Déi beleidegt Chrëschtsozial an déi euphoresch aner

E Réckbléck op d’Wahlen an hir Konsequenzen

Aus dem Internetfantom Dräierkoalitioun ass elo eng potenziell Realitéit ginn: Fir d’éischte Kéier zanter 1979 besteet eng realistesch Chance, datt eng Regierung ouni d’CSV gebilt géing ginn. Net nëmmen ech, och vill anerer, wore skeptesch an hu mat enger CSV-DP-Koalitioun gerechent. Et ass natierlech, entgéint der Euphorie vun de Frënn vun der „Gambia-Koalitioun“, wéi se mëttlerweil och genannt gëtt, nach laang net sécher, datt et tatsächlech zu dëser Dräier-Konstellatioun kënnt. Ëmmerhin gouf et déi reng rechneresch Méiglechkeet schonn 2004, wou se awer einfach net genotzt gouf.

Iert ech elo awer op d’Analys vun der méiglecher Koalitioun komme, wëll ech nach eemol d’Resultat selwer méi genee analyséieren.

Eng aussergewéinlech Wahl

Fir d’Éischt muss ee soen, datt zu dëser Wahl ongewéinlech vill Parteien ugetruede sinn – 9 Stéck. Nieft den an der Chamber vertruedene Parteie sinn nach d’Kommunisten an déi 2 nei Parteien, d’Piraten an d’PID, ugetrueden. D’Kommuniste si schonn zanter iwwer 90 Joer dobäi, d’Piraten dogéint sinn e relativ neien an europawäit ëmmer méi optriedende Phänomen, dee seng Originen an der Netzpolitik huet an doraus gewuess ass. All europäesch Piratepartei ass allerdéngs op ville Punkte ganz verschidden. Zu Lëtzebuerg ass se economesch a sozialpolitesch z.B. méi liberal orientéiert wéi hir däitsch Kollege, wéi ech och scho mol duergeluecht hat.

D’PID dogéint ass e ganz komeschen a guer net kohärente Phänomen: E verwirrte Programm, dee sou gutt wéi näischt ausseet, eng esoteresch Oder an déi spontan Entscheedung vum Här Colombera, eng Politik vun der fräier Maartwirtschaft ze vertrieden, déi am Programm ni virgesi war.

Vun den dräi ausserparlamentaresche Parteien huet dës Kéier keng et gepackt, an d’Chamber ze kommen: d’KPL an d’PID relativ eendeiteg, d’Piraten e wéineg méi knapp. Elo bleift ofzewaarden, ob net zumindest d’PID an d’Piratepartei sech elo intern zerstreiden oder net – deementspriechend bleift et spannend, ob se fir déi nächst Wahlen nach untrieden. D’KPL huet do einfach de Virdeel, datt si schonn oft dobäi war a souguer schonn e puer erfolleglos Wahlen iwwerstanen huet ouni ze zerfalen.

Véier Wahlverléierer

Dee grousse Verléierer vun der Wahl war eendeiteg d’CSV. Si huet 4,36% verluer an huet domat 3 Sëtz missen opginn. Domat ass si zwar stäerkst Partei bliwwe, mä huet iwwer en Zéngtel vun hire Sëtz verluer. Datt se déi Stëmme verluer huet, dierft ënner anerem doru leien, datt vill Leit d’Vertrauen an eng Partei verluer hunn, déi sech just nach als Staatspartei inszenéiert a vu sech denkt, indispensabel ze si fir all Regierungbildung.

Déi kleng Verléierer, iwwert déi net sou vill geschwat gëtt, waren déi Gréng, d’ADR an d’LSAP. Déi Gréng hunn 1,58% verluer an domat och ee Sëtz am Zentrum. Dat wäert engersäits doru geleeën hunn, datt déi Gréng sech ëmmer méi un der DP orientéieren a vill Leit dann dach léiwer d’Original wielen. Gläichzäiteg wollte si eng Koalitioun mat der CSV net ausschléissen – a sou waren ehemoleg CSV-Wieler déi eenzeg Wielergrupp bei deene si Stëmme gewonn hunn. Munch Stëmm ass awer och un d’Piraten an un déi Lénk gaangen, déi alle béid an hire Wahlcampagnen eendeiteg méi Profil gewisen hu wéi déi Gréng, déi vill op emotionaliséiert an deelweis peinlech souguer peinlech patriotesch Spréch wéi „Lëtzebuerg stäerken“ an deementspriechend inhaltslos Wahlwerbevideoe gesat hunn.

D’LSAP huet Stëmme verluer a krut op nationalem Plang nämmlecht vill Sëtz wéi 2009. Dëst gëtt vun der LSAP euphoresch gefeiert, well traditionell de Juniorpartner vun der CSV ëmmer verléiert. Sou einfach sollten d’Sozialiste sech et awer net maachen: Wann een e Bléck op déi genee Resultater geheit, da fält engem op, datt se am Zentrum wuel e Sëtz verluer hunn. Gläichzäiteg hu se am Norden och u Stëmme verluer a konnte just e Sëtz bäikréie well ADR an CSV nach e Krack méi u Stëmme verluer hunn.

Bei der ADR ass no hirer rietskonservativer Entwécklung souwisou en allgemenge Réckgang festzestellen – deen och weidergoen dierft, wann elo mam Fernand Kartheiser a Roy Reding net méi just ee, mä direkt zwee kathoulesch-nationalistesch Hardliner an der Chamber vertruede sinn. Och hir Campagne, déi an éischter Linn op nationalistesche Ressentimenter an Ängscht opgebaut war, dierft dozou bäigedroen hunn, datt d’ADR hire Sëtz am Norde verluer huet an deen am Osten net zeréckgewanne konnt. Natierlech ass och dem Colombera seng PID e Facteur, deen et der ADR net grad einfach gemaach huet. A sou huet d’ADR an all Bezierk Stëmme verluer.

Dräi Wahlgewënner

D’Wahl huet awer och dräi grouss Gewënner. „Wierklech, dräi? Et hunn dach just zwou Parteien Deputéierter an der Chamber bäikritt?“ An dat mag jo och sinn – mä déi ausserparlamentaresch Parteie sollt een net komplett negligéieren. Sou hunn d’Piraten awer landeswäit iwwer 3% kritt, woumat et zwar fir e Sëtz net duergaangen ass, mä wat aus dem Stand eraus, mat engem gerénge Budget, duerchaus eng Leeschtung ass fir eng Partei déi nach guer keng Wahlkampferfahrung hat.

D’DP huet, nodeems se grouss op zwou beléift Persoune gesat huet, 4 Sëtz gewonnen an deelt sech domat mat der LSAP d’Plaz als zweetstäerkst Partei. Dee grousse Wahlgewënner ass domat de Xavier Bettel, deem säi Portrait am ganzen Zentrumsbezierk omnipresent war an deen opgrond vu senger Beléiftheet während de Wahlen als onugefochte Representatiounsfigur vun der DP gegolt huet.

Awer och déi Lénk huet d’Wahle gewonn – wann och op engem méi klengen Niveau wéi d’DP. Sou ass et hir gelong, ee weidere Sëtz am Zentrum ze kréien an dat obwuel d’LSAP grouss dozou opgeruff huet, déi Lénk net ze wiele well „all Stëmm un déi Lénk eng Stëmm un d’CSV“ wier. Allerdéngs ass d’Lénk domat hiren eegenen Erwaardunge vun dräi Sëtz net ganz gerecht ginn; trotzdem bleift et e Gewënn. An domat ass déi Lénk elo als Oppositiounspartei duebelt sou staark ginn – wat ugesiichts dem Wahnsënn vun den aneren zukünftegen Oppositiounspartei, deen ech spéider nach ausféiere wäert, méi dréngend ass wéi je.

D’Staatspartei ass traureg, hir Unhänger si rosen

D’CSV gesäit sech trotz Verloschter ëmmer nach fir de grousse Wahlgewënner a sou ginn hire Representanten einfach net midd, ze betounen, datt d’CSV jo ëmmer nach stäerkst Partei ass. An an hirem Demokratieverständnis huet déi stäerkst Partei ëmmer automatesch d’Recht, an der nächster Regierung vertrueden ze sinn – och wa se keng Majoritéit zesummekritt, wéi et schéngt.

D’DP huet nämlech einfach sou beschloss, eng aner Majoritéit ze sichen an eng Regierung ouni CSV ze bilden – an dat ouni virdrun d’Erlaabnis vun der grousser Staatspartei ze froen. An dat ka sech déi Partei anscheinend net bidde loossen, déi zanter Joerzéngten ouni Ënnerbriechung an der Regierung ass. Wat d’CSV awer vergësst: Lëtzebuerg ass eng parlamentaresch Demokratie, an där an éischter Linn d’Chamber gewielt gëtt an net d’Regierung. Dat ass eng Eegenaart déi sech éischter a presidentiellen Demokratië fënnt, wéi den USA, wou de President direkt gewielt gëtt. Zu Lëtzebuerg awer gëtt et net emol e gewielte Staatschef – a sou gëtt d’Regierung net onofhängeg vum Parlament, mä duerch d’Parlament gebilt. Elo kann een natierlech dee System selwer kritiséieren – mä innerhalb vun deem System ass et nun eemol sou, datt d’Regierung vun deene Parteie gestallt gëtt, déi an der Chamber eng Majoritéit zesummekréien.

Datt och grad aus de Reie vun der CSV elo de Virworf vun der Onéierlechkeet kënnt, ass just nach eng weider Kuriositéit aus der chrëschtlech-sozialer Freak Show: Schliisslech huet och d’CSV ëmmer un där lëtzebuergescher Traditioun festgehal, virun de Wahle keng Koalitiounsaussoen ze tätegen – obwuel mer och do all wëssen, datt ëmmer schonn am Viraus feststoung, wie mat der CSV an d’Koalitioun geet. Dës Kéier gëtt dat relativ onéierlech gehandhabt Prozedere just beschleunegt an net onnéideg an d’Längt gezunn. Oder fir der CSV hire Messiah, de Premierminister Jean-Claude Juncker, mol a Punkto Éierlechkeet selwer ze zitéieren:

„Wenn es ernst wird, muss man lügen.“

D’CSV féiert jo den Ament och immens gären d’Demokratie als Begrënnung fir den erneite Muechtusproch un. Datt et mat der CSV hirem Demokratieverständnis awer net ganz wäit hier ass, dofir muss een net just hiren autoritäre Politikstil analyséieren – et kann een och do Zitater vum Här Juncker fannen. Sou sot hie, wéi d’Referenden zum EU-Verfassungsvertrag ustoungen:

„Die Länder, die mit Nein stimmen, müssen die Frage erneut stellen.“

A schonn 1999 sot hien dat hei:

„Wir beschließen etwas, stellen das dann in den Raum und warten einige Zeit ab, was passiert. Wenn es dann kein großes Geschrei gibt und keine Aufstände, weil die meisten gar nicht begreifen, was da beschlossen wurde, dann machen wir weiter – Schritt für Schritt, bis es kein Zurück mehr gibt.“

Sou vill also zum Demokratieverständnis vun der CSV an deem vun hir verlaangten „Anhale vun demokratesche Spillregelen“.

Vun „Angola“ zu „Gambia“

Elo wou déi sougenannte Gambia-Koalitioun – also d’Koalitioun tëscht DP, LSAP a Gréngen – ëmmer méi konkret gëtt, hëlt awer, nieft der Hysterie vun der CSV an hiren Unhänger, déi mëttlerweil scho vun engem „Putsch“ schwätzen, och déi irrational Euphorie vun de „Gambia“-Unhänger zou. Sou gëtt déi Dräierkoalitioun elo scho gefeiert, wéi wa si iergendwéi eng Revolutioun mat sech brénge géing, oder zumindest e grousse Paradigmewiessel. Wat awer dovun an der Realitéit iwwreg bleift, bleift ofzewaarden.

An och do huet ee Grond, skeptesch ze bleiwen. Sou war d’LSAP an deene leschte Joere mat bedeelegt um Sozialofbau an der schwaarz-rouder Regierung an huet et allerhéchstens nach gepackt, „Schlëmmeres ze verhënneren“, dobäi awer kaum eegenen Inhalt mat erabruecht. D’DP ass souwisou schonn zanter laanger Zäit wirtschaftsliberal an dréit mat Virschléi wéi engem Dumpingloun fir jonk Leit, der Privatiséierung vum soziale Wunnengsbau an der Propos, d’Ergänzung vun der ëffentlecher Pensiounskeess duerch privat Renteversécherungen ze fördere, wat Leit mat geréngem Akommes glat a guer näischt bréngt, net grad dozou bäi, hiren ultraliberale Ruff lass ze ginn. Gläichzäiteg hu sech déi Gréng massiv Richtung DP beweegt, wat een och dorun erkennt, datt se engersäits och vill Wieler un d’DP verluer an anerersäits och an der Chamber d’DP wéi en „natierlechen Alliéierte“ behandelt hunn.

D’Uspréch déi vun hiren Unhänger un d’Dräierkoalitioun gestallt gi sinn also héich – mä ob déi dräi Parteien dëse kënne gerecht ginn, dat kann ugezweiwelt ginn. Trotzdem muss fir eng éischt méi konkret Beuerteelung d’Resultat vun de Koalitiounsverhandlungen ofgewaart ginn. D’Euphorie vun dësem Internetfantom, dat sech aus den Déifte vum weltwäiten Netz an d’Realitéit gekämpft huet, ass fir sou eng rational Beuerteelung awer genee sou en Hindernis wéi d’Irrationalitéit vu groussen Deeler vun der neier Oppositioun. Sou kéint et och sinn, datt sech aus der CSV an der ADR eraus eng Aart Tea Party mat wolterescher a kartheiserscher Fierwung erauskristalliséiert – den Niveau vun der Argumentatioun ass jiddefalls net méi wäit vu Sarah Palin a Glenn Beck.

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Demokratie, Lëtzebuerg abgelegt und mit , , , , , , , , , , , , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.