D’LSAP – eng Partei am Delirium

Wéi d’LSAP am Wahlkampf all Sënn fir Realitéit verléiert

Et ass ee jo gewinnt, datt grad sou kuerz virun de Wahlen d’Parteie sou eng Tendenz hu, besonnesch demagogesch ze ginn a besonnesch irrational mat Kritik ëmzegoen. Besonnesch ausgeprägt schéngen dës Tendenzen den Ament awer bei der LSAP ze sinn. Net nëmmen datt déi Partei lo probéiert, d’CSV an hirer Tendenz zum Persounekult nach z’iwwertreffen – et muss ee just emol kucke, wéi déi ganz Partei, de „kritesche“ Jonksozialisten inclus, dem wirtschaftsliberalen Etienne Schneider huldegt – nee, si reagéiert op all berechtegt Kritik mat engem Reflex, deen net grad vun engem besonnesch positiven Demokratieverständnis zeugt.

Nodeems scho virun dem Wahlkampf de Mars Di Bartolomeo gemengt huet, déi Lénk wiere just do, fir d’LSAP ze „iergeren“, hat lo am Wahlkampf den Alex Bodry grouss verkënnegt, all Stëmm fir déi Lénk wier eng Stëmm fir d’CSV. A lo huet de Franz Fayot dem Här Bodry seng grouss Erkenntnis mat enger gelongener Pittisrechnung souguer nach gemengt ze „beleeën“, nodeems e virdru schonn ideologesch eng vläit rechneresch méiglech, mä onwahrscheinlech Koalitioun mat der DP an deene Grénge virbereet huet.

Eng Dräierkoalitioun fir d’Patronat

Et ass ganz kloer, datt eng Stëmm fir déi Lénk eng Stëmm géint d’Dräierkoalitioun ass, wéi hie ganz richteg bemierkt, mä wisou déi Dräierkoalitioun keng „Alternativ“ duerstellt, hat ech scho mol op mengem Blog erläutert. Dofir wëll ech d’Argumenter déi géint sou eng Konstellatioun schwätzen och just nach eemol resuméieren: Et muss ee just mol ganz séier e Bléck an de Wahlprogramm vun der DP ze werfe, fir ze wësse, wourop ee sech mat där Partei an enger Koalitioun géing aloossen. Déi Liberal wëllen z.B. manner ëffentleche Wunnengsbau – si wëllen e léiwer privaten Investisseuren iwwerloossen, déi dann awer vum Staat oder de Gemenge solle gesponsert ginn. Si wëllen de Patronen entgéintkomme mat engem „zweete Mindestloun“, dee fir jonk Leit gëlle soll a bedeitend ënnert dem aktuelle Mindestloun leit – an domat och wäit ënnert der lëtzebuergescher Aarmutsgrenz. Awer och den Index ass hinnen net méi souvill wäert – sou ka sech d’DP virstellen, e puer Indextranchen auszesetze wann d’Patronat sech dofir bereet erkläert, méi jonk Leit anzestellen an auszebilden.

Domat wëll den Här Fayot also an d’Koalitioun goen? Verwonnerlech ass et sécher net – hunn d’Sozialisten zu Lëtzebuerg an deene leschte Joere vill Sozialofbau bedriwwen, och wa se, hiren eegenen Aussoen no, „dat Schlëmmst verhënnert“ hätten. Dat mag och sinn. Mä dat geet net duer, fir sech Sozialist ze nennen an dat eescht ze mengen.

Hien argumentéiert awer och mat der DP-LSAP-Koalitioun aus de 70er Joeren, der Regierung Thorn. Do wiere wichteg sozial Acquisen duerchgesat gi, wéi den Index. An obwuel dat deelweis wouer ass – ass et dach e ganz falsche Verglach. Deemools nämlech ass d’DP nach eng lénksliberal Linn gefuer – haut awer ass se längst Richtung Neoliberalismus ofgedrift, wou et méi wichteg ass, wat d’Patronat wëll. An och d’LSAP ass, trotz schéiner Rhetorik am Wahlkampf, do och net sou wäit fort. Net fir näischt ass den Etienne Schneider zum Spëtzekandidat gemaach ginn. An datt den Nicolas Schmit an der LSAP mëttlerweil schonn als „lénke Flillek“ gëlt, ass och bezeechnend fir den Zoustand vun der Partei.

„Sozialromantik“ géint Sozialofbau

Och datt der Lénker eng Ahnungslosegkeet a Wirtschaftsfroe virgeworf gëtt ass eng Umoossung sonnergläiche, wa se vun där Partei kënnt, déi d’Stolindustrie un de Mittal verschierbelt huet, déi mat dofir verantwortlech ass, datt Lëtzebuerg ëmmer nach an éischter Linn eng Finanzplaz ass ouni bedeitend Industrie. En plus hunn, dank der Index-Modulatioun duerch d’Regierung, d’Leit wäit manner Kafkraaft wéi se kéinten hunn – an och dëst ass net onbedéngt virdeelhaft fir déi national Economie.

Datt d’LSAP lo awer rëm probéiert, zumindest rhetoresch déi sozial Schinn méi staark ze fueren – do kann ee soen, datt dat net maachbar gewiescht wier ouni d’Presenz vun der Lénker an der Chamber. D’Partei gesäit nämlech hir eegen neoliberal Fratz am Spigel grinsen, deen hir vun der Lénker virgehale gëtt – an d’Wielerschaft erschreckt. A fir datt d’Wielerschaft net weider erschreckt, gëtt déi Fratz séier geschminkt an et proposéiert ee sech als Alternativ zu där eegener Regierung. Dobäi probéiert een dann nach, der Wielerschaft Angscht ze maachen, eng Partei lénks vun de Sozialisten ze wielen – da géing alles just „nach méi schlëmm“ ginn. Mä ëmmer manner Wieler falen op déi demagogesch Masch eran.

An zu gudder Lescht ass et lachhaft, sou eppes ze héiere vu Vertrieder vun enger Partei, déi krampfhaft un der Regierung festhält – egal, a wéi enger Konstellatioun – an zanter dem Zweete Weltkrich mat der CSV déi grouss Majoritéit vun de Regierunge gestallt huet. Wa si also vum „CSV-Staat“ schwätzen, dann ass dat grob onéierlech – et ass nämlech net nëmmen en CSV-Staat, et ass och en LSAP- an en DP-Staat.

Et schéngt de Sozialisten um Bockel vun der CSV liicht schwindeleg ginn ze sinn – si vergiessen nämlech, datt een d’CSV an éischter Linn kritt, wann een LSAP wielt. An dat ëmmer an ëmmer rëm, bis eis komplett schwaarz virun Aen ass.

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Economie, Lëtzebuerg, Sozialpolitik abgelegt und mit , , , , , , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu D’LSAP – eng Partei am Delirium

  1. Hubert Hollerich sagt:

    Eng Stëmm fir d’LSAP ass eng verluere Stëmm fir déi Lénk. Dofir: déi richteg Sozialisten wielen! déi Lénk – Lëscht 1.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.