déi hien ëmmerhin zu engem vun de Spëtzekandidate fir d’Chamber gemaach huet.

Konservativ Revolutioun?

De Kartheiser benotzt a sengem klengen Text de Begrëff vun der „konservativer Revolutioun“ – deen net onëmstridden ass. Och säi politeschen Zéibouf, de Joe Thein, benotzt gären dëse Begrëff. Eigentlech en Oxymoron, well e konservatiivt Selbstverständnis per se éischter konterrevolutionär ausgeriicht ass, beschreift ee mat „konservativer Revolutioun“ normalerweis eng Rei vu reaktionären Ideologien, déi net just erhale wëlle, wat besteet (mat e puer virsiichtege Reformen), wéi Konservativer dat normalerweis ustriewen, mä zu enger mystescher „gudder aler Zäit“ zeréck wëllen – oft zeréck bis hannert déi Franséisch Revolutioun. Dofir sinn dës Ideologien dann och anti-demokratesch, anti-egalitär, völkesch an den Ausdrock vun engem Wonsch no engem staarken, autoritäre Staat.

Wann een dem Kartheiser seng Aussoe liest, gëtt een den Androck effektiv net lass, datt hien an eng Aart „gëllent Zäitalter“ zeréck wéilt; méi genee an d’50er Joeren. Net fir näischt betount hien de „schiedleche Rôle“ vum sougenannten 68er-Mouvement, deen awer ab 1968, trotz aller Kritik un den doraus entstoende Mao-Apologeten, gesellschaftlech vill Entwécklungen ugestouss huet – dorënner och, datt onbestuet Koppelen endlech eng gewëssen Unerkennung kruten, Homosexualitéit a ville Länner endlech entkriminaliséiert gouf a Frae selwer iwwer hiert Liewen an hire Kierper bestëmmen duerften (z.B. d’Legaliséierung oder zumindest d’Lockerung vum Verbuet vum Avortement a villen europäesche Länner, datt Fraen duerfte schaffe goen ouni d’Erlaabnis vum Partner a villes méi). Awer och de Bildungssystem gouf lues a lues entstëpst, Aarbechterkanner konnten endlech studéiere goen dank ausgebaute Studiebäihëllefen a Studente kruten endlech Representatiounsorganer zougestanen. All dat héiert sech haut net no vill un a gëtt haut oft als Selbstverständlechkeet geholl – mä am kartheisersche „gëllenen Zäitalter“ vun de 50er a fréie 60er wor et dat guer net.

Mat positiv kléngenden Affirmatiounen an en donkelt Zäitalter.

Natierlech niéiert hien, de Leit hir erkämpfte Rechter ewech huelen ze wëllen – a verléiert dofir och kee Wuert doriwwer, wisou en den 68er-Mouvement sou pauschal als dat absolut Béist op der Welt duerstellt, dat fir alles verantwortlech ass, wat schlecht ass op der Welt. De facto implizéiert seng absolut an ondifferenzéiert Negatioun vun den 68er, datt en domat och déi positiv gesellschaftlech Entwécklung hin zu méi Fräiheet an Emanzipatioun ofleent.

Fir awer z’ënnermaueren, datt seng „konservativ Revolutioun“ méi sollt si wéi eng abstrakt Negatioun vun den 68er, affirméiert en – op eng relativ abstrakt Aart a Weis – seng „Kulturrevolutioun“:

„Fir en ziviliséiert a fräit Europa!  Fir eng Welt wou Natioun a Patriotismus positiv Wierder sinn a keng pejorativ! Fir eng Gesellschaft wou Leeschtung, Disziplin an haart Aarbecht héig (sic) gehale ginn! Fir eng Welt wou de Glaawen (sic) net als geeschteg Krankheet diffaméiert gëtt! Fir en Europa dat sech zu senge jüdesch-chrëschtleche (sic) Wuerzele bekennt! Fir eng Welt wou d’Famill hir Plaatz kritt a wou och d’Hausfraen an d’Mammen nees (sic) gelueft a geéiert ginn! Fir eng Welt an där d’Männer net méi global kriminaliséiert ginn! Fir eng Schoul déi do ass fir ze léieren fir dat d’Kanner Dag fir Dag méi wëssen! Fir e Staat den sech em seng eegen Aufgabe këmmert an sech aus dem private Liewen vun de Leit eraus hällt (sic)! Fir eng Welt an där d’Liewe respektéiert a geschützt gëtt. Fir eng Welt an där et eng héig ‚Eier (sic) ass séngem (sic) Land ze déngen, besonnech (sic) och an Uniform! Fir eng Politik déi net fäert géint Kriminalitéit an ähnlech Phänomener virzegoen.“

Fir gutt Wieder, och am Wanter! Wie kéint sech da scho wierklech géint esou Platituden ausschwätzen? Ganz vill Respekt, Éier, Virsuerg, Bildung, Schutz, Famill – alles positiv Wierder, wéi kéint da schonn allen eeschtes dogéint eppes soen? Wëlle mer dat net all?

Wichteg ass dobäi awer éischter, wat dohannert stécht. Wat en deklaréierten Anti-68er, e „konservative Revolutionär“, e „politesch inkorrekte“ Rebell dorënner versteet ka sech staark vun onsem Verständnis vun deene Begrëffer ënnerscheeden. Fir awer ze verstoe, wat domat gemengt ass, sollt ee vläit e puer vun deenen zitéierte Platitudë mol iwwersetzen, datt et och fir Leit mat engem demokratesche Selbstverständnis ze verstoen ass:

„Fir eng Welt wou de Glaawen (sic) net als geeschteg Krankheet diffaméiert gëtt! Fir en Europa dat sech zu senge jüdesch-chrëschtleche (sic) Wuerzele bekennt!“ Mat sougenannte jiddesch-chrëschtleche Wuerzelen ass näischt anescht gemengt, wéi datt dës reliéis Bekenntisser – also dat jiddescht an dat chrëschtlecht – an Europa dominant bleiwe mussen; aner Reliounen oder souguer d’Absence vu Relioun mussen a sengen Aen dem Chrëschtentum ënnergeuerdent ginn. Atheistesch Majoritéiten wieren a sengem Weltbild wuel déi absolut Horrorvirstellung. All Kritik un den herrschenden europäesche Reliounen ass a senger Idealvirstellung vun enger Gesellschaft onerwënscht a muss mindestens zu sozialer Ausgrenzung féieren. Iwwerspëtzt bezeechent hie Reliounskritik – besonnesch wa se sech géint d’Chrëschtentum riicht – dofir als Diffamatioun vum Glawen als geeschteg Krankheet an drängt déi dominant europäesch Relioun an eng Afferroll an där se sech net befënnt.

„Fir e Staat den sech em seng eegen Aufgabe këmmert an sech aus dem private Liewen vun de Leit eraus hällt (sic)!“ Fir e gudde Rietskonservative muss sech de Staat natierlech aus dem private Liewe vun de Leit eraushalen. Ausser natierlech déi betraffe Persoune liewen an enger gläichgeschlechtlecher Partnerschaft – dann ass et dem Staat seng Flicht, sech anzemëschen an hinnen op kee Fall déi nämmlecht Rechter ze gi wéi all den anere Leit. Schliisslech si gläich Rechter jo „Gläichmaacherei“ an inkompatibel mat sengem anti-egalitäre Gesellschaftsverständnis. Fräiheet stéisst do dann awer séier un hir konservativ Grenzen.

„Fir eng Welt an där d’Liewe respektéiert a geschützt gëtt.“ Kléngt dat net schéin? An der Realitéit bedeit dat awer den absolute Verbuet vun all Avortement – souguer am Fall vu Vergewaltegung. Dëst hänkt mat engem konservativ-kathoulesche Verständnis vu „Liewen“ zesummen – do fänkt nämlech den Embryo un, e vollwäertege Mënsch ze si soubal d’Spermium d’Eezell befrucht huet. Souguer wann am fréie Stadium nach net emol en Nervesystem existéiert a scho guer kee Schmäerzempfannen oder souguer e Bewosstsinn – och hei muss de Staat, dee sech jo zeréckhale soll aus dem private Liewe vu Leit, sech anscheinend amëschen. Gläichzäiteg awer postuléiert en: „Fir eng Welt an där et eng héig ‚Eier (sic) ass séngem (sic) Land ze déngen, besonnech (sic) och an Uniform!“ Ongewéinlech ass d’Iwwerbetoune vum Militäreschen duerch Konservativer sécher net – trotzdem fält op, datt et aus senger Siicht eng „Éier“ soll si, sengem Land ze „déngen“ an a sengem Numm Leit ëmbréngen ze mussen a gläichzäiteg awer d’Liewe vun engem ongebuerenen Embryo méi wichteg ass wéi dat vun engem potenzielle Krichsaffer.

Dat „Zerstéiert“ rëm „opbauen“?

Ech widderhuelen nach eemol seng Conclusioun:

„Alles dat wat Mee 68 zerstéiert huet, muss nees mat Kraaft an Energie opgebaut ginn!“

No all deem, wat ech elo duergeluecht hu, misst kloer sinn, datt dëse konservativen „Opbau“ net wënschenswäert ass fir eng demokratesch Gesellschaft. Wann et no dësen“traditionelle Wäerter“ geet, muss vläit souguer nach méi zerstéiert ginn. Déi „gutt al Zäite“ waren eben dach net sou gutt wéi hien eis wëll gleewe maachen.

Oder fir et mat Ton Steine Scherben ze soen: „Macht kaputt, was euch kaputt macht!“

Flattr this!

Veröffentlicht unter Educatioun, Genderpolitik, Gesellschaft, Kultur, Lëtzebuerg | Hinterlasse einen Kommentar

Kulturkampf am Atlantik

Wéi Sea Shepherd mat Stereotypen, Emotionaliséierung a Feelinformatioun géint d’Färinger virgeet.

Nodeems an deene leschte Joere schonn ëfters besonnesch schockéierend Meldungen an de sozialen Netwierker zum sougenannte Grindadráp, der traditioneller Waljuegt op de Färöer Inselen, kurséiert hu, si lo e puer lëtzebuerger Volontairen zu den Inselen opgebrach fir des Juegt ze stéieren, bzw. ze verhënneren. Bei de genannte Meldunge goufen deemools normalerweis relativ schockéierend Biller gewise vu rout gefierftem Mier an hallef décapitéierten doudeger Waler. Dobäi stoung da meeschtens en Text, an deem behaapt gouf, dës Waljuegt wier e Ritual fir d’Färinger, hir „Männlechkeet“ ze weisen. D’Leit wore schockéiert doriwwer, datt sou eppes Grausames quasi „virun der Hausdier“ geschéie kéint an hunn dat natierlech fläisseg gedeelt, ouni sech jeemools onofhängeg iwwert d’Hannergrënn z’informéieren.

Et war nämlech sou natierlech ni wouer. D’Waljuegt huet wuel stattfonnt – a fënnt ëmmer nach statt – mä se war ni e „Männlechkeetsritual“. Trotzdem schéngt dës Ligen en Impakt op d’Leit gehat ze hunn. Ëmmerhi benotze souwuel Sea Shepherd wéi och d’Facebook-Walaktivisten ëmmer nach déi nämmlecht Zort vu Rhetorik – och wann de Begrëff vum Männlechkeetsritual kaum nach explizit fält. Ëfters gedeelt gouf awer z.B. d’Foto vun engem doudege Wal, op deem e klengt Meedche stoung, fir ze weise, wéi „verduerwen“ déi ganz färöesch Gesellschaft an deem Punkt dach wier.

D’Realitéit ass méi komplex wéi d’Jünger vu Sea Shepherd mengen.

Tatsächlech ass d’Situatioun wäitaus méi komplex wéi mir dat hei oft mengen. Mir gesi just datt bluddegt Mier, denken un „déi aarm Waler“ an, ouni d’Färöer an hire geographesche, kulturellen, economesche Kontext ze kennen, ass d’Urteel gefällt: Et ass falsch. An et ass net just falsch, et ass barbaresch. Sou barbaresch, datt d’Aktiviste vu Sea Shepherd Dänemark an d’Europäesch Unioun dozou opruffen, eppes z’ënnerhuelen. D’Zivilisatioun muss dann ebe „vu baussen“ a géint de Wëlle vun de Färinger op déi isoléiert Insele bruecht ginn.

Fakt ass nämlech: D’Färöer Insele sinn net Member an der EU a gehéieren zwar zum Kinnekräich Dänemark – awer just nach d’Beräicher Sécherheet an Aussepolitik falen an däneschen Zoustännegkeetsberäich. Trotzdem soll Dänemark intervenéieren – an dat mat EU-Virschrëften déi an deem Gebitt net gëllen. Déi selwerernannte Walschützer schénge sech hei déi „gutt al Zäiten“ erbäizewënsche, wou Dänemark nach déi absolut Kontroll iwwert d’Färöer hat – ech ënnerstellen hei mol zumindest den offizielle Vertrieder vu Sea Shepherd, datt se wuel eng Ahnung hu vun der politescher Situatioun vun de Färöer a wëssen, datt et net einfach just en Deel vun Dänemark ass, dee vu Kopenhagen aus verwalt gëtt. Wann Dänemark nämlech agräife géing, géing genee dat geschéien – an de Färöer géingen aktiv hir haart erkämpfte Souveränitéitsrechter oferkannt ginn.

Bedreet de färöesche Walfang dann net de Grindwalbestand?

Och dat gäre geäussert Argument, datt de Grindwal (op Englesch long finned pilot whale) vum Ausstierwe bedreet wier an d’Färinger mat dozou bäidroe géingen, schéngt net allze valid ze sinn. D’NAMMCO – déi eigentlech Autoritéit wat d’Grindwaler am Nordatlantik ugeet – kënnt awer zu enger ganz anerer Conclusioun:

„Pilot whales are likely one of the most abundant odontocetes in the North Atlantic. The harvesting of pilot whales that continues today in the Faroe Islands has proven sustainable over a period of more than 300 years, and in 1997, NAMMCO concluded that the drive hunt was sustainable (NAMMCO 1998c).“

(Iwwersat: „Grindwaler gehéiere wahrscheinlech mat zu den zueleräichsten Zännwaler am Nordatlantik. De Fang vu Grindwaler, deen op de Färöer Insele weider vollzu gëtt, huet sech iwwert eng Period vun iwwer 300 Joer als nohalteg erwisen an 1997 ass NAMMCO zu där Conclusioun komm, datt d’Dréckjuegt nohalteg wier.“)

Et schéngt also den Ament keng Indizien dofir ze ginn, datt de Grindwal aktuell vum Ausstierwe bedreet wier – a scho guer net am Nordostatlantik.

De Walfang ass fir d’Färinger net just „eng barbaresch mëttelalterlech Traditioun“.

An der Sea-Shepherd-Petitioun heescht et ënner anerem:

„Au moyen-âge, le Grind servait à nourrir la population féringienne. Mais au 21ième siècle, les Féroïens ont un niveau de vie supérieur à la moyenne des pays européens et ne consomment la viande de baleine que lors de certaines festivités. Il demeure donc un seul aspect de la pratique : le massacre barbarique, insensé et inutile de mammifères doués d’une intelligence et d’une sensibilité rares.“

An engem Bäitrag op RTL si se souguer sou wäit gaangen, ze behaapten, d’Walfleesch géing guer net giess gi, mä déi meescht Walkadaver géife rëm zeréck an d’Mier geheit ginn. Datt dës Behaaptung onwiddersprach iwwerholl gouf, mag wuel och doru leien, datt se eng gewësse „Skandalträchtegkeet“ huet an de Schockeffekt d’Zuschauer lackele kéint – oder awer et resultéiert aus rechercherescher Bequemlechkeet; ëmmerhi goung et just ëm e Bäitrag vu knapp 3 Minutten.

Dës Bequemlechkeet féiert awer leider och dozou, datt Fakte verschleiert ginn; sou ass d’Walfleesch op de Färöer – entgéint Behaaptunge vu Sea Shepherd – ëmmer nach e grousse Bestanddeel vun hirer Nahrung. Dëst ass net verwonnerlech, wann een d’Lag vun den Insele bedenkt; an erschwéierend kënnt nach dobäi, datt net méi wéi 2% vun der Fläch vun den Insele fir d’Agrarwirtschaft notzbar sinn. D’Walfleesch, dat net kommerziell gefaange gëtt, mä un d’Gemengen an d’Haushälter vun de Färöer Insele verdeelt gëtt, gëtt dofir och weider verschafft, sou datt et dann iwwert d’Joer giess ka ginn. Insgesamt mécht Walfleesch en Taux vu gutt 30% vum op de Färöer produzéierte Fleesch aus. Et kann also och net behaapt ginn, et hätt keng Relevanz méi an den Iessgewunnechte vun de Färinger.

Importéiert Liewensmëttel – eng Alternativ?

Elo wäerte sech verschidde Leit natierlech d’Fro stellen, ob se dann net einfach hir Liewensmëttel importéiere kéinte, wéi se et jo lo scho mat ville Produite maachen. Tatsächlech awer sinn importéiert Produiten op isoléierten Insele wéi de Färöer (dëst gëllt och fir aner westnordesch Länner wéi Island a Grönland) immens deier. A wann dann zousätzlech op eemol och nach e Groussdeel vum Liewensmëttelkonsum muss iwwer net regional produzéiert Wuere gedeckt gi, sou bedeit dat engersäits en herbe Verloscht u Liewensqualitéit fir d’Färinger, well d’Liewensmëttelpräisser an d’Luucht schéisse géinge, mä anerersäits och datt all Usproch op Nohaltegkeet verluer geet. Wéi nämlech soll eng nohalteg Liewensmëttelproduktioun a -consommatioun garantéiert gi, wa se net duerfe regional sinn? Et ass wuel kaum realistesch, op de Färöer Insele Sojaplanzen o.ä. ubauen ze wëlle fir datt se all Vegetarier oder Veganer kënne ginn ouni alles importéieren ze mussen.

De färöesche Walfang ass wahrscheinlech souguer nach e gudde Krack méi nohalteg wéi eis mëtteleuropäesch Fleeschconsommatioun, wou Déieren hiert ganzt Liewen a Massebetriber gehale ginn, ni d’Sonn ze gesi kréien, ni frëscht Gras ze schmaache kréien an dobäi nach an hiren eegenen Exkrementer stoe mussen. D’Waler hu bis zum Fang op mannst e Liewen a Fräiheet – am Géigesaz zu deene meeschte Kéi, Schwäin an Hénger an „eise“ Géigenden.

Kolonialistesch Stereotypen an der Diskussioun ëm de Walfang.

Inuit „duerfen“ an den Ae vu ville Leit Waler fänke fir déi eege Consommatioun, well se soss hir Liewensmëttel komplett aus dem Ausland bezéie missten – wisou duerfen d’Färinger et also net? Aus mengem Point de Vue huet dat mat de kolonialistesche Klischeeën ze dinn, déi mer sou virun Aen hu wa mer un Inuit denken. Mir denken do un „edle Wilde„, déi mat der „moderner“ Welt näischt um Hutt hunn. An eisen Ae wunne se nach an Igluen, hu kee Stroum, kee fléissend Waasser – wat natierlech guer a glat net der Realitéit entsprécht. Mä wéint eisem romantiséierten (an zugläich déif rassistesche) Bild vu kanadeschen a grönlänneschen Urawunner „duerfe“ si dat an eisen Aen, während déi béis Färinger – sou Sea Shepherd an der Petitioun – jo anscheinend „un niveau de vie supérieur à la moyenne des pays européens“ hunn. Da kënne jo just nach béisaarteg Intentiounen hannert deem Walfang stiechen – mam geographeschen an economesche Kontext muss ee sech da guer net méi befaassen.

Dës onerträglech Ausso vu Sea Shepherd an hirer Petitioun dierft also heimat genügend widderluecht sinn:

„Pour les Féroïens, le Grind n’est donc plus qu’un „amusement traditionnel“, qui donne droit au congé et à la fermeture des écoles.“

Mä dës Petitioun weist alt erëm mol, wisou net all Onsënn direkt muss ënnerschriwwe gi, just well en op den éischte Bléck skandaléis kléngt. Se ermahnt eis, virsiichteg ze si bei der Beuerteelung vu politesche Sachverhalter wou mer net gutt informéiert sinn a v.a. och, wa mer eng Diskussioun zu deem Thema féiere wëllen, se éischtens u Fakten auszeriichten an zweetens dobäi och op Aenhéicht mat de Betraffenen ze bleiwen anstatt eis opzeféiere wéi wa mer d’Kolonialherre wieren an déi aner just „Barbaren“ – oder wéi verschidde Persounen an de sozialen Netzwierker sote; „ce peuple maudit“ – déi vun Dänemark an der EU zeréck an d’Zivilisatioun misste kolonialiséiert ginn.

 

Flattr this!

Veröffentlicht unter Faktencheck, International, Skandinavien | 6 Kommentare

Et waren ëmmer déi aner

Wat fir Léieren zitt d’LSAP aus der Europawahl?

De 25. Mee gouf en neit Europaparlament gewielt. Verluer hunn dobäi allen dräi aktuell Regierungsparteien – mä keng Partei huet sou grouss Verloschter ze verzeechne gehat wéi d’LSAP. Vun 19,48% (2009) ass se op 11,75% gefall a konnt domat just nach e Reschtsëtz ergatteren. Gewënner par rapport zu 2009 konnten an éischter Linn d’CSV an déi Lénk verbuchen – d’ADR huet mat zousätzlechen 0,15% just marginal Stëmme bäikritt.

Domat geet de Verloscht vun de lëtzebuerger Sozialisten also an éischter Linn zugonschte vun de Chrëschtsozialen an der Lénker – während z.B. a Frankräich virun allem de rietsradikale Front National vun der Schwächt vum Parti Socialiste profitéiert huet.1 D’Situatioun ass also zu Lëtzebuerg entspriechend (nach?) net sou katastrophal wéi an aneren EU-Memberstaten.

Elo stellt sech natierlech trotzdem d’Fro: Wisou huet d’LSAP dës Europawahl sou vill verluer – a wéi reagéiert d’Partei dorop? Ëmmerhin ass dat hei dat schlechtest Resultat, dat d’LSAP je bei enger Europawahl erziilt huet – an entspriechend missten déi intern Reaktioune sinn.

D’LSAP mécht eng éischt Wahlanalyse.

An de sozialen Netzwierker jiddefalls woren déi éischt Reaktiounen nach de Wahlowend selwer ze gesinn; a verschidden LSAP-Vertrieder koumen zur Asiicht, et misst ee sech elo „nei erfannen“. Mä wat domat gemengt ass, gëtt net wierklech kloer; d‘Ënnerstëtzung vun der Austeritéitspolitik zu Lëtzebuerg an an der EU duerch d’LSAP an hir europäesch Brudderparteie jiddefalls gëtt als „Iwwerhuele vu Responsabilitéit“ bezeechent. Asiicht zumindest gesäit anescht aus.

Fairerweis muss een awer soen, datt dat just déi éischt an de sozialen Netzwierker visibel Reaktioune waren, kuerz nom Bekanntgi vum katastrophale Wahlresultat – an am éischte Schockmoment ass et och schwéier, d’Situatioun z’analyséieren a Selbstkritik ze üben. Mëttlerweil awer gëtt et déi éischt offiziell Stellungnahme vun den LSAP-Gréissten zum Ofschneide vun hirer Partei. De Claude Haagen wëll an engem Interview mat RTL zwar de Feeler net ze vill „no Excusë“ sicht – nëmme fir dann op d’Besonnerheete vun der Wahl hinzeweisen; de Facteur Juncker hätt eng grouss Roll gespillt an eng Aart „Revanche“ vun der CSV, bzw. Wieler déi d’CSV gär an der Regierung gehat hätten, géint d’LSAP, well dës net méi mat der CSV an der Koalitioun ass. Hie sicht also hei genee no deenen Excusen, déi en am Fong net maache wollt.

Op Tagblatt.lu seet de Claude Haagen zwar, Inhalter hätten och eng Roll gespillt, mä de Wahlprogramm gesäit en dowéinst nach laang net a Fro gestallt. Si hätte sech jo ëmmerhi fir e „soziaalt Europa“ ausgeschwat an dat ni verstoppt. Stattdesse verweist en an éischter Linn op Kommunikatiounsproblemer. A schliisslech gëtt hien och hei zitéiert:

„Hier wurde keine Regierungspolitik abgestraft. Dafür war die Frist zu kurz. Vielleicht hat es bei einigen ein bisschen Revanchismus gegeben, weil die CSV nicht in der Verantwortung steht. Aber dass die Regierung hier abgestraft wurde, können wir in unserer Analyse nicht bestätigen.“

Natierlech wier et lo och ze kuerz gegraff, ze soen, hei géing „just“ déi nei Regierung ofgestrooft ginn. Allerdéngs ass et och intellektuell Faulheet, därmoossen de Facteur Juncker an de Revanchismus vun der CSV fir d’Versoe vun der LSAP verantwortlech ze maachen.

De Facteur Juncker ass net z‘ënnerschätzen – mä de Facteur Schulz och net.

Och d’Nominatioun vum Martin Schulz als Spëtzekandidat vun der Fraktioun vun de Sozialisten an Demokraten (S&D), zu där d’LSAP och gehéiert, war e Facteur. Tatsächlech huet hie sech vill ze gutt mam Juncker verstanen. An hiren Debatten ass et, sou hat een den Androck, éischter drëms gaange, wien deem anere méi Recht gëtt. Alle béid wollte se e soziaalt Europa, sozial Mindestnormen, oppe Grenzen, en Enn vun der Austeritéitspolitik asw. Do hätt de Schulz et awer einfach gehat, dem Juncker seng Ligen – well näischt anescht wore seng populistesch Aussoen – z’exposéieren an dorop hinzeweisen, datt de Jean-Claude Juncker Spëtzekandidat ass fir eng Partei, déi keng vun den a senge Riede geäusserte Propose jeemools ëmsetze wéilt. Dat huet en awer net gemaach. Stattdessen huet all „Diskussioun“ tëscht deenen zwee Kandidate gewierkt wéi e Kaffiskränzchen ënner Kollegen. Bis op déi regelméisseg offälleg Äusserunge vum Juncker vläit, déi awer mat politeschen Inhalter manner ze dinn hate wéi mat schierer Arroganz.

Awer net just dat. D’LSAP ass eng Partei mat enger Wielerschaft, déi nach gewëssen inhaltlech Erwaardungen un d’Partei huet. Dat gëtt hir zum Verhängnis. D’Sozialiste kënne sou vill vum „sozialen Europa“ schwätzen a sou vill géint d’Politik vun Austeritéit a Sozialofbau wiedere wéi se wëllen – gleewen dinn hinnen dat ëmmer manner Leit. Net just wéint hirer nationaler Politik (och wann een deen Afloss net komplett ausblenne kann), mä och well se d’Fräihandelsofkommes mat den USA, och TTIP oder TAFTA, ënnerstëtzen. Awer och well d’LSAP d’Austeritéitspolitik vun der sougenannter Troika, deem Gremium aus Vertrieder vun der Kommissioun, dem Internationale Währungsfong an der Europäescher Zentralbank, jorelaang ënnerstëtzt huet – mat Hëllef vun hiren europäesche Brudderparteie, wéi der griichescher PASOK. 

Natierlech erkläert dat nach net den Erfolleg vun der CSV – mä d’Leit si sech, denken ech, scho bewosst, datt d‘Ënnerscheeder tëscht CSV an LSAP, no all deene gemeinsame Joeren, allerhéchstens nach marginal sinn. A wann d‘Ënnerscheeder tëscht Parteie verschwannen, da gewënnt oft an éischter Linn d’Original.2 An dësem Fall d’CSV.

Sech nei z’erfannen heescht méi wéi d’Kommunikatiounsstrategie z’änneren.

Wann d’Leit sech net iwwerzeege loosse vun de „Wäerter“ vun der LSAP, wéi hir Vertrieder dat sou schéi soen, dann heescht dat also net nëmmen, datt d’Kommunikatiounsstrategie vun de Sozialiste schlecht wier – mä et heescht och, datt se hir Prioritéiten nei ajustéiere mussen. Dat heescht och sech d’Fro ze stellen, ob et méi wichteg ass, ëm all Präis an d’Regierung ze kommen a „Responsabilitéit“ z’iwwerhuelen, oder ob eng Plaz an der Oppositioun och akzeptabel wier, wann een da seng Fuerderunge verdeedege kann.

Si musse sech awer och inhaltlech „nei erfannen“. Dat biergt awer och Gefore, wéi sech dat oft genuch gewisen huet. Eng inhaltlech Neierfannung kann nämlech och bedeiten, datt d’LSAP nach méi liberal, oder souguer konservativ, gëtt. Wa se awer hir Wielerschaft hale wëll an net just d’Reschter vun der CSV an der DP opsammelen, da muss d’Erneierung an déi aner Richtung goen an d’LSAP muss de Begrëff „sozialistesch“ rëm serieux huelen. D’Logik vum Spueren, vum Sozialofbau, vun economescher Liberaliséierung a Privatiséierung ass nämlech alles, mä op kee Fall sozialistesch – och dann net, wa se op engem europäeschen Niveau duerchgezu gëtt. Leider gesäit et awer bis elo net sou aus, wéi wann déi Erkenntnis sech bei de Vertrieder vun der LSAP duerchgesat hätt. Ouni dës méi wéi néideg Selbstkritik awer wäert d’LSAP an e puer Joer och um nationale Plang iergendwann Wahlresultater am eestellege Beräich erzilen.

  1. Zousätzlech hat den FN awer och nach eng enorm a virun allem net kritesch begleete Presenz an de franséische Massemedien. []
  2. Ähnlech wor et den dänesche Sozialdemokrate gaange wéi se sech der rietspopulistescher Dänescher Vollekspartei ugepasst hunn an d’Auslännergesetzer vill méi rigid gemaach hunn. Dovun hunn an éischter Linn d’Rietspopulisten engersäits, déi däraarteg Gesetzesproposen iwwerhaapt réischt agefuerdert hunn, an déi Sozialliberal anerersäits, déi de Gesetzesprojet ofgeleent hunn, profitéiert. []

Flattr this!

Veröffentlicht unter Demokratie, Europäesch Unioun, Lëtzebuerg, Sozialpolitik | Hinterlasse einen Kommentar

Protest ass net gläich Protest

Wisou mer eis net reflexaarteg mat all Protest am Ausland solidariséiere sollten.

An der Zäit vum Internet kréie mer vill mat vu Protester – souguer da, wann autoritär Regimer probéieren, de Floss vun den Informatiounen no baussen ze verhënneren. Gläichzäiteg awer gi mer tendenziell nach méi ufälleg fir Propaganda; mir maachen eis an der Zäit vun Tweets, Hashtags a Facebook-Status-Updates net méi d’Méi, grouss z’analyséieren a schlécke kuerz gefaasst an dowéint oft verkierzt Informatiounen ouni grouss doriwwer nozedenken. Virun allem da, wann dat Ganzt och nach mat spektakuläre Biller garnéiert gëtt.

Mä grad d’Biller ginn oft verfälscht. Sou z.B. bei de Protester a Venezuela, fir e prominent Beispill ze huelen. Fir genee ze si, gëtt an éischter Linn an de Räichevéierele protestéiert, déi virun der PSUV-Regierung net mol zougänglech ware fir aarm Leit. Trotzdem hunn eben dës räich Leit un déi sozial Oder appeléiert an et no baussen hin duergestallt, wéi wann et hei ëm e Konflikt tëscht den Aarmen an der Regierung goe géing. Tatsächlech awer sinn d’Aarmevéierele recht roueg, während déi Räich sech op Twitter iwwert déi deier a knapp Mëllech beschwéieren. Gläichzäiteg gi Biller verëffentlecht, déi Poliziste weisen, déi Protester brutal nidderschloen an et gëtt suggeréiert, dës Biller géingen aus Venezuela stamen – a Wierklechkeet awer stamen se gréisstendeels aus Chile a stame vun de Studenteprotester während der Presidentschaft vum Piñera a munchmol souguer vun egyptesche Protester. Dobäi gëtt dann och nach d’Gewalt, déi vun den Demonstranten ausgeet an oft souguer déidlech ass, bewosst verschwiegen, grad ewéi d’Tatsaach, datt vill Polizisten, déi bei de Protester exzessiv Gewalt ugewant hu, sech och viru Geriicht verantworte wäerte mussen – dat ass méi, wéi z.B. bei de meeschte Fäll vu Polizeibrutalitéit an den USA z’erwaarden ass. Dobäi kënnt, datt zu de „Leadere“ vun der venezolanescher rietser Oppositioun – an dat sinn déi, déi den Ament „protestéieren“ – och Gruppen a Persoune gehéieren déi maassgeblech um Militärputsch vun 2002 géint den Hugo Chávez bedeelegt waren.

En ähnlechen, awer trotzdem och anescht gehalene Fall ass d’Ukrain. Hei koum et zu grousse Protester, wéi den zu där Zäit amtéierende President Janukowitsch declaréiert huet, e Vertrag mat der Europäescher Unioun, deen ugestanen hätt, nei aushandelen ze wëllen. De Janukowitsch huet als éischter russlandfrëndlech gegolt a wollt sech och entspriechend Russland unnäheren. Am Fall vum Janukowitsch gouf et e puer Ënnerscheeder zur Situatioun a Venezuela: An der Ukrain sinn d’Protester tatsächlech net just vu Räichen ausgaangen, mä vu wäitaus gréisseren a méi sozial diversen Deeler vun der Bevëlkerung. D’Divisioun war éischter ethnesch; a sou hunn am Verglach wéineg russeschsproocheg Ukrainer deelgeholl. An och déi staatlech Repressioun wor ganz eendäiteg ze veruerdnen an et ass ganz kloer, datt déi zu deem Zäitpunkt amtéierend Regierung do net gezéckt huet, schaarf op Demonstrante schéissen ze loossen.

Dofir gouf et wahrscheinlech och sou vill Sympathie fir déi ukrainesch Demonstranten; si hu sech géint en Despot zur Wier gesat, deen net gezéckt huet, se vu senge Kommandoen erschéissen ze loossen. Mä och hei ass et dann awer net ganz sou einfach; de Janukowitsch war awer ëmmerhin e gewielte President. Dëst rechtfäerdegt natierlech kengesfalls säi Verhalen – trotzdem si Politiker hei normalerweis éischter zeréckhalend domat, de Stuerz vu gewielten autoritäre Presidenten ze fuerderen. Fréi gouf och scho kritiséiert, datt bei de Protester net einfach just faschistesch Kräft matmaache, mä déi rietsradikal Partei Swoboda souguer Deel vum Parteiebündnis ass, wat déi Protester geleet huet a lo d’Regierung stellt. Awer och de Rietse Secteur, eng gewalttäteg paramilitäresch neonazistesch Grupp, huet bei de Protester eng maassgeblech Roll gespillt; an deementspriechend waren d’Protester also och wäit net sou friddlech wéi duergestallt. E staarke Rôle hunn awer och pro-europäesch orientéiert Oligarche wéi d’Julija Timoschenko gespillt.1

Trotzdem huet sech zur Zäit vun de Protester eng informell Koalitioun aus Chrëschtdemokrate, Liberalen a Gréngen drop gestierzt, déi Protester ze legitiméieren an ebe méi ze maache wéi just den Autoritarismus vun der Regierung Janukowitsch ze kritiséieren. Déi faschistesch Elementer goufen dobäi gär ignoréiert oder rofgespillt, d’Oligarchen zu virbildleche Kämpfer fir d’Demokratie stiliséiert. Elo sëtze si an enger net gewielter Regierung, déi eigentlech just eng Iwwergangsregierung sollt si, mä schonn zesumme mam Internationale Währungsfong eng rigid Spuerpolitik duerchsetzt, déi d’Liewe vun den Ukrainer nohalteg präge wäerten.2

Sozial Protester a Bosnie ginn ignoréiert.

Zur gläicher Zäit gëtt och a Bosnien demonstréiert. Dës Protester ënnerscheede sech awer staark vun deenen a Venezuela a vun deenen an der Ukrain. Am Géigesaz zu Venezuela sinn et keng Protester, déi vun der räicher Elite gedroe gi, mä vun Aarbechter, déi es sat hu mat hirer Situatioun. Si fille sech bedru, well d’Industrie a Bosnien-Herzegowina, déi zu där Zäit, wéi et Jugoslawien nach gouf, floréiert huet, brach leit an entspriechend d’Aarbechtslosegkeet héich ass; a sou ass mat d’Haaptfuerderung vun de Protester och, d’Privatiséierungen ze stoppen an och réckgängeg ze maachen. An zugläich si se ethnesch méi divers an net sou blann pro-europäesch wéi déi an der Ukrain; sou engagéiere sech déi Demonstranten net just géint déi desastréis wirtschaftlech Situatioun am Land, mä och, wéi de Slavoj Žižek bemierkt, géint de Versuch vun nationalisteschen Eliten, déi verschiddenen Ethnien géintenaner auszespillen:

It is against this background that one should understand the latest events in Bosnia. In one of the photos from the protests, we see the demonstrators waving three flags side by side: Bosnian, Serb, Croat, expressing the will to ignore ethnic differences. In short, we are dealing with a rebellion against nationalist elites: the people of Bosnia have finally understood who their true enemy is: not other ethnic groups, but their own leaders who pretend to protect them from others. It is as if the old and much-abused Titoist motto of the „brotherhood and unity“ of Yugoslav nations acquired new actuality.

An net nëmmen dat: Déi Protester sinn, am Géigesaz zu deenen an der Ukrain an a Venezuela, effektiv komplett selwer organiséiert. Et gëtt keng grouss Parteien, déi sech als „Leader“ opspillen an d’Demonstranten organiséiere sech a basisdemokratesche Komiteeën, an deenen d’Decisioune getraff ginn, déi sech ënnertene koordinéieren.

Hei gesi mer also grouss Protester, bei deene sech d’Leit opleene géint Korruptioun, Aarmut, Prekaritéit, Privatiséierung – an trotzdem gëtt vun de grousse politesche Parteien net dovu geschwat; et fuerdert kee Sanktioune géint déi bosnesch Regierung, et fuerdert kee vun hir, op d’Fuerderunge vun den Demonstranten anzegoen, e ronnen Dësch anzeberuffen. An dat, obwuel dës Protester den Ament wuel d’Ideal vun demokrateschen Organisatiounsforme besser representéiere wéi wahrscheinlech soss kee grousse Protest op der Welt.

Wouru leit dat?

Et kéint ënner anerem grad doru leien – déi bosnesch Demonstrante sinn eben net sou einfach z’instrumentaliséiere fir eng neoliberal Agenda duerchzeboxen. Ganz am Géigendeel; do weist sech déi aktuell bosnesch Regierung vill méi nëtzlech. Sozial Protester kéinte, wa se am Rescht vun Europa bekannt géinge ginn a vläit souguer Succès opweise kéinten, als Inspiratiounsquell dénge fir Salariéen, Studenten a Pensionnairen, déi och an anere Länner ze leiden hunn ënner rigiden Spuer- a Privatiséierungsmoossnamen.

V.a. awer géing dat heesche, mir missten eis rëm iwwert en Thema ënnerhalen, dat an eiser postmoderner Gesellschaft relativ onangenehm ginn ass a kaum nach ugeschwat gëtt: sozial Ongläichheet a Klassegesellschaft. Et ass ebe fir Leit, déi de liberale politesche Konsens net a Fro stelle, méi einfach, iwwer Biergerrechter schwätzen ze kënne, wa se sozial Ongläichheeten net uschwätze mussen.

An der Realitéit awer si sozial a Biergerrechter net sou einfach ze trennen. Net fir näischt sinn Demokratië méi stabil, wann de Sozialstaat staark ass an déi sozial an economesch Ongläichheet geréng; an net fir näischt ass déi rigid Spuerpolitik meeschtens och begleet vun autoritären Haltungen a Froe vu Biergerrechter. Dofir ass d’Motivatioun, déi hannert de jeweilege Protester stécht, wuel och e relevante Facteur bei der Bewäertung vun dësen; wann een dat net unerkennt, riskéiert een, op eemol op där Säit vun de Barrikaden ze stoe, wou een ni stoe wollt.

  1. Als Oligarche versteet een am Kontext vun de Länner, déi aus der Sowjetunioun ervirgaange sinn, schwéierräich Leit, déi vun de massenhafte Privatiséierunge während dem Zesummebroch profitéiert hunn an dobäi, oft rechtlech fragwürdeg, zu enormem Räichtum komm sinn. Virdrun hate se oft héich Positiounen an der Sowjetunioun beluecht. Entspriechend si vill vun hinnen och politesch immens mächteg. []
  2. Déi aktuell biergerkrichsähnlech Zoustänn an de russeschen Involvement dora si rëm en immens komplext Thema fir sech, dat eigentlech schonn en eegenen Artikel wäert wier. []

Flattr this!

Veröffentlicht unter Demokratie, Gesellschaft, International, Sozialpolitik | Verschlagwortet mit , , , , , , , , | Hinterlasse einen Kommentar

Mogelpackung Juncker

Wéi de Jean-Claude Juncker e Programm vertrëtt deen net existéiert.

Bei de kommenden Europawahlen ass eppes anescht. Fir eis zu Lëtzebuerg virun allem och datt d’Europawahlen endlech getrennt vun de Chamberwahlen ofgehale ginn an also de Wahlkampf dofir iwwerhaapt endlech mol eng Bedeitung kritt an iwwert d’EU diskutéiert gëtt; mä verschidde Fraktioune schécken elo och gemeinsam Spëtzekandidate fir d’Kommissiounspresidentschaft an d’Rennen. Fir d’Sozialdemokraten z.B. trëtt de Martin Schulz u, fir déi Europäesch Lénk den Alexis Tsipras a fir d’Europäesch Vollekspartei de Jean-Claude Juncker.

Elo ass jo well bekannt, datt de Juncker sech um nationale Plang schonn ëmmer gär als „soziale“ Politiker profiléiert huet – jo, en huet sech souguer mol als „leschte Kommunist“ bezeechent. A genee sou stellt e sech och gär am europäesche Wahlkampf duer. E schwätzt sech aus fir en europawäite Mindestloun, sozial Mindeststandarden déi fir all Memberstaat verflichtend sinn a schwätzt sech géint Austeritéitsmoossnamen aus. An alles, wat mer a sengen Aen dofir maache mussen, ass d’Europäesch Vollekspartei (EVP) ze wielen – bzw. hir lëtzebuerger Memberspartei, d’CSV.

Dat suggeréiert eis zumindest den Här Juncker. Ob et awer der Realitéit entsprécht, ass eng ganz aner Fro. Datt de Juncker eng immens staark ausgeprägt populistesch Oder huet, misst am Fong jidderengem kloer sinn, dee sech an deene leschte Joere mat senger Persoun a senger Politik ausernanergesat huet. Mä et soll mer hei net drëms goen, d’Politik vun der CSV-LSAP-Koalitioun z’analyséieren; vill méi ass et elo wichteg, ze kucken, ob déi junckersch Demagogie mat der EVP, bzw. hire grousse Membersparteien, kompatibel ass.

Wat z.B. seng Fuerderung no engem europawäite Mindestloun ugeet, sou dierft dat onméiglech sinn; d’CDU an d’CSU, déi mat zu de gréisste chrëschtdemokratesche Parteie gehéieren dierften, déi am Europaparlament vertruede sinn, si jo scho géint en däitschlandwäite Mindestloun a schreiwen net mol eppes zu europawäite soziale Mindeststandarden. An och déi franséisch UMP verléiert kee Wuert zu engem gemeinsame Mindestloun oder soziale Mindeststandarden.

Dobäi kënnt, datt de Juncker op europäeschem Plang schonn ëmmer Austeritéitsprogrammer ënnerstëtzt huet, déi géint Staate wéi Griichenland oder Spuenie geriicht sinn. Sou huet hien och ni probéiert, dës Programmer ze verhënnere, mä vill méi, mam Vote vu senger Partei, gehollef, se duerchzesetzen. Et war och seng europäesch Partei, d’EVP, déi déi sougenannt Bolkestein-Richtlinn ënnerstëtzt huet, déi et Patronen vereinfache sollt, Loundumping ze bedreiwen a Salariéen, déi aus anere Länner kommen, de Loun vum Hierkonftsland bezuelen ze kënnen, anstatt vun deem Land an deem se schaffen. Se ass schlussendlech zwar ofgeännert gi, mä de Prinzip vum Hierkonftsland gëlt, obwuel en net méi explizit ernimmt gëtt, de facto ëmmer nach. Awer och de Lissabonner Vertrag, deen eng economesch Liberaliséierung virgesäit, kann dofir hierhalen, der EVP hir angeblech duerch de Juncker presentéiert „sozial Oder“ ze demontéieren.

Soss muss ee just mol zwee besonnesch beispillhaft Membere vun der EVP ënnert d’Lupp huelen: dem Viktor Orbán seng Fidesz, déi an Ungarn grad d’Demokratie an d’Rechter vu politesche Géigner an ethnesche Minoritéiten ofbaut an nationalistesch Ressentimenter schüert, vun deene faschistesch Kräft profitéieren – an dem Silvio Berlusconi seng nei Forza Italia; deen nämmlechte Berlusconi, deen Italie mat Hëllef vu faschistesche Koalitiounsparteien zu senger perséinlecher Spillwiss gemaach huet an zugläich alleguer déi gréisser italienesch Massemedie komplett an der Hand hat.

De Juncker weist domat nach eemol, wéi gutt hien a sengem Domaine – der populistescher Selbstduerstellung – ass; si sollen hie wiele wéint Verspriechen, déi net emol vu senger eegener europäescher Partei, der EVP, gemaach goufen. Hien huet awer herno net d’Muecht, Direktiven ze beschléissen – déi huet d’Parlament. A wann do d’EVP eppes ze soen huet, da gëtt et keng EU, déi de Juncker grouss versprach huet a senge Rieden. Da gëtt et eng EU, wéi d’CDU, wéi d’UMP, wéi d’Fidesz an d’Forza Italia se gären hätten; an dat ass sécher keng Visioun vun enger „sozialer“ Europäescher Unioun.

Flattr this!

Veröffentlicht unter Europäesch Unioun, Lëtzebuerg, Sozialpolitik | Verschlagwortet mit , , , , | 1 Kommentar