Cedies 2.0 – tëscht néideger Reform a Réckschrëtt

Wat bréngt eis d’Reform vun de Studiebäihëllefen a wat ass d’Alternativ?

Wéi scho virun de Wahle vu ville Parteien ugekënnegt, solle lo d’Studiebäihëllefen, och einfach Cedies genannt, reforméiert ginn. Fir méiglech Reformusätz gouf et verschidde Virschléi a bei der neier Regierung huet sech ee bestëmmten duerchgesat – allerdéngs, wéi bei sou villen ustoende Reforme vun der liberal dominéierter „Gambia“-Koalitioun, mat deem fade Bäigeschmaach vum „Spueren“. D’Motivatioun also fir d’Duerchféierung vun der Reform ass nämlech, gutt 70 Milliounen Euro domat anzespuere, wann alles no Plang verleeft.

Trotzdem sollt een, och jeensäits vun där Motivatioun, déi bevirstoend Reform selwer mol analyséiere, fir rauszefanne, wat se bréngt. Wiem bréngt se eppes, wie gëtt benodeelegt – wat fir Usätz si gutt, wat ka verbessert ginn? Et muss awer schliisslech och d’Fro vun de soziale Rahmebedingunge vu sou enger Reform gekläer ginn.

Wat fir Verännerunge bréngt d’Reform mat sech?

Bis elo konnt jiddwer Student, onofhängeg vu senger sozialer Hierkonft an onofhängeg dovu, wou e studéiert, deen nämmlechte Montant am Joer kréie fir säi Studium ze finanzéieren. Zu deem Basismontant, dee bei ronn 3000 Euro am Semester louch, gouf et dann nach e Prêt, deen ee muss zeréckbezuele wann d’Studium ofgeschloss. Conditioun war just, datt ee studéiert an entspriechend Noweiser bréngt, wéi Immatrikulatiounsbescheinegungen an Zensuren an net méi wéi ee Joer (also zwee Semester) iwwerzitt pro Ofschloss.

Elo soll sech awer, ganz nom Motto vun der DP vun der „sozialer Selektivitéit“, eppes un där Onofhängegkeet vu sozialer Hierkonft a Studieplaz änneren. De Basismontant geet rof op 1000 Euro d’Semester, dobäi gëtt et dann nach e Mobilitéitsbonus 1000 Euro am Semester, also jeweils 2000 Euro am Joer. Deen drëtten Deel ass ofhängeg vum Akommes vun den Elteren a ka bis zu 1250 Euro zousätzlech bedroen – woubäi d’Akommes vun den Elteren net iwwert dem 4,5-fache vum Mindestloun leien duerf. Wien also an enger Famill, déi vum Mindestloun lieft, opgewuess ass an am Ausland studéiert, wäert ëmmer nach genee sou vill kréie wéi bis elo. D'“Verléierer“ vun der Reform sinn also an éischter Linn d’Studenten op der Uni Lëtzebuerg, déi keen Usproch hunn op de Mobilitéitsbonus wäerten hunn, an all déi Studenten, déi keen oder just e begrenzten Usproch op den Deel vun der Bourse hunn, deen nom Akommes vun den Eltere berechent gëtt.

Problematesch kéint et gi, wann den Deel deen nom Akommes vun den Elteren berechent gëtt, sou vereinfacht ugewandt gëtt wéi duergestallt; et mécht nämlech e groussen Ënnerscheed, ob eng Famill, déi, soe mer, 5000 Euro de Mount verdéngt, ee Kand huet oder vläit dräi, véier. Ob do awer eng Differenzéierung erfollegt, bleift ofzewaarde, mä awer och zugläich zweiwelhaft.

Sozial Critèren duerfe keng Roll spille, sou d’Kritiker.

D’Reform kritt awer, nieft praktescher Kritik, och vill Kritik, déi sech méi un enger prinzipieller Approch ausriicht; sou ënner anerem, mä net nëmmen, vun der Piratepartei. Dës Kritiker argumentéieren, e Student wier en erwuessenen an autonome Mënsch a misst dofir och onofhängeg vu sengem Elterenhaus behandelt ginn. A sou seet d’Michèle Stiefer, stellvertriedend fir d’Partei, och op der Säit vun de Piraten:

D’Zil vun de Studiebäihëllefe muss et sinn datt all jonke Mënsch d’Méiglechkeet huet fir onofhängeg vu sengen Eltere studéieren ze goen. Datt den DP-Minister Meisch elo d’Hëllef rëm un d’Eltere koppelt ass e Schrëtt zréck a schränkt d’Fräiheet vun de Studentinnen a Studenten nach weider an.“

Sou argumentéieren natierlech net just Vertrieder vun de Pirate, mä si si bis elo déi Éischt, déi e Pressekommuniqué rausginn hu mat dëser Argumentatiounsweis. Och an de sozialen Netzwierker fanne sech vill Leit, déi bei de Reformen d’Recht, onofhängeg vun den Elteren ze studéiere, mat Féiss getrëppelt gesinn. Et kéint jo nämlech sinn, datt d’Elteren engem säi Choix, e Studium unzetrieden, net respektéieren a folglech hiert Kand doran net ënnerstëtze wëllen, och wa se d’Suen dozou hätten. Da misst ee sech d’Recht op déi Ënnerstëtzung nach rechtlech erstreiden – wat, grad ewéi Elteren, déi hir Kanner einfach net ënnerstëtze wëllen, och net grad gesond fir déi familiär Relatioune wier.

Déi soziale Realitéit duerf net vernoléissegt ginn.

Et duerf awer och net vergiess ginn, datt d’Studiebäihëllefen aktuell och scho vun den Elteren ofhängeg sinn. Zwar net finanziell – ma fir d’Recht dorop ze hu, muss een aktuell och entweder zu Lëtzebuerg als Resident ugemellt sinn – wat de facto heescht, bei den Elteren – oder awer Elteren hunn, déi zanter mindestens 5 Joer zu Lëtzebuerg schaffen. Et géing sech also schwiereg gestalte, se komplett vun den Elteren ofzekoppelen, ouni domat zurecht entweder mat europäeschem Recht a Konflikt ze kommen (am Fall vun de Kanner vun de Frontalieren) oder awer a Beliebegkeet ze verfale, wéi am Fall vun der Residenz.

Trotzdem ass et natierlech e legitimt Uleies, d’Ofhängegkeet vun de Studente vun hiren Elteren, v.a. am finanzielle Beräich, ze reduzéieren. Bei der Argumentatioun gëtt awer oft déi sozial Realitéit vernoléissegt – an déi ass geprägt vu sozialer an economescher Ongläichheet. Wann ee blannemännerches verlaangt, deen ale Modell rëm anzeféieren, da vernoléissegt een eng sozial Realitéit, an där et net just sozial Ongläichheet tëscht Schaffende, ma och tëscht Studente gëtt, bei deenen déi eng ënnerstëtzt gi vun Elteren, déi méi wéi genuch Suen hunn an déi aner, déi trotz Cedies nach éischter bescheiden iwwert d’Ronne kommen. Deem kéint e gestaffelte Modell zumindest éischter gerecht gi wéi en eenheetlechen, well do räich Famillje méi e Bäitrag dozou leeschte missten zum Studium vun hire Kanner.

Allerdéngs ass och dat eng onzouräichend Méiglechkeet, der sozialer Realitéit gerecht ze ginn a real existéierend Ongläichheeten ze bekämpfen a Leit aus prekären an aarme Verhältnisser e verbesserten Zougang zu Bildung z’erméiglechen. Sou ass eben och de Risiko do, datt eng ze vill staark Bezuchnahm op d’Famill de Sozialstaat laangfristeg weider a Fro stellt an ëmmer méi archaesch, familljebezunn Forme vun Ënnerstëtzung a soziale Sécherheetsnetzer u Wichtegkeet gewanne kéinten. De Sozialstaat ass awer eng Errungeschaft, déi eben dës Onofhängegkeet assuréiere sollt.

Ee Problem gëtt guer net ugeschwat: Verscholdung.

Bei där ganzer Diskussioun gëtt ee Punkt komplett vernoléissegt: d’Verscholdung vun de Studenten duerch de Prêt. Dat wier kee grousse Problem, wann e Studium, wéi munch Leit mengen, tatsächlech e Garant fir en héicht Akommes wier. Well awer e Studium an enger net ze ënnerschätzenden Unzuel u Fäll zu engem éischter moderate, munchmol souguer niddregen Akommes féiert, kommen a sou Fäll Schwieregkeeten op, dës Scholden trotz den niddregen Zënssätz zeréckzebezuelen. De Prêt spillt also bei der Reforméierung vum Cedies eng entscheedend Roll. Säin Undeel misst zumindest reduzéiert ginn (d’Bourse deementspriechend méi héich ginn), idealerweis misst e souguer komplett an der Bourse opgoen.

Wat ass d’Alternativ zur aktueller Reform?

Ideal wier effektiv, jiddwer Student eng gewëssen Onofhängegkeet vum Elterenhaus ze garantéieren. E bedingungsloost Zeréck zum bisherege System kann et awer, schonn alleng aus Grënn vu sozialer Gerechtegkeet, och net ginn; wie méi verdéngt, muss nämlech och säin Deel zur allgemenger Educatioun mat bäisteieren.

Dofir misst ee, wann een d’Onofhängegkeet vum Student garantéiere wëll, och de Problem vun der sozialer Ongläichheet ugoen: Dofir awer bräicht et eng ëmfaassend Steierreform, déi eng verstäerkt Progressivitéit assuréiert, also Leit mat héichem Akommes entspriechend méi staark besteiert. Dozou eng Verméigenssteier op héich Verméigenswäerter. Dat doduerch generéiert zousätzlecht Steierakommes sollt dann zumindest zum Deel dofir benotzt ginn, d’Studiebäihëllefen ze finanzéieren. Sou géingen engersäits déi, déi méi finanziel Mëttel hunn, hiren Deel dozou bäidroe, Leit aus der ganzer Gesellschaft eng gutt Educatioun z’erméiglechen, an anerersäits och eng gewëssen Onofhängegkeet vun de Studente vun hiren Elteren kënne gewahrt ginn. Et wier e Gewënn fir de Sozialstaat an all Hisiicht an domat och fir d’Studenten, déi relativ onofhängeg a, wann een den Undeel vum Prêt reduzéiert, mat bedeitend Manner Scholden um Bockel hire Studium duerchzéie kéinten.

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Educatioun, Gesellschaft, Lëtzebuerg, Sozialpolitik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Kommentare zu Cedies 2.0 – tëscht néideger Reform a Réckschrëtt

  1. Pingback: Gejammer auf höchstem Niveau « L for Liberty

  2. Pingback: Zieht euch an wie ihr wollt – laut, bunt und aufrührerisch! | Maxime Weber

  3. Pingback: An alle Schüler_innen und Student_innen: streikt am 25. April – für eure Zukunft! | Maxime Weber

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.