Eng Geschicht vun Desinformatioun a Populismus

D’Verlockunge vun Hetzpropaganda an de sozialen Netzwierker.

Virun net allze laanger Zäit ass e Blogpost opgedaucht, vun engem Blog, dee sech „Stimme Luxemburgs“ genannt huet, deen an de sozialen Netzwierker, besonnesch Facebook, d’Ronn gemaach huet. Während an anere, vill besser artikuléierten a recherchéierten Artikele vill méi wichteg Themen ugeschwat ginn, huet et sech dobäi ëm e schlecht recherchéierte polemeschen Artikel iwwert déi angeblech Situatioun vun der lëtzebuerger Sprooch gehandelt. Statistike sinn ofgedoe gi mat plompe Stammdëschsspréch („gleef kenger Statistik déi s de net selwer gefälscht hues“), Informatioune si virenthale ginn an op Géigenargumenter gouf vum Auteur an der Kommentarsektioun net agaange – vill méi koum déi üblech Ausso, jiddereen hätt ebe „seng Meenung“. Dat sollt jo schliisslech jiddweree respektéieren. Wie seng Meenung awer net duerch Fakte préife loossen a seng Gedankegäng net duerch weider Argumentatioun beleeë wëll, hätt am Fong besser, se direkt fir sech ze halen.

Nodeems den Artikel awer relativ oft gedeelt gouf, huet den Auteur beschloss, säi Blog ze läschen – aus wat fir Grënn och ëmmer. Domat war et awer net eriwwer. An de sozialen Netzwierker goung et trotzdem monter weider – a speziell op Facebook; do ass nämlech eng al Säit rëm aktiv gi mam bezeechnenden Titel „Fir all dei et satt hun gesot ze kreien „scheiss letzeboier“ :O“. Ouni elo op d’Rechtschreiwung vum Titel weider anzegoe, kann ee soen, datt déi Säit, déi mëttlerweil awer iwwer 4000 „Likes“ huet, net just dofir do ass, fir datt Leit ziele, wéi oft se dach „scheiss letzeboier“ genannt gi wieren. Dat mécht kaum een. An der Beschreiwung vun der Säit steet zB.: „Seit geint diskrimination vun de Letzebuerger sprooch a bierger!“ D’Profilbild ass e béis kuckende roude Léiw op engem hollännesche Fändel, deen awer wahrscheinlech dee Lëtzebuergeschen duerstelle soll. Nieft deem steet „KEEN RENNT MENG MAMMESPROCH MAT FÉISS“. Natierlech a Groussbuschtawen – et kéint jo soss een et net matkréien. Wann een awer sou kuckt, wat alles op där Säit steet, gëtt séier kloer, wien hir Mammesprooch wierklech mat Féiss trëtt; d’Administratore vun der Säit an all déi grouss selwerernannte „Sproochebewahrer“ déi sech do tummelen. Et ass net just falsch Rechtschreiwung – et ass carrément komplett falscht Lëtzebuergesch, dat sou geschwat ëmmer nach falsch wier.

Dat ass awer net de Grond, wisou ee sech mat sou Säiten auserneesetze sollt. De Grond, wisou déi Säit, déi eigentlech am Ozean vun der Irrelevanz hätt misse versénken, eng Relevanz huet, ass well se mat dozou bäidréit, eng Well vun Desinformatioun iwwert d’Land ze fegen, déi Lëtzebuerger géint Auslänner ophetzt an d’Diskussioun iwwert d’Sproochesituatioun nach méi an d’Hysterescht an d’Irrationaalt dreift ewéi se lo schonn ass.

Dovu profitéieren dann natierlech och séier rietspopulistesch Politiker, wéi de jonken ADR-Gemengerot Joe Thein; hien huet op där Säit (an op sengem perséinleche Profil) eng Stellungnahm verëffentlecht, wou e rëm eng ominéis „lénk“ Verschwörung fir d’Sproochesituatioun verantwortlech mécht.

Hallefwouerechten a falsch Aussoe musse korrigéiert gi fir d’Diskussioun ze lancéieren.

Jo, et ass néideg, iwwert d’Situatioun vun der lëtzebuerger Sprooch ze diskutéieren. Si misst en inklusive Charakter kréien, deen d’Leit déi hei liewen zesummebréngt an eng gemeinsam Verstännegung erméiglecht – mä mir duerfen och net vergiessen, datt nach zwou Sproochen eng grouss Roll spillen zu Lëtzebuerg. A vill Leit mengen, eng vun dësen zwou Sproochen, nämlech dat Franséischt, géing ëmmer méi eng dominant Roll iwwerhuelen a geschwënn dat Lëtzebuergescht verdrängen. Dat ass awer eng immens vereinfacht Vue – déi sou a kenger Diskussioun standhält, déi den Numm verdéngt.

Tatsächlech ass et e wéineg anescht: Déi lëtzebuerger Sprooch ass rëm um Kommen. An dank sozialen Netwierker, den neie Medien a moderne Kommunikatiounsmëttel méi wéi zanter Laangem. Mat den SMS huet et ugefaangen; fir d’éischte Kéier hu Leit, wann och just a kuerze Messagen, op Lëtzebuergesch matenaner geschriwwen. Nach eng Generatioun virdru goufe Bréifer op Franséisch oder Däitsch ausgetosch. Mat den Chats, de Foren an de Blogs goung et weider; och hei huet dat Lëtzebuergescht ëmmer méi dominéiert – a mat rtl.lu an eldo.lu gëtt et souguer zwou gréisser Noriichtesäiten, déi geschriwwen Noriichten op korrektem Lëtzebuergesch ubidden. Et sinn an éischter Linn déi „al“ geschriwwe Medien déi nach op Franséisch oder Däitsch mat hire Lieser kommunizéieren.

Ma och dat ass d’Resultat vun enger laanger Entwécklung. Sou gouf viru knapp 50 Joer an der Chamber nach franséisch geschwat. Haut diskutéieren eis Deputéiert alleguerten op Lëtzebuergesch. 1984 gouf Lëtzebuergesch dunn iwwerhaapt mol zu enger (kultureller) Sprooch erhuewen – streng linguistesch ass et weider éischter en däitschen Dialekt – an domat dunn och zur Nationalsprooch an drëtten Amtssprooch deklaréiert. Zugläich huet sech och de Wahlkampf vun de politesche Parteien zugonschte vum Lëtzebuergesche geännert a virun allem d’Plakater, déi jo ëmmerhi während dem Chamberwahlkampf d’Vue quasi dominéiere, si mëttlerweil ëmmer op Lëtzebuergesch – am Géigesaz zu fréieren Zäitenf. Dëst ass d’Resultat vun enger längerer Entwécklung. An deene leschte Joere gi souguer Wahlprogrammer öfter (och) op Lëtzebuergesch publizéiert.

Ze constatéieren ass awer och, datt déi ugebuede Lëtzebuergesch-Coursë ëmmer méi genotzt ginn, deelweis souguer iwwerfëllt sinn. Dorënner sinn och eng jett Frontalieren – eng Zuel déi en plus ëmmer weider wiisst. Fir de Revival vum Lëtzebuergesche schwätzt och, datt een d’Sprooch mëttlerweil och op där anerer Säit vun der Grenz léiere kann an et en eegent Unisfach gëtt, dat sech mat Luxemburgistik beschäftegt.

Elo freet sech sécher munchereen: „Mä dat kann dach net sinn, ech muss meng Aachtchen ëmmer nach op Franséisch bestellen. Wéi soll dat da goen?

Dat ass ganz einfach. Dëse „Revival“ an deem Ausmooss wéi e lo stattfënnt ass e relativ rezente Phänomen. Eng Sprooch awer brauch meeschtens eng Zäit, fir sech ze konsolidéieren. Dat spiert een net einfach innerhalb vun enger Handvoll Joer. Dës Dynamik bräicht elo – ganz ouni gréisser Hëllef – grob gekuckt eng Generatioun fir sech ze festegen.

A wat d’Awunner vu Lëtzebuerg ugeet, sou ass et elo scho sou, datt eng gutt Majoritéit dovu regelméisseg lëtzebuergesch schwätzt, fir genee ze sinn, 78%. 54% vun den Auslänner, 98% vun de lëtzebuerger Staatsbierger benotzen d’Sprooch an hirem Alldag. Dat Lëtzebuergescht bleift also souguer dominant Sprooch, och wann ëmmer méi Famillje méisproocheg sinn an net onbedéngt jidderee Lëtzebuergesch als Mammesprooch huet. Dobäi sief gesot, datt ënnert de lëtzebuerger Staatsbierger och gutt d’Halschent e Migratiounshannergrond huet. Trotz, oder grad wéint dësem multikulturellen Hannergrond vum Land stierft dat Lëtzebuergescht also net aus.

„D’UNESCO gëtt eis awer Recht a seet och, eis Sprooch wier vum Ausstierwe bedreet!“

Jein. Fir d’Éischt emol sinn d’Critèrë vun der UNESCO net besonnesch gutt gewielt fir eng Sprooch als „vum Ausstierwe bedreet“ ze charakteriséieren a Lëtzebuergesch gëtt och nach just am niddregste Gefäerdungsgrad agestuuft. Si ass „a Gefor“ – an net „vum Ausstierwe bedreet“.

D’Critèrë si, wéi scho gesot, éischter dubiéis. Sou geet et duer, datt eng Sprooch vergläichsweis wéineg Spriecher insgesamt huet, fir datt se vun der UNESCO als menacéiert opgelëscht gëtt. Awer och de Fait, datt net déi gesamt Bevëlkerung d’Sprooch schwätzt, ass e Critère.

Besonnesch lächerlech ass awer bei der Etude vun der UNESCO, datt déi lëtzebuergesch Sproochesituatioun guer net berücksiichtegt gëtt. Just well et eng administrativ vernoléissegbar Sprooch ass, déi kaum (korrekt) geschriwwe gëtt an an éischter Linn an neie Medië, sozialen Netzwierker an am geschwatene Kontext gebraucht gëtt, ass se „a Gefor“. Eng Tatsaach déi hei net beduecht gëtt: Dat Lëtzebuergescht hat nach ni eng besonnesch ausgeprägte schrëftlech Traditioun, huet sech awer trotzdem iwwer d’Joeren erhalen – an dat obwuel dat Franséischt och ëmmer eng wichteg Roll gespillt huet.

Dat Lëtzebuergescht ass ëmmer nach déi dominant geschwate Sprooch.

D’Bedeitung vum Lëtzebuergeschen huet also insgesamt zougeholl. Et mag zwar ëmmer nach deen een oder aneren Defizit gi, mä et leit an der Natur vun engem Sproocheproblem, datt dëse sech net vun haut op muer léist. Do brauch et nunmol e wéineg méi Gedold wéi de Stammdësch entbiere kann.

Grad well dat do awer en Thema ass, wou sech ganz einfach nationalistesch Ressentimenter schüre loossen an „d’Auslänner“ regelméisseg zu engem einfache Feindbild maache loossen. Net fir näischt gëtt déi Facebook-Säit, déi uewen ernimmt gouf a leider e gewëssen Erfolleg opzeweisen huet, ënner anerem vum Steve M. geréiert, dee schonn öfter duerch rassistesch a faschistesch, oft gewaltverherrlechend Spréch opgefall ass a mat entspriechender Symbolik kokettéiert a bis virun de Wahle probéiert huet, sech an der ADR z’engagéieren.

Grad ewell awer net jiddereen dee sech fir d’lëtzebuerger Sprooch engagéiere wëll, en Nationalist ass oder géint aner Leit ophetze wëll, ass et ëmsou méi wichteg, d’Fakten ze kenne wann een dësen Engagement untrëtt – an datt ee sech net vu sou irrationalen Tendenzen awéckele léisst. Et sollt een dobäi ëmmer en inklusiven Usproch vertrieden – an net probéiere, Leit ze jugéieren an auszeschléissen a sech op kee Fall vu geziilten Desinformatiounscampagnen dovun oflenke loossen. Desinformatioun ass nämlech mat déi gréisst Gefor vun all Demokratie.

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Faktencheck, Gesellschaft, Lëtzebuerg abgelegt und mit , , , , , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

7 Kommentare zu Eng Geschicht vun Desinformatioun a Populismus

  1. Joëlle Braquet sagt:

    Merci!

  2. Maurice sagt:

    Super Artikel ! Et kennt leider extrem selten vir dass ech iwwer Facebook nach net-populistesch Artikelen fannen (ech hat d’Hoffnung bal schon opginn). Et ass definitiv un der Zait opzehalen Auslänner zu onsen Feinden ze man. Am Endeffekt sinn mega vill „Letzeboier“ vun haut jo och aus Daitschland, Frankraich oder Italien. Neierdengs taucht och eng zolitt Generation aus Portugal op , dei emmer besser Letzeboiesch schwetzt. Auslänner sinn d’Letzeboier vun muer !

  3. Phil sagt:

    Staarken Artikel!

  4. Jhemp sagt:

    Déi ganz Situation mat den auslännerfeindlechen Säiten,Gefiller an Aktiounen hätt d’Politik kennen virun villen Joeren entschärfen, an sie kéint et nach ëmmer wann sie géif z. B : Lëtzebuergesch als en Haaptfach an den Schoulen aféieren, (net wéi bis elo als Optioun) oder den Lëtzebuerger Aarbechtsplazen ausserhalb vum Staat finanziell méi interessant maachen, eben dat si do méi vertrueden wären.
    Dat sinn elo déi éischt Punkten, déi mer spontan an den Sënn kommen, mee bon, wat mer wichteg ass matzedeelen, ass dat Politik net onschëlleg ass un dem Dilemma, an mir mussen kucken, dat si sech an der Affär staark mécht!

  5. Laurent Weisgerber sagt:

    Gudden Artikel. Ech denken allerdings, dass Politik dat ganzt amgang as zolit ze verschlofen, an duerch Auslännerwahlrecht just nach Bensin and Feier fun denen Ressentimenter schedd.
    Et wier neideg da Letzebeuer Sprooch erem mei en heigen Stellenwärt ze gin, fun ofizieller Seit hier, och am Kontext fun da Anbiergerung, an eben net den Contraire ze machen, and letzebeuer Sprooch ofbauen.

    Zulescht as wuel den greissten Problem, dass am Spidolswiesen en emgedreintenen Effekt beobachtbar as. Emmer mei Personal as franseichsprocheg, Doktren an Infirmieren. An doduerch kennt et emmer mei oft zu Malaisen an Malentenduen, well souguer mat engem heigen Bildungsgrad kann een net onbedingt komplex medezinesch zesummenhäng verstoen oder vermettlen. Quasi all dei aktuell Lieserbreiwer an der Press dreinen sech em dei Problematik.

    An do wier et un da Politik, erem mei letzebeuescht Personal auszebilden, mee och mol Gesetzer duerchzesetzen an denen et och haut schon eindeuteg heescht dass Personal letzebeuesch muss kennen!

    • Sveinn sagt:

      Ech mengen zwar, datt d’Auslännerwahlrecht duerch eng wäitgoend politesch Gläichstellung vun den Auslänner éischter mat dozou bäidroe kéint, real oder angeblech Spannungen tëscht Lëtzebuerger an Auslänner ofzebauen ewéi datt et negativ Konsequenzen hätt. D’autant plus hätten e gudden Deel vun eise 35% Mindestlounempfänger dann och endlech mol eng Stëmm am Parlament. De Problem ass, wéi ech an engem aneren Artikel duergeluecht hunn, aus menger Siicht éischter nach, datt e Referendum doriwwer gehale soll ginn – woumat rëm méi Raum fir emotionaliséiert Pseudo-Debatte geschaf gëtt, déi d’Gesellschaft ausernee rappe kéinten, well eng Grupp iwwert d’Rechter vun där anerer decidéieren duerf – woubéi béid och nach ähnlech grouss sinn.
      Ech hunn d’ailleurs och ni bestridden, datt et net Problemer géing gi mat der Sproocheproblematik – doriwwer sollt jo och diskutéiert ginn. Allerdéngs weess ech lo spontan net, wéi vill do einfach Gesetzer brénge géingen. Fir d’Éischt emol sief gesot, datt a) eng jett vun deene Lieserbréiwer en zimlech irrationalen, geradezu hystereschen, Tounfall drop hunn – zumindest déi déi ech gelies hunn. A b) datt déi Sproocheproblematik an de Spideeler réischt virun net besonnesch laanger Zäit ugeschwat gouf – déi éischt Reaktioune sinn also relativ rezent. E Sproocheproblem awer léist sech nun eemol net sou séier wéi mir dat gär hätten. Virun allem well een a mengen Aen do eben och an der fréier Educatioun usetze muss, sou datt d’Kanner eng gemeinsam Sprooch hunn (wat d’ailleurs och meeschtens lo schonn de Fall ass).

      • Weisgerber Laurent sagt:

        Ech muss zwar eierlech soen, dass mier net anliescht wisou dei Gleichstellung dei een ouni iergend een Effort geschenkt kritt soll hellefen Spannungen ofzebauen, objidefall net an dei Richtung em dei et hai aktuell geht?

        Den Letzeboier Staat hued schliesslech fierun epuer Joer dei duebel Nationaliteit angefouert an zeitgleich Vieraussetungen nach weider reduzeiert, besonnesch dei vun der Sprooch. Wisou sollen dann lo Residenten. Europäer dei sech also hai eng Immobil kaafen dierfen wielen wei Politik an Letzebuerg auszegesin huet? As Geld fier sech en Wunnsetz an Letzebuerg ze kaafen alles un Integratioun waat een fieraussetzt fier engem een Wahlrecht ze gin?

        Ech kann duerfier verstoen, dass och vill Leid dei rezent dei Duebel Nationalteit ungeholl hun och net besonnesch positiv iwer desen Vierstouss fun der naier Regierung schwetzen, schliesslech hun Sie sech nach d’Mei missen maan dat Wahlrecht ze kreien.

        An dat ganzt dann och nach ouni Referendum ze maan geif dei ganz Diskussioun secherlech net verbesseren, well sech dann nach mei Letzeboier fiergefouert fillen.

        Nach en Satz zu daer Spidolsproblematik. Den Problem as schon fierun 10 Joer ungaangen, mee vue dass eis Politiker dei Problematik komplett verpennt oder Ignoreiert hun, an dei franseischsproocheg Direktiounen mat hieren franseischen Personalchefen, präferenziel Fransousen anstellen as den Problem lo do wou en as. (Dat ass iwregens net en Fieruertdeel, mee dat get sou gemeet, deelweis mat ganz diskrimmineirenden Aussoen parraport zu Letzeboier) Dobei as Gesetzeslaach an desem Punkt eendeiteg. All Member fum Pflegepersonal muss letzebeuesch beherschen, as dat net den Fall muss een Letzeboiesch Kueren besichen, an wann een et dono net kann krit een keen festen Contract! Mee vue dass Chefetag Hand driwer hällt, an deels selwer keen wuert Letzeboiesch kann, futteiren se sech.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.