Nee zu Integratioun an Upassung – Jo zu Fräiheet, Gläichheet a Solidaritéit!

E Plädoyer fir eng Gesellschaft, déi keng Upassung fuerdert.

Integratioun an Upassung si Schlagwierder, déi an all Debatt zu Immigratiounspolitik mindestens zengmol falen. „Et muss ee sech jo awer integréieren!“ – „D’Auslänner musse sech der Gesellschaft an där se liewen upassen!“ Dat kritt een oft ze héieren. Oft vu Leit déi sech selwer als besonnesch „onugepasst“ an individualistesch stiliséieren, vläit selwer enger Subkultur ugehéieren, déi sech bewosst vun der Majoritéitsgesellschaft ofzegrenze probéiert. A kee weess sou richteg, wat Integratioun ass, wéi vill Upassung vu Migrante gefuerdert soll ginn – et weess ee just, datt ee sech upassen/integréiere muss. Ganz vague gëtt munchmol dovu geschwat, et misst een „déi lëtzebuerger Kultur“ akzeptéieren. Munchmol geet och vu „Wäerter“ rieds – Rietskonservativer aus der ADR schwätze souguer vu „jiddesch-chrëschtleche Wäerter“ – an anere geet et duer, datt een d’Sprooch ka fir als „integréiert“ oder „ugepasst“ ze gëllen. Mä keen ass sech wierklech eens.

Wäerter? Kultur?

Obwuel ee sech net sou richteg eens ass, wat „Integratioun“ ass, ginn awer déi meescht Integratiounsbefirworter dovun aus, datt fir d’Integratioun vun enger Persoun oder Grupp néideg ass, datt dës sech un d’Wäerter an un d’Kultur vun der Majoritéitsgesellschaft upasst.

Do ass sech d’Majoritéitsgesellschaft awer selwer net ganz eens: Wat sinn eis Wäerter? Wat ass eis Kultur? Fir ënnersichen ze kënne, wat d’Wäerter an d’Kultur vun eiser Gesellschaft sinn – bzw. wat déi allgemeng Perceptioun dovun ass – muss een e wéineg aushuelen.

Fir d’Éischt constatéieren ech, datt Kultur immens relativ ginn ass an enger Gesellschaft, wou et net méi déi eng Kultur gëtt. Eis Gesellschaft besteet am Endeffekt aus engem Gemësch aus verschiddene Kulturen a Subkulturen – dozou gehéieren déi kulturell Elementer, déi Auslänner mat op Lëtzebuerg bruecht hunn, dozou gehéieren awer och all d’Subkulturen déi sech innerhalb vun all deene kulturellen Zesummenhäng beweegen – siefen et Subkulturen no Klassenzougehöregkeet oder no Museks-, Liewens- a Kleedungsstil.

A wéi eng Kultur soll ee sech also integréieren? Oder muss ee sech vläit awer no lëtzebuergeschen Traditioune riichten? Muss ee vläit all Sonndeg an d’Kierch? Sech zum Grand-Duc bekennen? CSV wielen? Mä och d’Lëtzebuerger ouni Migratiounshannergrond hale sech ëmmer manner un dës Traditiounen. Dorun erkennt een awer och den duebele Standard vun der Integratioun: Engem Lëtzebuerger gëtt ouni Weideres verziehe, wann hie lëtzebuergesch Traditiounen a Fro stellt, net beuecht, kritiséiert oder souguer oppen ofleent. „Den Auslänner“ awer „huet sech unzepassen“. Auslännerorganisatioune ginn dowéint mat Skepsis beuecht – ëmmerhin hale si un hiren eegenen „importéierten“ Traditioune fest a veranstalten eege Fester nieft den offizielle Celebratioune vun der Verbindung vu Monarchie a Kierch; a si kéinten och festgefruere lëtzebuergesch Traditiounen a Fro stelle, wéi dat exklusiivt Wahlrecht fir lëtzebuerger Staatsbierger.

Eng aner Feststellung, déi sech deelweis och aus där éischter Feststellung ergëtt, ass déi, datt Kultur eppes Organesches ass, wat sech am Laf vun der Zäit verännert. Sou ass déi Kultur déi mir lëtzebuergesch nennen eppes ganz anescht wéi déi Kultur déi virun der réimescher Invasioun, virun der Vëlkerwanderung, virun der Zwangschristianiséierung, virun der Opklärung an déi virun der Demokratiséierung vun eisem moderne Staatsgebitt geherrscht huet. A sou ass eis Kultur och net méi exklusiv „jiddesch-chrëschtlech“, wéi Leit wéi de Fernand Kartheiser (ADR) fälschlecherweis behaapten. Si ass éischter e komeschen Hybrid aus Opklärung a Katholizismus, Fortschrëtt a Reaktioun, Multikultur an Traditionalismus. An alles wat mer u sozialen an demokrateschen Errungenschaften zu Lëtzebuerg hunn, gouf ebe géint den Afloss vun der Kierch erkämpft. Wie sech also a sougenannte „jiddesch-chrëschtlech Wäerter“ (eigentlech sinn domat d’Wäerter vum kathoulesche Klerus gemengt) integréiert, weist domat éischter wéineg Bereetschaft, alles wat un eiser Gesellschaft positiv ass, unzeerkennen. Do sinn och net auslännesch Matbierger d’Gefor fir d’Demokratie – mä vill méi déi rietskathoulesch Schaarfmaacher, déi menge, si missten hir Relioun un d’Gesellschaft an d’Politik koppelen a jidderengem hire Glawen opdrécken.

Wat ass mat der Sprooch?

Natierlech ass d’lëtzebuerger Sprooch e wichtege Bestanddeel vun eiser Gesellschaft an och net onwichteg fir d’Inklusioun vu Migranten. Do kënne mir lo awer och net mam Bulldozer kommen an erwaarden, datt d’Sproochesituatioun sech innerhalb vun e puer Woche siichtbar verbessert. Stattdesse musse mer déi real Situatioun analyséieren a vun dëser ausgoen: An deene leschte Joeren huet sech d’Situatioun massiv verbessert. Ëmmerhin sinn d’Coursen iwwerfëllt, iwwer 78% vun den zu Lëtzebuerg liewende Leit schwätzen, onofhängeg vu Staatsbiergereschaft, regelméisseg Lëtzebuergesch an och bei Frontalieren ass d’Tendenz, d’Sprooch ze léiere, steigend. Awer och an der Ëffentlechkeet ass dat Lëtzebuergescht present wéi nach ni; Wahlplakater sinn op Lëtzebuergesch, an den neie Medie gëtt et benotzt, an der Chamber gëtt Lëtzebuergesch geschwat an och soss gëtt méi op Lëtzebuergesch kommunizéiert.

D’Sprooch nach méi ze verankeren ass e laangfristege Projet. A mir duerfen eis do net wonneren, datt mir net innerhalb vun e puer Méint grouss Verännerunge bemierken. Vill méi muss op d’Kannererzéiung gesat ginn. Wann d’Kanner méiglechst fréi mat der Sprooch a Kontakt kommen an net getrennt ginn no Hierkonft ass scho vill gedoen. Mä dat geet de Leit um Stammdësch wahrscheinlech och net séier genuch. An iwwerhaapt – souguer wann d’Auslänner sech dann d’Méi maache, woe si et dann awer nach, hir Méisproochegkeet och nach auszeliewen an ënner sech hir Mammesprooch ze schwätzen – erënnere mer eis mol un déi eklatant nationalistesch an hetzeresch Kommentarer ënner Artikelen déi de Fait behandelt hunn, datt mëttlerweil d’Majoritéit vun de Schüler keng lëtzebuergesch Mammesproochler sinn. Et kann een et einfach ni iergend engem recht maachen.

Mä wat ass d’Alternativ zur Integratioun/Upassung?

Et ass relativ einfach, eng Alternativ resüméiert ze beschreiwen: eng solidaresch a fräi Gesellschaft vun onugepasste Mënschen, déi gläich Rechter genéissen.

Tatsächlech brauche mir als Gesellschaft iwwerhaapt emol Wäerter, op déi mer eis all eenege kënnen. Spontan afale géinge mer do d’Lousung vun der franséischer Revolutioun – liberté, égalité, fraternité – zesumme mat Mënschen- a Grondrechter, un déi sech jiddereen ze halen huet. De Virdeel wier dobäi, datt sech zu solche säkulare Wäerte jidderee bekenne misst a kéint; et géing endlech deen nämmlechte Standard u Migranten a lëtzebuerger Staatsbierger ugesat ginn, awer och un Atheisten a reliéis Leit, souguer u Republikaner a parlamentaresch Monarchisten.

Ech als lëtzebuergesche Staatsbierger islännescher Hierkonft, säkularen Humanist, demokratesche Sozialist a Republikaner hunn nämlech massiv Problemer domat, mech zum Grand-Duché, zur kathoulescher Kierch, jo souguer zu groussen Deeler vun der Verfassung ze bekennen oder awer Deeler vu menger Familljekultur opzeginn, nëmme fir mech „unzepassen“. Mat säkulare Wäerter awer, déi d’Gläichheet an d’Fräiheet vun all Mënsch unerkenne, kann ech mech gären ufrënnen – an dora musse mer e Grondkonsens fannen, deen eng demokratesch Gesellschaft sou dréngend néideg huet.

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Demokratie, Gesellschaft, Kultur, Lëtzebuerg abgelegt und mit , , , , , , , , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.