Protest ass net gläich Protest

Wisou mer eis net reflexaarteg mat all Protest am Ausland solidariséiere sollten.

An der Zäit vum Internet kréie mer vill mat vu Protester – souguer da, wann autoritär Regimer probéieren, de Floss vun den Informatiounen no baussen ze verhënneren. Gläichzäiteg awer gi mer tendenziell nach méi ufälleg fir Propaganda; mir maachen eis an der Zäit vun Tweets, Hashtags a Facebook-Status-Updates net méi d’Méi, grouss z’analyséieren a schlécke kuerz gefaasst an dowéint oft verkierzt Informatiounen ouni grouss doriwwer nozedenken. Virun allem da, wann dat Ganzt och nach mat spektakuläre Biller garnéiert gëtt.

Mä grad d’Biller ginn oft verfälscht. Sou z.B. bei de Protester a Venezuela, fir e prominent Beispill ze huelen. Fir genee ze si, gëtt an éischter Linn an de Räichevéierele protestéiert, déi virun der PSUV-Regierung net mol zougänglech ware fir aarm Leit. Trotzdem hunn eben dës räich Leit un déi sozial Oder appeléiert an et no baussen hin duergestallt, wéi wann et hei ëm e Konflikt tëscht den Aarmen an der Regierung goe géing. Tatsächlech awer sinn d’Aarmevéierele recht roueg, während déi Räich sech op Twitter iwwert déi deier a knapp Mëllech beschwéieren. Gläichzäiteg gi Biller verëffentlecht, déi Poliziste weisen, déi Protester brutal nidderschloen an et gëtt suggeréiert, dës Biller géingen aus Venezuela stamen – a Wierklechkeet awer stamen se gréisstendeels aus Chile a stame vun de Studenteprotester während der Presidentschaft vum Piñera a munchmol souguer vun egyptesche Protester. Dobäi gëtt dann och nach d’Gewalt, déi vun den Demonstranten ausgeet an oft souguer déidlech ass, bewosst verschwiegen, grad ewéi d’Tatsaach, datt vill Polizisten, déi bei de Protester exzessiv Gewalt ugewant hu, sech och viru Geriicht verantworte wäerte mussen – dat ass méi, wéi z.B. bei de meeschte Fäll vu Polizeibrutalitéit an den USA z’erwaarden ass. Dobäi kënnt, datt zu de „Leadere“ vun der venezolanescher rietser Oppositioun – an dat sinn déi, déi den Ament „protestéieren“ – och Gruppen a Persoune gehéieren déi maassgeblech um Militärputsch vun 2002 géint den Hugo Chávez bedeelegt waren.

En ähnlechen, awer trotzdem och anescht gehalene Fall ass d’Ukrain. Hei koum et zu grousse Protester, wéi den zu där Zäit amtéierende President Janukowitsch declaréiert huet, e Vertrag mat der Europäescher Unioun, deen ugestanen hätt, nei aushandelen ze wëllen. De Janukowitsch huet als éischter russlandfrëndlech gegolt a wollt sech och entspriechend Russland unnäheren. Am Fall vum Janukowitsch gouf et e puer Ënnerscheeder zur Situatioun a Venezuela: An der Ukrain sinn d’Protester tatsächlech net just vu Räichen ausgaangen, mä vu wäitaus gréisseren a méi sozial diversen Deeler vun der Bevëlkerung. D’Divisioun war éischter ethnesch; a sou hunn am Verglach wéineg russeschsproocheg Ukrainer deelgeholl. An och déi staatlech Repressioun wor ganz eendäiteg ze veruerdnen an et ass ganz kloer, datt déi zu deem Zäitpunkt amtéierend Regierung do net gezéckt huet, schaarf op Demonstrante schéissen ze loossen.

Dofir gouf et wahrscheinlech och sou vill Sympathie fir déi ukrainesch Demonstranten; si hu sech géint en Despot zur Wier gesat, deen net gezéckt huet, se vu senge Kommandoen erschéissen ze loossen. Mä och hei ass et dann awer net ganz sou einfach; de Janukowitsch war awer ëmmerhin e gewielte President. Dëst rechtfäerdegt natierlech kengesfalls säi Verhalen – trotzdem si Politiker hei normalerweis éischter zeréckhalend domat, de Stuerz vu gewielten autoritäre Presidenten ze fuerderen. Fréi gouf och scho kritiséiert, datt bei de Protester net einfach just faschistesch Kräft matmaache, mä déi rietsradikal Partei Swoboda souguer Deel vum Parteiebündnis ass, wat déi Protester geleet huet a lo d’Regierung stellt. Awer och de Rietse Secteur, eng gewalttäteg paramilitäresch neonazistesch Grupp, huet bei de Protester eng maassgeblech Roll gespillt; an deementspriechend waren d’Protester also och wäit net sou friddlech wéi duergestallt. E staarke Rôle hunn awer och pro-europäesch orientéiert Oligarche wéi d’Julija Timoschenko gespillt.1

Trotzdem huet sech zur Zäit vun de Protester eng informell Koalitioun aus Chrëschtdemokrate, Liberalen a Gréngen drop gestierzt, déi Protester ze legitiméieren an ebe méi ze maache wéi just den Autoritarismus vun der Regierung Janukowitsch ze kritiséieren. Déi faschistesch Elementer goufen dobäi gär ignoréiert oder rofgespillt, d’Oligarchen zu virbildleche Kämpfer fir d’Demokratie stiliséiert. Elo sëtze si an enger net gewielter Regierung, déi eigentlech just eng Iwwergangsregierung sollt si, mä schonn zesumme mam Internationale Währungsfong eng rigid Spuerpolitik duerchsetzt, déi d’Liewe vun den Ukrainer nohalteg präge wäerten.2

Sozial Protester a Bosnie ginn ignoréiert.

Zur gläicher Zäit gëtt och a Bosnien demonstréiert. Dës Protester ënnerscheede sech awer staark vun deenen a Venezuela a vun deenen an der Ukrain. Am Géigesaz zu Venezuela sinn et keng Protester, déi vun der räicher Elite gedroe gi, mä vun Aarbechter, déi es sat hu mat hirer Situatioun. Si fille sech bedru, well d’Industrie a Bosnien-Herzegowina, déi zu där Zäit, wéi et Jugoslawien nach gouf, floréiert huet, brach leit an entspriechend d’Aarbechtslosegkeet héich ass; a sou ass mat d’Haaptfuerderung vun de Protester och, d’Privatiséierungen ze stoppen an och réckgängeg ze maachen. An zugläich si se ethnesch méi divers an net sou blann pro-europäesch wéi déi an der Ukrain; sou engagéiere sech déi Demonstranten net just géint déi desastréis wirtschaftlech Situatioun am Land, mä och, wéi de Slavoj Žižek bemierkt, géint de Versuch vun nationalisteschen Eliten, déi verschiddenen Ethnien géintenaner auszespillen:

It is against this background that one should understand the latest events in Bosnia. In one of the photos from the protests, we see the demonstrators waving three flags side by side: Bosnian, Serb, Croat, expressing the will to ignore ethnic differences. In short, we are dealing with a rebellion against nationalist elites: the people of Bosnia have finally understood who their true enemy is: not other ethnic groups, but their own leaders who pretend to protect them from others. It is as if the old and much-abused Titoist motto of the „brotherhood and unity“ of Yugoslav nations acquired new actuality.

An net nëmmen dat: Déi Protester sinn, am Géigesaz zu deenen an der Ukrain an a Venezuela, effektiv komplett selwer organiséiert. Et gëtt keng grouss Parteien, déi sech als „Leader“ opspillen an d’Demonstranten organiséiere sech a basisdemokratesche Komiteeën, an deenen d’Decisioune getraff ginn, déi sech ënnertene koordinéieren.

Hei gesi mer also grouss Protester, bei deene sech d’Leit opleene géint Korruptioun, Aarmut, Prekaritéit, Privatiséierung – an trotzdem gëtt vun de grousse politesche Parteien net dovu geschwat; et fuerdert kee Sanktioune géint déi bosnesch Regierung, et fuerdert kee vun hir, op d’Fuerderunge vun den Demonstranten anzegoen, e ronnen Dësch anzeberuffen. An dat, obwuel dës Protester den Ament wuel d’Ideal vun demokrateschen Organisatiounsforme besser representéiere wéi wahrscheinlech soss kee grousse Protest op der Welt.

Wouru leit dat?

Et kéint ënner anerem grad doru leien – déi bosnesch Demonstrante sinn eben net sou einfach z’instrumentaliséiere fir eng neoliberal Agenda duerchzeboxen. Ganz am Géigendeel; do weist sech déi aktuell bosnesch Regierung vill méi nëtzlech. Sozial Protester kéinte, wa se am Rescht vun Europa bekannt géinge ginn a vläit souguer Succès opweise kéinten, als Inspiratiounsquell dénge fir Salariéen, Studenten a Pensionnairen, déi och an anere Länner ze leiden hunn ënner rigiden Spuer- a Privatiséierungsmoossnamen.

V.a. awer géing dat heesche, mir missten eis rëm iwwert en Thema ënnerhalen, dat an eiser postmoderner Gesellschaft relativ onangenehm ginn ass a kaum nach ugeschwat gëtt: sozial Ongläichheet a Klassegesellschaft. Et ass ebe fir Leit, déi de liberale politesche Konsens net a Fro stelle, méi einfach, iwwer Biergerrechter schwätzen ze kënne, wa se sozial Ongläichheeten net uschwätze mussen.

An der Realitéit awer si sozial a Biergerrechter net sou einfach ze trennen. Net fir näischt sinn Demokratië méi stabil, wann de Sozialstaat staark ass an déi sozial an economesch Ongläichheet geréng; an net fir näischt ass déi rigid Spuerpolitik meeschtens och begleet vun autoritären Haltungen a Froe vu Biergerrechter. Dofir ass d’Motivatioun, déi hannert de jeweilege Protester stécht, wuel och e relevante Facteur bei der Bewäertung vun dësen; wann een dat net unerkennt, riskéiert een, op eemol op där Säit vun de Barrikaden ze stoe, wou een ni stoe wollt.

  1. Als Oligarche versteet een am Kontext vun de Länner, déi aus der Sowjetunioun ervirgaange sinn, schwéierräich Leit, déi vun de massenhafte Privatiséierunge während dem Zesummebroch profitéiert hunn an dobäi, oft rechtlech fragwürdeg, zu enormem Räichtum komm sinn. Virdrun hate se oft héich Positiounen an der Sowjetunioun beluecht. Entspriechend si vill vun hinnen och politesch immens mächteg. []
  2. Déi aktuell biergerkrichsähnlech Zoustänn an de russeschen Involvement dora si rëm en immens komplext Thema fir sech, dat eigentlech schonn en eegenen Artikel wäert wier. []

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Demokratie, Gesellschaft, International, Sozialpolitik abgelegt und mit , , , , , , , , verschlagwortet. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.