Diskriminatioun an intellektueller Verkleedung

Eng Replique op de Wort.lu-Artikel vum Hubert Hausemer.

Haut ass mer op der Säit vum Wort.lu en Artikel opgefall, dee virun e puer Deeg publizéiert gouf, mam Titel „Die homosexuelle Ehe. Kritik der Pro-Argumente„. Op de grad fir eng gebilte Persoun immens enttäuschende Schreifstil, wéint deem ee sech beim Liesen eng besonnesch haartnäckeg Migrän anzefänke riskéiert, wëll ech awer lo net ausféierlech agoen. Dat wierklech Schockéierend vun deem Artikel ass nämlech den Inhalt an d’Aart a Weis vum Auteur senger Argumentatioun.

De pensionéierte Philosophieprofessor probéiert a sengem Artikel, een Argument nom anere vun de Proponente vum Homo-Bestietnis ze widderleeën. Zwar mag et fir munch Leit beim Liese vu sengem Artikel evident schéngen, datt seng Argumentatioun keen zolitt Fundament opzeweisen huet, mä wann ee sech vläit, aus wat fir Grënn och ëmmer, nach net intensiv mam Thema an/oder mat Philosophie a Politik insgesamt ausernanergesat huet, kéint een op seng Argumentatioun erafalen. Dofir ass et hei rëm wichteg, seng Argumenter eenzel z’analyséieren an op hir Validitéit z’iwwerpréifen. Eng Méi, déi hie sech och vläit hätt virun der Publikatioun maache sollen.

Schwuler a Lesbe sinn och Individuen.

Direkt am Ufank argumentéiert den Auteur mat enger schlecht recherchéierter Verallgemengerung: Schwuler a Lesbe wéilten dach guer keng Famill – an de Beweis dofir féiert en un, datt de schwule Schrëftsteller André Gide mol eng Ausso getätegt huet, déi géint d’Famillje geriicht wier:

„Familles, je vous hais!“

De Gide schéngt a sengen Aen wuel den eternelle President vun der weltwäiter Homosexuellecommunautéit gewiescht ze si, mat Vollmuechten, déi wäit iwwer säin Doud nach wierksam sinn. Dofir ass seng Ausso dann och Beweis genuch, fir de Schwulen a Lesben ënnerstellen ze kënne, si wiere lo „plötzlech“ drop versiess, Famillje grënnen ze duerfe fir Steieren ze spueren a Kannergeld ze kasséieren. Schliisslech bleift, wann een e Kand huet, nach genuch vum Kannergeld an de gespuerte Steieren iwwreg, fir souguer als Mindestlounempfänger nach zu Räichtum ze kommen. Zumindest schéngt dat d’Bild ze sinn, dat den Här Hausemer vun de Familljenallocatiounen huet.

En anere „Beweis“ dofir, datt d’Homocommunautéit d’Bestietnis eigentlech guer net wéilt, gesäit hien doran, datt d’Liewenspartnerschaft (PACS) kaum vun homosexuellen, dofir awer vill vun heterosexuelle Koppele géing genotzt ginn. Fakt ass, datt déi iwwerwältegend Majoritéit vun de Mënschen éischter zu heterosexuelle Partnerschaften tendéiert an de PACS och fir déi Koppelen eng attraktiv Alternativ zum Bestietnis, bei deem ëmmerhin d’Scheedungsprozeduren immens opwänneg sinn, duerstellt. Et ass also kee Wonner, datt méi heterosexuell wéi homosexuell Koppelen dat Ganzt an Usproch huelen.

Den Här Hausemer begräift dat Konzept, wat dohannertstécht, wuel net ganz. Et geet net dorëms, z’ermëttelen, ob all homosexuell Koppel sech bestuede wëll an/oder eng Famill grënne wëll. Et gëtt och genuch heterosexuell Koppelen, déi dee Besoin net verspieren. Et geet just dorëms, hinnen de Choix z’erméiglechen, deen hinne bis elo (a wéi et schéngt, net méi allze laang) verweigert gouf. All Koppel huet do hir eege Wënsch – an och schwul a lesbesch Koppele bestinn an éischter Linn aus eegestännegen Individue mat eegene Wënsch an Dreem.

Den Ofschloss vun deem Argument ass wuel den Höhepunkt – ganz onverblümt weist en dorop hin, datt Homosexueller just eng kleng Minoritéit sinn a Modernitéit (wou e ganz schlau festgestallt huet, datt et gemeinsam Racinë mam Begrëff „Moud“ huet) kee Beweis fir Qualitéit a Fortschrëtt wier. Minoritéite si fir hien also net schützenswäert an engem Rechtsstaat. An dat begrënnt en, andeems en dräi Schlagwierder duercherneegeheit, déi en ni definéiert huet. Wann dat net engem studéierte Philosoph wierdeg ass.

D’Mënsche si gläich virum Gesetz. Ausser wann ee genuch mat Wierder jongléiere kann.

Ëmmerhin erkennt den Auteur un, datt all Mënsch gläich soll si virum Gesetz. Oder och net? Jiddwerfalls seet en, dat wier prinzipiell richteg, jongléiert dann awer sou mat de Wierder, datt en „an där nämmlechter oder an enger ähnlecher Situatioun“ misst si fir gläich ze sinn. Ass also all bestueten heterosexuell Koppel an där nämmlechter Situatioun? Nee. Et gëtt heterosexuell Koppelen, déi vill Kanner hunn, déi keng hunn, déi jonk, déi al sinn, et gëtt souer déi en oppent Bestietnis féieren an et gëtt der, déi léiwer monogam liewen – an alles dotëscht. Dat sinn alles verschidde Situatiounen – an net mol all méiglech Szenarien entspriechen dem gängege Bild vum Bestietnis zwecks Familljegrënnung, wat den Auteur ëmmerhi mat engem Verweis op den allmächtegen an allwëssende Code Napoléon zum eenzeg legitimen Zweck dovun deklaréiert. Trotzdem duerfe si sech bestueden. Géing hien awer senger eegener Logik follegen – dobäi sief gesot, datt hien de Rôle vun der Logik a senger Argumentatioun héich hält, wahrscheinlech ouni richteg ze wësse, wat en domat mengt – missten déi Leit op staatlech Unerkennung verzichten.

A wat natierlech bei St. Paul net feelen duerft, ass e klengen Ausfluch an d’Welt vum konservative Katholizismus:

„Zwar halten die Befürworter der Homo-Ehe damit aus klaren Gründen hinter dem Berg, aber wenn die Homo-Ehe legalisiert würde, mit welchen Gründen könnte man dann noch die polygame Ehe verbieten? Wenn aus der „union d’unhomme et d’une femme“eine „union d‘un homme et d‘un homme ou d‘une femme et d‘une femme“ geworden ist, weshalb dann nicht auch eine „union d’hommes et de femmes, d’hommes et d’hommes, de femmes et de femmes“?3 Und was würde man noch der Forderung nach inzestuösen Ehen entgegenhalten können, einmal der Einfachheit halber angenommen, beide Partner wären großjährig?“

D’Legaliséierung vum Homo-Bestietnis féiert also quasi automatesch zu Polygamie an Inzest – an den Auteur hält sech mierklech zeréck, net och nach Pädophilie mat an d’Spill ze bréngen. Wahrscheinlech géing hien dat awer am Léifste maachen. Elo kann een duerchaus iwwer all méiglech alternativ Partnerschaftsformen diskutéieren – Polygamie inklusive – an doriwwer, wéi vill Sënn et wierklech mécht, inzestuéis Bezéiunge vun erwuessene Mënsche per Gesetz ze verbidden (den Abus vu Kanner a Schutzbefohlenen dergéint ass absolut indiskutabel), allerdéngs just ouni déi Irrationalitéit, déi den Auteur hei un den Dag leet. Dat eent féiert net automatesch zum aneren. Sou wéi och d’Bestietnis aus Léift (anstatt, wéi fréier, oft aus geschäftlechen oder familiäre Grënn) net dozou geféiert huet, datt Leit aus Léift hir Hausdéiere bestuede kënnen.

De Mariage léisst sech duerchaus per Gesetz ëmdefinéieren.

Weider behaapt den Auteur:

„Man wird mir nun wohl entgegenhalten, man bräuchte ja nur die Ehe neu zu definieren, um so die vorhin prohibitive Vorbedingung auszuschalten. Das kann man durchaus wollen und tun. Aber einmal vorausgesetzt, auch diese gesellschaftspolitische Entscheidung sollte nicht voluntaristisch-dezisionistisch getroffen, sondern begründet werden, dann fiele natürlich das Diskriminierungsargument als Begründung weg, und es müssten andere Argumente angeführt werden.“

D’Diskriminéierungsargument fält natierlech net wech, just well hien dat lo sou constatéiert. Weider behaapt hien, et sollt dës Decisioun, d’Bestietnis ëmzedefinéiere vun engem Bond tëscht engem Mann an enger Fra hin zu engem geschlechtsonofhängege Bond tëscht zwou Persounen, net einfach sou „voluntaristisch-dezisionistisch“ getraff ginn. Domat wëll hien da wuel drop eraus, dat kéint een net einfach sou legislativ beschléissen, mä dat misst sech, wann, da gesellschaftlech „sou erginn“. Dach. Dat geet. Am Géigesaz nämlech zum réimesche Räich, ass d’Bestietnis net just eng gesellschaftlech Konventioun, déi rechtlech just e Vertrag ass wéi all aneren. D’Bestietnis ass haut eng rechtlech unerkannten Institutioun, déi méi ass wéi „just“ e Vertrag wéi all aneren. Dofir ass och d’Scheedung méi schwiereg wéi eng einfach Vertraagsopléisung. Well d’Verständnis vum Bestietnis also vun der staatlecher, an net méi der gesellschaftlecher Unerkennung ofhänkt, kann een et also wuel legislativ ëmdefinéieren. Ganz einfach.

Fir elo awer och nach géint d’Ëmdefinéiere vum Bestietnis z’argumentéiere, féiert hien elo nach e puer kuerz Argumenter un: Sou als Léift z.B. kee rechtleche Facteur. Dat mag wouer si well d’Recht sou direkt keng emotional Motivatioun kennt, déi muss fir e Bestietnis erfëllt ginn. Dat ass allerdéngs keen Argument géint d’Homo-Bestietnis, do kann hien nach sou oft d’Polygamie- an d’Inzestkaart ausspillen – dës Kéier léisst hie sech souguer op den Niveau rof, et indirekt mat Pädophilie gläichzesetzen.

Gesamtgesellschaftlech Implikatiounen?

Duerno geet den Auteur op d’Argument an, datt d’Bestietnis vun Homosexuelle géif kengem schueden. An direkt mécht hien däitlech, datt en dat net gëlle loosse wëll; tatsächlech ass hie souguer der Meenung, d’Géigner vum Homo-Bestietnis hätte Recht mat hirer Behaaptung, domat géingen der heterosexueller Majoritéit Rechter „wechgeholl“ ginn. Weider seet hie, wa Befirworter vum Homo-Bestietnis de Géigner géinge virwerfe, sech un d’Exklusivitéit vun hire Rechter ze klameren, da wieren déi Homosexuell an hir politesch Alliéiert just „neidesch“ oder géinge „Gläichmaacherei“ bedreiwen. Allerdéngs ass  d’Gefill vun Näid duerchaus novollzéibar, wann engem aus Trotz d’Recht virenthale gëtt, déi nämmlecht gesellschaftlech a rechtlech Unerkennung ze kréie wéi déi aner. Wann hien de Begrëff „Gläichmaacherei“ benotzt,  ass dat a sou gutt ewéi all Kontext just de polemesche Versuch, Fuerderungen no Gläichheet nidderzemaachen anstatt argumentativ drop agoen ze mussen.

An am Endeffekt widderhëlt e rëm déi net noweisbar Behaaptung, dat géing zu Schlëmmerem féieren. An dofir mussen dann och alt rëm d’Kanner hierhalen. Eng Strategie, déi mech e wéineg un d’Helen Lovejoy bei de Simpsons erënnert, déi bei all Geleeënheet dorun appelléiert, dach un d’Kanner ze denken. Hie betount, e Kand bräicht d’Konfrontatioun mat béide Geschlechter. Dofir sollte gläichgeschlechtlech Koppele keng Kanner adoptéieren duerfen. Ech widderhuele mech wahrscheinlech; mä dovun ofgesinn, datt Geschlecht net sou polariséiert ass wéi mir oft mengen an déi meescht Ënnerscheeder gesellschaftlech konstruéiert si, gëtt et haut scho vill Haushalter, wou déi geschlechtlech Polaritéiten net vertruede sinn. Do ass hien also immens inkonsequent a senger eegener Logik – ausser natierlech, den Här Hausemer wéilt domat suggeréieren, allengerzéienden Elterendeeler hiert Kand ewechzehuelen oder zwangszebestueden. A ganz dovun ofgesi gëtt et an der Fuerschung net een Indiz dofir, datt Kanner vu gläichgeschlechtleche Koppelen et méi schlecht hätten. Do baséiert den Auteur sech also op seng eege Viruerteeler a seng Elfenbeintuermspekulatioun.

Adoptioun féiert zu kënschtlecher Befruchtung.

Domat huet den Auteur da Recht: Wie konsequent wëll si, muss nieft dem Adoptiounsrecht och d’Recht op kënschtlech Befruchtung fuerderen, dat allerdéngs souwisou mat engem gläichberechtegten Homo-Bestietnis anhiergoe géing. Hien argumentéiert dann allerdéngs natierlech och dogéint – an zwar andeems en en Ënnerscheed mécht tëscht Koppelen déi onfruchtbar sinn an dofir keng Kanner kréie kéinten a Leit déi wéint hirer sexueller Orientéierung keng Kanner zeuge kéinten ouni sech zu eppes zwéngen ze musse, wat hire Wënsch net entsprécht. Ganz valid ass déi Argumentatioun awer net; déi Koppele, gläich- wéi verschiddegeschlechtlech, hunn nämlech, trotz den Ënnerscheeder, eng grouss Gemeinsamkeet – si kéinte keng Kanner kréien ouni eng drëtt (fruchtbar) Persoun dran z’involvéieren. A béid Koppele kënnen trotzdem e Kannerwonsch hunn. Wisou also hinnen dat verwehren? Wirr a wëssenschaftlech onhaltbar Theorien zur Polaritéit vun de Geschlechter an zu hirer Wichtegkeet fir déi aarm Kënnercher jiddefalls kënnen do keng ausräichend Grondlag bilden. Och behaapt hien, kënschtlech Befruchtung wier bei heterosexuelle Koppelen eng Aart „Therapie“ vun der Onfruchtbarkeet, bei Homosexuellen awer wier et d’Erfëllung vum Kannerwonsch, vun engem angeblech formuléierte „Recht op Kanner“. Falsch. Och bei heterosexuelle Koppelen ass et „just“ de Kannerwonsch deen erfëllt gëtt – mat der kënschtlecher Befruchtung verschwënnt Onfruchtbarkeet nämlech net a gëtt och net ofgeschwächt, mä ëmgaangen. Also ass et keng Therapie.

Bei der Leihmutterschaft fäert hien, d’Fra géing zu enger Wuer degradéiert ginn. Fir d’Éischt emol verkennt hien dobäi de Charakter vun enger Wuer; dat géing nämlech implizéieren, datt d’Fra zu engem economeschen Handelsobjet géing ginn. Oft sinn d’Leihmammen awer Deel vum Frëndeskreess oder souguer vun der Famill vun der Koppel – a maachen dat einfach fir deene Leit eppes Guddes ze doen, déi hinne wichteg sinn. Dovun ofgesinn, datt dee Facteur och net variéiert, je nodeem, ob et sech ëm hetero- oder homosexuell Koppelen handelt. Da mierkt en nach un, datt d’Kand do géing „gezwonge“ gi, seng Leihmamm ze verloossen. Och dat ass net anescht a villen anere Situatiounen; d’Kand ka sech och seng leiblech Mamm net aussichen an och wann e Kand zur Adoptioun fräigi gëtt, kann d’Mamm net gezwonge ginn, d’Kand ze hale, just well een de Wëlle vum Säugling na net kenne kann.

Als lescht „Argument“ féiert en dann nach eemol un, datt d’Homo-Bestietnis bestoend Institutiounen op de Koup geheie géing – allengerzéiend Elteren dergéint, oder (heterosexuell) Patchwork-Familljen géinge keng „grondsätzlech“ Problemer duerstelle well et dofir keng nei Gesetzer brauch. Uspréch a Rechter duerf een also just hu, wa se an de bestoende Gesetzer verankert sinn. Reforme sinn eng Saach vu physikalescher Onméiglechkeet an d’Welt verännert sech ni.

Als lescht Argument erkläert en dann Ëmfroe fir „wäertlos“, anstatt se differenzéiert ze kritiséieren a wëll domat d’Argument „widderleeën“, et géing awer eng gesellschaftlech Majoritéit fir d’Homo-Bestietnis ginn. Tatsächlech ass et fir elementar Rechter a fir de Prinzip vu Gläichheet a Fräiheet irrelevant, ob eng Majoritéit dat wëll. Minoritéiten hunn och Rechter a mussen och géint Majoritéite kënne geschützt ginn. Dat ass awer net dat, wat den Auteur mengt. Hie schéngt et gutt ze fanne, wann de Staat eng Minoritéit och géint de Wëlle vu Majoritéiten nach ënnerdréckt. Déi hausemeresch Visioun vun engem Rechtsstaat.

Keng Argumenter, just Schlagwierder.

Insgesamt léisst sech soen, datt e gudde Batz vu sengen Argumenter net wierklech Argumenter sinn. Hie benotzt an éischter Linn Schlagwierder a probéiert krampfhaft, doraus Argumenter ze bastelen. Hien appelléiert un déifsëtzend Emotioune vum Lieser, anstatt rational z’argumentéieren an huet keng wierklech Systematik a senger Argumentatiouns- an Denkstruktur opweises. Fir eng Persoun, déi Philosophie studéiert huet, jiddefalls, weist e wéineg Kohärenz a wéineg logesch Bestännegkeet. Mat de grousse Philosophen huet en allefalls d’Elfenbeintuermmentalitéit gemeinsam – fir de Rescht awer schénge seng philosophesch Virbiller wuel éischter d’Sophisten aus dem antike Griichenland ze sinn ewéi de Sokrates.

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Gesellschaft, Lëtzebuerg, Medien veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.