Worst-Case-Szenario fir d’Salariat

Oder: Wat wier méi schlëmm wéi en „Neiufank“ mat CSV an LSAP?

An den Ae vu munche Leit fokusséiert sech déi Lénk an hirer Kritik an éischter Linn op d’LSAP, während si sech – an der Logik vun de Sozialisten – eigentlech op d’CSV aschéisse sollten, well dat wier jo den eigentleche „gemeinsame“ Géigner. Tatsächlech gëtt et awer duerchaus déi eng oder aner Partei déi méi salariatsfeindlech wier wéi béid Regierungsparteien. Wann een z.B. de Programm vun der ADR kuckt, kéint ee si schonn als aussergewéinlech wirtschaftsliberal a wéineg sozialstaatlech charakteriséieren – mä et ass onwahrscheinlech, datt si an d’Regierung kéim.

Wat awer net onwahrscheinlech ass, ass datt d’DP an d’Regierung kënnt – wahrscheinlech als Juniorpartner vun der CSV. Déi sougenannten „Dräierkoalitioun“ aus DP, LSAP a Gréngen ass e Fantom, dat just a soziale Medien iergendwéi Erwähnung fënnt – et gëtt keng Partei déi sech dozou bekennt – an ass, dovun ofgesinn, keng valabel Alternativ, wéi ech schonn an engem aneren Artikel duergeluecht hunn. D’DP gëtt sech jo och gär sozial a bekennt sech ëffentlech och ëmmer rëm gären zum Index, zu de Renten an zum Mindestloun. Ganz sou einfach ass et awer net.

Sou wëll d’DP zum Beispill eng Indextranche aussetzen – ganz am „Dialog mat de Sozialpartner“ natierlech. A Wierklechkeet heescht dat awer an éischter Linn, datt d’Vertriedung vum Grousspatronat, d’UEL, mat der Regierung en Deal ausmaache géing, dofir dann ze verspriechen, alles ze maache fir „Aarbechtsplazen ze schafen“. Mol dovun ofgesinn datt eng Indextranche d’Profitter vun den Entreprisen net därmoossen beschneide géing, datt ouni d’Tranche sou vill méi Sue fir Investitiounszwecker iwwreg wieren, ass et och schwéier denkbar, datt d’Regierung dat am Geréngste kontrolléiere géing. Dat zumindest weist d’Erfahrung mam Fall Mittal, mat deem och schéin Deals ausgehandelt goufen – deen elo awer eng Plaz no där anerer, v.a. Ausbildungsplazen, ofbaut an domat eng ganz Industrie an de Ruin dreift.

An och wann d’DP sech offiziell zum ëffentlech finanzéierte Rentesystem bekennt, héiert een awer och ëmmer méi oft, et sollt een ergänzend och méi op privat Zousazpensioune setzen. Dat widdersprécht awer dem fundamentale Solidaritéitsprinzip, deen normalerweis sou Versécherungen zugronn leit; domat géingen nämlech 2 Klasse vu Pensioune geschaf ginn. Déi ëffentlech Pensioune wieren an éischter Linn fir déi Leit mat niddregem Akommes geduecht, während vu private Pensiounskeesse v.a. Leit profitéiere kéinten, déi sech dat och deementspriechend leeschte kënnen.

A wat ass dat mam Mindestloun – d’DP bekennt sech dach zum Mindestloun? Jo, dat ass wuel richteg – d’DP wëll de Mindestloun och net ofschafen. Mä si schléit fir, en zweete Mindestloun fir jonk Leit anzeféieren, sous prétexte datt dat de Patronen en Ureiz géing ginn, méi jonk Leit anzestellen. Dobäi wëll d’Partei keng genee Angabe maache, wéi héich den Ënnerscheed zum „normale“ Mindestloun soll sinn – et kéint ee bal menge, si géing dat express maachen. De realen Effekt ass dobäi awer, datt éischtens jonk Mënschen a Bëlleglounverhältnisser gedrängt ginn – nëmme fir dem Patronat seng Profitter nach z’erhéichen. D’Realitéit gesäit nämlech sou aus, datt vill Mindestléin elo scho staatlech subventionéiert sinn an d’Patronat domat entlaascht gëtt. Domat gëtt de jonke Leit et awer och immens schwéier gemaach, eng eegen Existenz ze grënnen – scho mam Mindestloun ass et schwéier, seng eegen Existenz opzebauen; do ass et guer net auszedenke, wéi dat géing ausgesi wann déi Leit lo nach manner Akommes zur Verfügung hunn.

Schonn alleng déi dräi Punkten – zesumme mam Fait, datt d’DP sech gesellschaftspolitesch souwisou kaum vun der CSV ënnerscheet, bildungs- a wunnengspolitesch bal op ADR-Linn ass („Schoulautonomie“ an d’Privatiséierung vum soziale Wunnengsbau) – missten eigentlech duergoe, fir d’DP endgülteg ze disqualifizéieren an all Partei, déi wëlles huet, mat hir an d’Regierung ze goe, fir onwielbar z’erklären – zumindest wann ee fir de Sozialstaat a wirtschaftlech Regulatioun asteet.

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Economie, Lëtzebuerg, Sozialpolitik abgelegt und mit , , , , , , , , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.