Et waren ëmmer déi aner

Wat fir Léieren zitt d’LSAP aus der Europawahl?

De 25. Mee gouf en neit Europaparlament gewielt. Verluer hunn dobäi allen dräi aktuell Regierungsparteien – mä keng Partei huet sou grouss Verloschter ze verzeechne gehat wéi d’LSAP. Vun 19,48% (2009) ass se op 11,75% gefall a konnt domat just nach e Reschtsëtz ergatteren. Gewënner par rapport zu 2009 konnten an éischter Linn d’CSV an déi Lénk verbuchen – d’ADR huet mat zousätzlechen 0,15% just marginal Stëmme bäikritt.

Domat geet de Verloscht vun de lëtzebuerger Sozialisten also an éischter Linn zugonschte vun de Chrëschtsozialen an der Lénker – während z.B. a Frankräich virun allem de rietsradikale Front National vun der Schwächt vum Parti Socialiste profitéiert huet.1 D’Situatioun ass also zu Lëtzebuerg entspriechend (nach?) net sou katastrophal wéi an aneren EU-Memberstaten.

Elo stellt sech natierlech trotzdem d’Fro: Wisou huet d’LSAP dës Europawahl sou vill verluer – a wéi reagéiert d’Partei dorop? Ëmmerhin ass dat hei dat schlechtest Resultat, dat d’LSAP je bei enger Europawahl erziilt huet – an entspriechend missten déi intern Reaktioune sinn.

D’LSAP mécht eng éischt Wahlanalyse.

An de sozialen Netzwierker jiddefalls woren déi éischt Reaktiounen nach de Wahlowend selwer ze gesinn; a verschidden LSAP-Vertrieder koumen zur Asiicht, et misst ee sech elo „nei erfannen“. Mä wat domat gemengt ass, gëtt net wierklech kloer; d‘Ënnerstëtzung vun der Austeritéitspolitik zu Lëtzebuerg an an der EU duerch d’LSAP an hir europäesch Brudderparteie jiddefalls gëtt als „Iwwerhuele vu Responsabilitéit“ bezeechent. Asiicht zumindest gesäit anescht aus.

Fairerweis muss een awer soen, datt dat just déi éischt an de sozialen Netzwierker visibel Reaktioune waren, kuerz nom Bekanntgi vum katastrophale Wahlresultat – an am éischte Schockmoment ass et och schwéier, d’Situatioun z’analyséieren a Selbstkritik ze üben. Mëttlerweil awer gëtt et déi éischt offiziell Stellungnahme vun den LSAP-Gréissten zum Ofschneide vun hirer Partei. De Claude Haagen wëll an engem Interview mat RTL zwar de Feeler net ze vill „no Excusë“ sicht – nëmme fir dann op d’Besonnerheete vun der Wahl hinzeweisen; de Facteur Juncker hätt eng grouss Roll gespillt an eng Aart „Revanche“ vun der CSV, bzw. Wieler déi d’CSV gär an der Regierung gehat hätten, géint d’LSAP, well dës net méi mat der CSV an der Koalitioun ass. Hie sicht also hei genee no deenen Excusen, déi en am Fong net maache wollt.

Op Tagblatt.lu seet de Claude Haagen zwar, Inhalter hätten och eng Roll gespillt, mä de Wahlprogramm gesäit en dowéinst nach laang net a Fro gestallt. Si hätte sech jo ëmmerhi fir e „soziaalt Europa“ ausgeschwat an dat ni verstoppt. Stattdesse verweist en an éischter Linn op Kommunikatiounsproblemer. A schliisslech gëtt hien och hei zitéiert:

„Hier wurde keine Regierungspolitik abgestraft. Dafür war die Frist zu kurz. Vielleicht hat es bei einigen ein bisschen Revanchismus gegeben, weil die CSV nicht in der Verantwortung steht. Aber dass die Regierung hier abgestraft wurde, können wir in unserer Analyse nicht bestätigen.“

Natierlech wier et lo och ze kuerz gegraff, ze soen, hei géing „just“ déi nei Regierung ofgestrooft ginn. Allerdéngs ass et och intellektuell Faulheet, därmoossen de Facteur Juncker an de Revanchismus vun der CSV fir d’Versoe vun der LSAP verantwortlech ze maachen.

De Facteur Juncker ass net z‘ënnerschätzen – mä de Facteur Schulz och net.

Och d’Nominatioun vum Martin Schulz als Spëtzekandidat vun der Fraktioun vun de Sozialisten an Demokraten (S&D), zu där d’LSAP och gehéiert, war e Facteur. Tatsächlech huet hie sech vill ze gutt mam Juncker verstanen. An hiren Debatten ass et, sou hat een den Androck, éischter drëms gaange, wien deem anere méi Recht gëtt. Alle béid wollte se e soziaalt Europa, sozial Mindestnormen, oppe Grenzen, en Enn vun der Austeritéitspolitik asw. Do hätt de Schulz et awer einfach gehat, dem Juncker seng Ligen – well näischt anescht wore seng populistesch Aussoen – z’exposéieren an dorop hinzeweisen, datt de Jean-Claude Juncker Spëtzekandidat ass fir eng Partei, déi keng vun den a senge Riede geäusserte Propose jeemools ëmsetze wéilt. Dat huet en awer net gemaach. Stattdessen huet all „Diskussioun“ tëscht deenen zwee Kandidate gewierkt wéi e Kaffiskränzchen ënner Kollegen. Bis op déi regelméisseg offälleg Äusserunge vum Juncker vläit, déi awer mat politeschen Inhalter manner ze dinn hate wéi mat schierer Arroganz.

Awer net just dat. D’LSAP ass eng Partei mat enger Wielerschaft, déi nach gewëssen inhaltlech Erwaardungen un d’Partei huet. Dat gëtt hir zum Verhängnis. D’Sozialiste kënne sou vill vum „sozialen Europa“ schwätzen a sou vill géint d’Politik vun Austeritéit a Sozialofbau wiedere wéi se wëllen – gleewen dinn hinnen dat ëmmer manner Leit. Net just wéint hirer nationaler Politik (och wann een deen Afloss net komplett ausblenne kann), mä och well se d’Fräihandelsofkommes mat den USA, och TTIP oder TAFTA, ënnerstëtzen. Awer och well d’LSAP d’Austeritéitspolitik vun der sougenannter Troika, deem Gremium aus Vertrieder vun der Kommissioun, dem Internationale Währungsfong an der Europäescher Zentralbank, jorelaang ënnerstëtzt huet – mat Hëllef vun hiren europäesche Brudderparteie, wéi der griichescher PASOK. 

Natierlech erkläert dat nach net den Erfolleg vun der CSV – mä d’Leit si sech, denken ech, scho bewosst, datt d‘Ënnerscheeder tëscht CSV an LSAP, no all deene gemeinsame Joeren, allerhéchstens nach marginal sinn. A wann d‘Ënnerscheeder tëscht Parteie verschwannen, da gewënnt oft an éischter Linn d’Original.2 An dësem Fall d’CSV.

Sech nei z’erfannen heescht méi wéi d’Kommunikatiounsstrategie z’änneren.

Wann d’Leit sech net iwwerzeege loosse vun de „Wäerter“ vun der LSAP, wéi hir Vertrieder dat sou schéi soen, dann heescht dat also net nëmmen, datt d’Kommunikatiounsstrategie vun de Sozialiste schlecht wier – mä et heescht och, datt se hir Prioritéiten nei ajustéiere mussen. Dat heescht och sech d’Fro ze stellen, ob et méi wichteg ass, ëm all Präis an d’Regierung ze kommen a „Responsabilitéit“ z’iwwerhuelen, oder ob eng Plaz an der Oppositioun och akzeptabel wier, wann een da seng Fuerderunge verdeedege kann.

Si musse sech awer och inhaltlech „nei erfannen“. Dat biergt awer och Gefore, wéi sech dat oft genuch gewisen huet. Eng inhaltlech Neierfannung kann nämlech och bedeiten, datt d’LSAP nach méi liberal, oder souguer konservativ, gëtt. Wa se awer hir Wielerschaft hale wëll an net just d’Reschter vun der CSV an der DP opsammelen, da muss d’Erneierung an déi aner Richtung goen an d’LSAP muss de Begrëff „sozialistesch“ rëm serieux huelen. D’Logik vum Spueren, vum Sozialofbau, vun economescher Liberaliséierung a Privatiséierung ass nämlech alles, mä op kee Fall sozialistesch – och dann net, wa se op engem europäeschen Niveau duerchgezu gëtt. Leider gesäit et awer bis elo net sou aus, wéi wann déi Erkenntnis sech bei de Vertrieder vun der LSAP duerchgesat hätt. Ouni dës méi wéi néideg Selbstkritik awer wäert d’LSAP an e puer Joer och um nationale Plang iergendwann Wahlresultater am eestellege Beräich erzilen.

  1. Zousätzlech hat den FN awer och nach eng enorm a virun allem net kritesch begleete Presenz an de franséische Massemedien. []
  2. Ähnlech wor et den dänesche Sozialdemokrate gaange wéi se sech der rietspopulistescher Dänescher Vollekspartei ugepasst hunn an d’Auslännergesetzer vill méi rigid gemaach hunn. Dovun hunn an éischter Linn d’Rietspopulisten engersäits, déi däraarteg Gesetzesproposen iwwerhaapt réischt agefuerdert hunn, an déi Sozialliberal anerersäits, déi de Gesetzesprojet ofgeleent hunn, profitéiert. []

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Demokratie, Europäesch Unioun, Lëtzebuerg, Sozialpolitik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.