Demokratie mat Niewewierkungen

Risikofacteur „direkt Demokratie“ an enger demokratescher Gesellschaft.

Besonnesch am rietspopulistesche/konservative Spektrum schéngt déi direkt Demokratie nom schwäizer Modell immens beléift ze sinn. Et gëtt oft ofgestëmmt iwwer Gesetzesvirschléi, an zwar vum ganze Vollek, d’Leit sinn direkt involvéiert a politesch Entscheedungen a kënne selwer eppes änneren ouni bis zu den nächste Parlamentswahle waarden ze mussen.

Sou schéi, sou gutt. D’Realitéit ass awer bei wäitem net sou flott wéi et kléngt wann een déi éischte Kéier dovun héiert. Tatsächlech gefält eise konservative Kollegen dës Form vun Demokratie virun allem dowéint sou gutt, well sech géint all erdenklech gesellschaftlech Gruppen ofstëmme léisst. Dëst passéiert, wa majoritär Ofstëmmunge Prioritéit hunn iwwert an enger Constitutioun definéiert, an domat net veräusserbar, Grondrechter. Da kréie Rietspopuliste, wéi an der Schwäiz aktuell d’SVP, fräi Hand, fir ëmmer rëm zum Beispill géint Flüchtlinge ze hetzen an hinnen déi puer Rechter via Referendum huelen ze loossen déi hinnen zoustinn. Awer net nëmmen dat; net fir näischt koum d’Fraewahlrecht an der Schwäiz réischt 1971 op nationalem Plang a souguer réischt 1990 am leschte Kanton fir kantonal Wahlen. Et sief dobäi och gesot, datt iwwert d’Aféierung vum Wahlrecht fir Fraen ausschliisslech Männer ofstëmmen duerften – et decidéiert also eng gesellschaftlech Grupp iwwert d’Schicksal vun enger anerer.

DP, LSAP, déi Gréng: méi Referenda – mä och méi Demokratie?

Déi nei Regierung – déi sougenannte „Gambia-Koalitioun“ – huet an hirem Regierungsprogramm annoncéiert, si wéilt och „méi Participatioun“ fir d’Bierger vum Land erméiglechen. Meeschtens bleift se dobäi awer relativ onkonkret.

Anhand vun zwee konkrete Punkte kann ee sech awer denke, wat fir e Verständnis d’Dräierkoalitioun vu Participatioun huet. Tatsächlech proposéiert d’Regierung eng wäitgoend Verfassungsännerung, woubäi dës per Referendum bestätegt (oder ofgeleent) soll ginn. Iert déi fäerdeg Verfassung awer per Volleksentscheed decidéiert gëtt, solle véier elementar Ännerungen eenzeln an engem separate berodende Referendum gestëmmt ginn. Dozou gehéiert awer och d’Auslännerwahlrecht. Elo soll also e wéineg méi wéi d’Halschent vun der Bevëlkerung iwwert déi politesch Rechter vun där anerer Halschent ofstëmmen – et ass normalerweis net virgesinn, a gëtt och zumindest net explizit vun de Koalitiounspartner anescht gesot, datt Net-Staatsbierger zu dëser Zäit an engem nationale Referendum mat ofstëmmen duerfen. En plus kéint e solche Wahlkampf dozou féieren, datt op där enger Säit d’Diskussioun iwwert d’Auslännerwahlrecht immens emotionaliséiert gëtt (besonnesch vun der ADR, mä et wäerte wuel och e puer CSV’ler eng Tréin vergéissen) an op där anerer Säit dës Emotionaliséierung dozou féiere kéint, datt Auslänner a lëtzebuerger Staatsbierger géintenaner opgehetzt ginn an also nationalistesch Ressentimenter verstäerkt ginn.

Fairerweis muss natierlech och gesot ginn, datt et schwiereg ass, eng solch Verfassungsännerung anescht duerch ze kréien – alleng well d’CSV, där hir Ënnerstëtzung bei sou engem Projet ausschlaggebend wier, dogéint ass. Méiglech wier awer och gewiescht, mat der mëttlerweil ëmmer méi „pragmatescher“ Partei Verhandlungen doriwwer ze féieren, zemools hir Jugend, där hire President ëmmerhi mat an der Chamber sëtzt, ausdrécklech fir d’Auslännerwahlrecht ass. Domat hätt ee sech déi méiglech Spaltung vun der Gesellschaft am Laf vun där Diskussioun spuere kënnen.

Zugläich steet awer nach ee groussen an zugläich kontroverse Projet un: den Tram. Elo kann een dofir oder dogéint sinn – an de Projet kéint duerchaus Virdeeler mat sech bréngen – mä et ass a bleift e grousse Projet, an dee vill investéiert muss ginn. Eng ideal Virlag fir méi direkt Demokratie also – et geet ëm eppes ganz Konkretes an, ob de Projet duerchgefouert gëtt oder net, d’Grondrechter vu kenger Grupp vu Mënsche gi verletzt. Zugläich geet et dorëms, wéi mer eis Steiergelder notzen – a genee do kéint een awer och e Matsproocherecht afuerderen. Do awer versäumt d’Regierung et, „méi Participatioun“ ze woen. Vläit well eppes anescht kéint dobäi rauskomme wéi erhofft?

D’Regierung beschränkt also zumindest déi konkret „partizipatoresch“ Ukënnegungen an hirem Programm op d’Verfassung als Ganzes an op eenzel Punkter vun dëser, ënnert déi eben och d’Wahlrecht vun enger grousser gesellschaftlecher Minoritéit fält. D’Ausschaffe vun der neier Verfassung selwer awer wäert weider hannert méi oder manner verschlossenen Diere passéieren – a konkret gréisser Projeten, déi eis all eppes uginn, ginn dobäi einfach iwwergaangen. D’Participatioun ass domat méiglecherweis e wéineg méi ausgedeent wéi ënnert enger CSV-gefouerter Regierung – vun enger weiderer Demokratiséierung vun der Gesellschaft awer si mer nach wäit ewech, v.a. och wat aner Beräicher wéi déi legislativ Sphär ugeet.

Eng Gesellschaft, déi méi direktdemokratesch Elementer zouléisst, muss also zugläich och e staarkt Fundament u Grondrechter virweisen – an dëst och iwwert méiglech Majoritéite stelle fir net zu enger Mobherrschaft ze verkommen. Direkt ofstëmme soll ee just iwwer Proposen déi keng Grond- oder Mënscherechter vun aneren Individuen oder Gruppen ugräifen an net déi politesch oder gesetzlech Gläichheet a Fräiheet vun den Awunner vu Lëtzebuerg verletzen.

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Demokratie, Gesellschaft, Lëtzebuerg abgelegt und mit , , , , , , , , , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.