Kulturkampf am Atlantik

Wéi Sea Shepherd mat Stereotypen, Emotionaliséierung a Feelinformatioun géint d’Färinger virgeet.

Nodeems an deene leschte Joere schonn ëfters besonnesch schockéierend Meldungen an de sozialen Netwierker zum sougenannte Grindadráp, der traditioneller Waljuegt op de Färöer Inselen, kurséiert hu, si lo e puer lëtzebuerger Volontairen zu den Inselen opgebrach fir des Juegt ze stéieren, bzw. ze verhënneren. Bei de genannte Meldunge goufen deemools normalerweis relativ schockéierend Biller gewise vu rout gefierftem Mier an hallef décapitéierten doudeger Waler. Dobäi stoung da meeschtens en Text, an deem behaapt gouf, dës Waljuegt wier e Ritual fir d’Färinger, hir „Männlechkeet“ ze weisen. D’Leit wore schockéiert doriwwer, datt sou eppes Grausames quasi „virun der Hausdier“ geschéie kéint an hunn dat natierlech fläisseg gedeelt, ouni sech jeemools onofhängeg iwwert d’Hannergrënn z’informéieren.

Et war nämlech sou natierlech ni wouer. D’Waljuegt huet wuel stattfonnt – a fënnt ëmmer nach statt – mä se war ni e „Männlechkeetsritual“. Trotzdem schéngt dës Ligen en Impakt op d’Leit gehat ze hunn. Ëmmerhi benotze souwuel Sea Shepherd wéi och d’Facebook-Walaktivisten ëmmer nach déi nämmlecht Zort vu Rhetorik – och wann de Begrëff vum Männlechkeetsritual kaum nach explizit fält. Ëfters gedeelt gouf awer z.B. d’Foto vun engem doudege Wal, op deem e klengt Meedche stoung, fir ze weise, wéi „verduerwen“ déi ganz färöesch Gesellschaft an deem Punkt dach wier.

D’Realitéit ass méi komplex wéi d’Jünger vu Sea Shepherd mengen.

Tatsächlech ass d’Situatioun wäitaus méi komplex wéi mir dat hei oft mengen. Mir gesi just datt bluddegt Mier, denken un „déi aarm Waler“ an, ouni d’Färöer an hire geographesche, kulturellen, economesche Kontext ze kennen, ass d’Urteel gefällt: Et ass falsch. An et ass net just falsch, et ass barbaresch. Sou barbaresch, datt d’Aktiviste vu Sea Shepherd Dänemark an d’Europäesch Unioun dozou opruffen, eppes z’ënnerhuelen. D’Zivilisatioun muss dann ebe „vu baussen“ a géint de Wëlle vun de Färinger op déi isoléiert Insele bruecht ginn.

Fakt ass nämlech: D’Färöer Insele sinn net Member an der EU a gehéieren zwar zum Kinnekräich Dänemark – awer just nach d’Beräicher Sécherheet an Aussepolitik falen an däneschen Zoustännegkeetsberäich. Trotzdem soll Dänemark intervenéieren – an dat mat EU-Virschrëften déi an deem Gebitt net gëllen. Déi selwerernannte Walschützer schénge sech hei déi „gutt al Zäiten“ erbäizewënsche, wou Dänemark nach déi absolut Kontroll iwwert d’Färöer hat – ech ënnerstellen hei mol zumindest den offizielle Vertrieder vu Sea Shepherd, datt se wuel eng Ahnung hu vun der politescher Situatioun vun de Färöer a wëssen, datt et net einfach just en Deel vun Dänemark ass, dee vu Kopenhagen aus verwalt gëtt. Wann Dänemark nämlech agräife géing, géing genee dat geschéien – an de Färöer géingen aktiv hir haart erkämpfte Souveränitéitsrechter oferkannt ginn.

Bedreet de färöesche Walfang dann net de Grindwalbestand?

Och dat gäre geäussert Argument, datt de Grindwal (op Englesch long finned pilot whale) vum Ausstierwe bedreet wier an d’Färinger mat dozou bäidroe géingen, schéngt net allze valid ze sinn. D’NAMMCO – déi eigentlech Autoritéit wat d’Grindwaler am Nordatlantik ugeet – kënnt awer zu enger ganz anerer Conclusioun:

„Pilot whales are likely one of the most abundant odontocetes in the North Atlantic. The harvesting of pilot whales that continues today in the Faroe Islands has proven sustainable over a period of more than 300 years, and in 1997, NAMMCO concluded that the drive hunt was sustainable (NAMMCO 1998c).“

(Iwwersat: „Grindwaler gehéiere wahrscheinlech mat zu den zueleräichsten Zännwaler am Nordatlantik. De Fang vu Grindwaler, deen op de Färöer Insele weider vollzu gëtt, huet sech iwwert eng Period vun iwwer 300 Joer als nohalteg erwisen an 1997 ass NAMMCO zu där Conclusioun komm, datt d’Dréckjuegt nohalteg wier.“)

Et schéngt also den Ament keng Indizien dofir ze ginn, datt de Grindwal aktuell vum Ausstierwe bedreet wier – a scho guer net am Nordostatlantik.

De Walfang ass fir d’Färinger net just „eng barbaresch mëttelalterlech Traditioun“.

An der Sea-Shepherd-Petitioun heescht et ënner anerem:

„Au moyen-âge, le Grind servait à nourrir la population féringienne. Mais au 21ième siècle, les Féroïens ont un niveau de vie supérieur à la moyenne des pays européens et ne consomment la viande de baleine que lors de certaines festivités. Il demeure donc un seul aspect de la pratique : le massacre barbarique, insensé et inutile de mammifères doués d’une intelligence et d’une sensibilité rares.“

An engem Bäitrag op RTL si se souguer sou wäit gaangen, ze behaapten, d’Walfleesch géing guer net giess gi, mä déi meescht Walkadaver géife rëm zeréck an d’Mier geheit ginn. Datt dës Behaaptung onwiddersprach iwwerholl gouf, mag wuel och doru leien, datt se eng gewësse „Skandalträchtegkeet“ huet an de Schockeffekt d’Zuschauer lackele kéint – oder awer et resultéiert aus rechercherescher Bequemlechkeet; ëmmerhi goung et just ëm e Bäitrag vu knapp 3 Minutten.

Dës Bequemlechkeet féiert awer leider och dozou, datt Fakte verschleiert ginn; sou ass d’Walfleesch op de Färöer – entgéint Behaaptunge vu Sea Shepherd – ëmmer nach e grousse Bestanddeel vun hirer Nahrung. Dëst ass net verwonnerlech, wann een d’Lag vun den Insele bedenkt; an erschwéierend kënnt nach dobäi, datt net méi wéi 2% vun der Fläch vun den Insele fir d’Agrarwirtschaft notzbar sinn. D’Walfleesch, dat net kommerziell gefaange gëtt, mä un d’Gemengen an d’Haushälter vun de Färöer Insele verdeelt gëtt, gëtt dofir och weider verschafft, sou datt et dann iwwert d’Joer giess ka ginn. Insgesamt mécht Walfleesch en Taux vu gutt 30% vum op de Färöer produzéierte Fleesch aus. Et kann also och net behaapt ginn, et hätt keng Relevanz méi an den Iessgewunnechte vun de Färinger.

Importéiert Liewensmëttel – eng Alternativ?

Elo wäerte sech verschidde Leit natierlech d’Fro stellen, ob se dann net einfach hir Liewensmëttel importéiere kéinte, wéi se et jo lo scho mat ville Produite maachen. Tatsächlech awer sinn importéiert Produiten op isoléierten Insele wéi de Färöer (dëst gëllt och fir aner westnordesch Länner wéi Island a Grönland) immens deier. A wann dann zousätzlech op eemol och nach e Groussdeel vum Liewensmëttelkonsum muss iwwer net regional produzéiert Wuere gedeckt gi, sou bedeit dat engersäits en herbe Verloscht u Liewensqualitéit fir d’Färinger, well d’Liewensmëttelpräisser an d’Luucht schéisse géinge, mä anerersäits och datt all Usproch op Nohaltegkeet verluer geet. Wéi nämlech soll eng nohalteg Liewensmëttelproduktioun a -consommatioun garantéiert gi, wa se net duerfe regional sinn? Et ass wuel kaum realistesch, op de Färöer Insele Sojaplanzen o.ä. ubauen ze wëlle fir datt se all Vegetarier oder Veganer kënne ginn ouni alles importéieren ze mussen.

De färöesche Walfang ass wahrscheinlech souguer nach e gudde Krack méi nohalteg wéi eis mëtteleuropäesch Fleeschconsommatioun, wou Déieren hiert ganzt Liewen a Massebetriber gehale ginn, ni d’Sonn ze gesi kréien, ni frëscht Gras ze schmaache kréien an dobäi nach an hiren eegenen Exkrementer stoe mussen. D’Waler hu bis zum Fang op mannst e Liewen a Fräiheet – am Géigesaz zu deene meeschte Kéi, Schwäin an Hénger an „eise“ Géigenden.

Kolonialistesch Stereotypen an der Diskussioun ëm de Walfang.

Inuit „duerfen“ an den Ae vu ville Leit Waler fänke fir déi eege Consommatioun, well se soss hir Liewensmëttel komplett aus dem Ausland bezéie missten – wisou duerfen d’Färinger et also net? Aus mengem Point de Vue huet dat mat de kolonialistesche Klischeeën ze dinn, déi mer sou virun Aen hu wa mer un Inuit denken. Mir denken do un „edle Wilde„, déi mat der „moderner“ Welt näischt um Hutt hunn. An eisen Ae wunne se nach an Igluen, hu kee Stroum, kee fléissend Waasser – wat natierlech guer a glat net der Realitéit entsprécht. Mä wéint eisem romantiséierten (an zugläich déif rassistesche) Bild vu kanadeschen a grönlänneschen Urawunner „duerfe“ si dat an eisen Aen, während déi béis Färinger – sou Sea Shepherd an der Petitioun – jo anscheinend „un niveau de vie supérieur à la moyenne des pays européens“ hunn. Da kënne jo just nach béisaarteg Intentiounen hannert deem Walfang stiechen – mam geographeschen an economesche Kontext muss ee sech da guer net méi befaassen.

Dës onerträglech Ausso vu Sea Shepherd an hirer Petitioun dierft also heimat genügend widderluecht sinn:

„Pour les Féroïens, le Grind n’est donc plus qu’un „amusement traditionnel“, qui donne droit au congé et à la fermeture des écoles.“

Mä dës Petitioun weist alt erëm mol, wisou net all Onsënn direkt muss ënnerschriwwe gi, just well en op den éischte Bléck skandaléis kléngt. Se ermahnt eis, virsiichteg ze si bei der Beuerteelung vu politesche Sachverhalter wou mer net gutt informéiert sinn a v.a. och, wa mer eng Diskussioun zu deem Thema féiere wëllen, se éischtens u Fakten auszeriichten an zweetens dobäi och op Aenhéicht mat de Betraffenen ze bleiwen anstatt eis opzeféiere wéi wa mer d’Kolonialherre wieren an déi aner just „Barbaren“ – oder wéi verschidde Persounen an de sozialen Netzwierker sote; „ce peuple maudit“ – déi vun Dänemark an der EU zeréck an d’Zivilisatioun misste kolonialiséiert ginn.

 

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Faktencheck, International, Skandinavien veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

6 Kommentare zu Kulturkampf am Atlantik

  1. metalgamer sagt:

    Hi,

    Ech wollt mol nofroen, obs de keins ob e puer Quellen verlinken, déis de benotz hues fir Fakten (z.B. dass Walfleescht nach ee groussen Bestanddeel vun hierer Ernährung ass etc…). Et feelen mier ee bessen Referenzen!

    Mee soss, ee ganz gudden Artikel.

    Cheers,
    metalgamer

  2. Mylène Briesch sagt:

    Sveinn, déi Sourcen déi dir do ugitt stammen all aus färöaneschen pro-Grind Artikelen. Déi sinn also net neutral. Sie selwer behaapten, se géingen et kaum nach iessen, well och hir Gesondheetsautoritéiten hinnen dovunner ofroden. D’Walfleesch ass esou vu Mercure an anere Gëfter kontamminéiert, dat schwanger Fraen a Kanner et iwwerhaupt net sollen iessen. Dat ass Fakt.

  3. Sea Shepherd Luxemburg a.s.b.l. - Yasmine Hémès sagt:

    Sea Shepherd Luxemburg asbl Stellungnahm a Richtegstellung zum „Sveinn“ séngem Artikel vum 17. September 2014 um Blog vu Res Publica http://respublica.blogsport.eu/2014/09/17/grindadrap/?replytocom=421 – respond

    Dir kënnt emol éischtens an ärem Titel net behaapten, Sea Shepherd géing mat Stereotypen, Emotionaliséierung a Feelinformatioun géint d’Färinger virgoen, well déi Sourcen déi dir ënnert ärem Artikel genannt hutt, stamen all aus färöaneschen pro-Grind Artikelen :
    http://en.wikipedia.org/wiki/Whaling_in_the_Faroe_Islands#The_pilot_whale_as_a_source_of_food
    http://www.whaling.fo/Default.aspx?ID=7085
http://www.nammco.no/webcronize/images/Nammco/635.pdf

    Sea Shepherd huet zwar relativ schockéierend Biller gewisen, mee déi weise leedeglech d’Realitéit. Se stamen net aus engem Hollywood Film. Mir hu just dat gewisen, wat an de leschte Joere schon an der Press ze gesi war, an dat ass effektiv schockéierend. Do si mer enger Meenung. Vläit ass virun e puer Méint nach ugeholl ginn (och eventuell vu Sea Shepherd), datt et sech bei deem Ritual ëm e „Männlechkeetsbeweis“ gehandelt huet, mee nodeems mir elo an de 4 leschte Méint ëm déi 500 Volontären op de Färöer haten, déi mat Färinger (pro- a géint de Grind) geschwat hunn, hu mir ni méi ernimmt dat et sech ëm esou e Ritual handelt. Mir schwätze vun enger sënnloser, archaïecher a grujelecher Traditioun, déi am 21. Jorhonnert näischt méi ze sichen huet. Och hu mir ni déi ganz färöesch Gesellschaft ugegraff, mir sinn net géint d’Färöer mee mir si géint déi sougenannten Traditioun an datt verschiddener och nach hir Kanner op de Kadavere knipsen, ass nu wierklech e Beweis, datt si dat ganzt Schluechte wéi en Amusement gesinn.

    Mir si keng „Jünger“, wéi dir eis nennt, mir priedegen net. Mir sinn aktiv, a weisen der Ëffentlechkeet wat Fakt ass, well mer der Meenung sinn, all Priedegten, sou wéi riesech an deier Konferenzen, änneren näischt. Och kenne mir, am Géigendeel zudeem wat dir mengt, de geographeschen, kulturellen an economesche Kontext vun de Färöer ganz gutt. Mir ënnersichen déi „Traditioun“ schonn zënter laange Joeren, a Sea Shepherd Leit ware scho méintelaang dohanne fir sech e Bild ze maachen. Et ass jo och e Fakt, dass d’Färinger ee vun den héchste Liewensstandarden iwwerhaapt hunn, genau dat selwecht iesse wéi mir, an dofir dat Walfleesch net brauche fir ze iwwerliewen. Mir nennen d’Färinger net „onziviliséiert“, wéi dir eis alt erëm beschëllegt, mir fanne just déi Traditioun onziviliséiert.

    Mir hunn och ni behaapt d’Färöer Insele wäre Member vun der EU (fir wéi blöd hal dir eis iwwerhaapt ?). Mir soe just wéi et ass : Wéi dir jo wësst an och richteg schreift, ass Dänemark nach ëmmer zoustänneg fir de Beräich Aussepolitik a Sécherheet vun de Färöer. Dänemark subventionéiert d’Färöer mat 100 Milliounen Euro d’Joer, déi mir als europäesch Staatsbierger bezuelen, an deemno déi traureg Traditioun ënnerstëtzt. Ausserdeem ass d’Dänesch Marine de Moment op de Färöer, fir ze hëllefe Sea Shepherd „aus dem Wee“ ze raumen. Dänemark huet awer, als Member vun der EU 3 Ofkommes ënnerschriwwen (Bonner- a Berner Konventiounen, an Ascobans), déi sech all ëm de Schutz vun de Mieresdéieren dréien. Andeems Dänemark de Färöer hiert Walschluechten ënnerstëtzt, verstéisst d’Land ganz kloer géint déi Konventiounen, a just dofir wëlle mir dat si vun der EU dozou opgefuerdert ginn, vun de Färöer ze verlaangen, datt si mat deem Gemetzel ophalen.

    Wéi dir richteg schreift, ass de Grindwal de Moment nach net um Ausstierwen an och dorop behaapt Sea Shepherd sech net. Mee wann eis Aktivisten net schonn zënter Joeren op der Plaatz wären a vill Grindwalschluechte gestoppt kruten, géingen d’Färinger genau wéi virun e pur Joer bis zu 1500 Walen am Joer ëmbréngen, an da géing et séier kritesch ginn. Wa mir waarden, bis se vum Ausstierwe bedreet sinn, ass et leider schonn ze spéit. Vorbeugen ist besser als heilen.

    An ärem nächste Paragraph werft der Sea Shepherd dann erëm vir, mir géingen d’Leit onbedéngt wëlle mat schockéierende Biller „ulackelen“. Wéi scho gesot, d’Biller soe méi wéi Wieder, si sinn net gefälscht. Dat kann ee barbaresch oder normal fannen. Jidderee muss sech seng Meenung do selwer maachen. Virun allem awer – si mär nët de Produzent vun esou Fotoën. Eis „recherchlech Bequeemlechkeet“vir ze werfen, ass zimlech arrogant an domm vun ärer Säit, oder war dir schonn op de Färöer an hutt mat de Leit do geschwat ? Vu Sea Shepherd sinn zënter ville Joere vill Leit dohannen, an si all hu mat genuch Färinger geschwat, fir dat mer kënne bezeien datt d’Walfleesch absolut kee Bestanddeel vun hirer Nahrung ass. Si selwer soen, datt si Walfleesch just zu besonnesche Feierlechkeeten iessen, an dat sou zweemol am Joer. Si wëssen och dass d’Walfleesch duerch Mercure, PCB etc kontaminéiert ass, an dofir net gutt fir d’Gesondheet. Schwanger Fraen a Kanner gëtt vun de Färinger Gesondheetsautoritéiten zum Konsum vu Walfleesch total ofgeroden. Dat seet jo alles.

    Dir mengt och d’Walfleesch géing net kommerziell gefaange ginn … da muss dir iech besser informéieren, well et handelt sech hei ëm indirekte Commerce. D’Fleesch gëtt tatsächlech gratis un d’Populatioun verdeelt, mee déi déi et net wëllen iessen, verkafen et u Supermarcheeën a Restauranten. Mir hu Fotoe vu Menüskaarte vu Restauranten, an aus Supermarcheeën, déi dat ouni weideres beweisen. Keng Diskussioun. Och ginn et Fotoen an Ënnerwasserfotoen als Beweiser datt de gréissten Deel vun de Walkadawer erëm an d’Mier geworf gëtt fir do a rieseche „Kierfechter“ ze verweesen. Et ass méi wéi grujeleg.

    Dir mengt importéiert Liewensmëttel wäre keng Alternativ, well ze deier ? Abee, da flitt dorobber a kuckt iech un wat se alles iessen. Natierlech kascht importéieren eppes an dofir ass och d’Iessen op villen Inselen op der Welt esou deier. Dat ass awer kee Grond fir déi Inselen, sensibel a kontaminéiert Mieresdéieren op esou eng barbaresch Traditioun ze fänken an hinnen e qualvollen, laangen Doud zouzemudden. Mir hunn absolut näischt géint regional Fëscherei, mee just géint „Massemord“, an dat als Amusement.

    Op äre Verglach mat europäescher Massendéierenhaltung gi mir weider net an, mir sinn natierlech net dofir, mee dat ass net eis Missioun. Et gëtt Gottseidank och Leit déi sech dogéint asetzen, well dat ass effektiv och Déierequälerei. Dat de färöesche Walfang awer méi nohalteg soll sinn, wéi dir behaapt, ass wuel absurd.

    Inuit fänken effektiv Waler fir hiren eegene Konsum an dogéint gëtt et näischt ze soen. Op si „edle Wilde“ sinn, an Igluen an ouni Stroum oder a modernen Haiser wunnen, huet domatter näischt ze dinn. Si fotograféieren net hir Kanner op de Kadaver, a geheien d’Kadaver no hirem „Amusement“ net zeréck an d’Mier.

    Mir sinn total bereet, dat ganzt mat iech ze beschwätzen, well dir hutt iech är Meenung, eiser Meenung no, just op Färinger Internet-Aussoen hi gebilt a waart bestëmmt nach net do, contrairement zu eis.

    Ech kennen Déi Lénk guer nët esou dasse se Menschen déi sech asetzen an eppes bewirke wëllen esou ugräifen – dofir ass haut och eng Kopie souwuehl vun Ärem Bloc – wéi och vun onser Stellungnahm un de Serge Urbany erausgaang.

    Mat frëndleche Gréiss
    am Numm vu Sea Shepherd Luxemburg a.s.b.l.

    General Director
    Yasmine Hémès

    • Sveinn sagt:

      Ech probéieren einfach mol, op e puer vun Äre Punkten, déi Dir ugeschwat hutt, anzegoen. Och wann d’Quellen déi ech uginn hunn an Ären Ae just de Walfang als nohalteg Nahrungsbeschafung bewerbe wëlle, sou heescht dat awer net automatesch, datt se Onrecht hunn an ouni weider Analys kënne verworf ginn. Tatsächlech ass z.B. d’Etude vun NAMMCO duerchaus relativ differenzéiert gefouert – an ëmmerhi gëtt do och op weider Quellen a Literatur verwise, sou datt et en Einfacht wier, do, wann een dat wëll, eng nach méi déif goend Recherche duerchzeféieren a sech dorop baséierend eng rational fundéiert Meenung ze bilden. Mol dovun ofgesinn, datt ech fir d’Behaaptunge vu Sea Shepherd nach ni Quellen (a scho guer keng soi-disant „neutraler“) fonnt hunn ausser d’Behaaptung, datt Är Organisatioun jo scho länger d’Färöer „beobachte“ géing an datt een dat quasi perséinlech erfuer hätt. Perséinlech Erfahrung alleng ass awer ebe just dat; eng subjektiv Experienz.

      An do kommen dann och déi Biller mat an d’Spill. Natierlech gesi se grausam aus. D’Mier ass komplett rout, d’Leit „rénge“ quasi mat de Waler déi se erleeën, etc. Mä datt Biller méi soe wéi Wierder ass och just eng Floskel, déi mat der Realitéit seelen eppes ze dinn huet; ganz am Géigendeel, si Biller oft integrale Bestanddeel vun emotionaliséierender Propaganda (de Begrëff gebrauchen ech hei wäertneutral). Et ass awer net méi grausam wéi aner Fleeschconsommatioun – souguer wahrscheinlech manner wéi déi meescht aner Formen dovun. Um RTL-Reportage hutt dir jo ganz korrekt dorop higewisen, datt d’Wierbelseil duerchgeschnidde gëtt an eben net, wéi munchmol fälschlecherweis behaapt, d’Kehl duerchgeschnidde gëtt fir d’Déier auszebludden. Den Doud ass also net sou qualvoll a laang wéi Dir behaapt.

      Ech hunn allerdéngs och ni behaapt, dir géingt mengen, d’Färöer wieren Deel vun der EU – ech hu just dorop higewisen, datt Dir gär hätt, datt d’EU intervenéiert op engem Territoire deen net zur EU gehéiert an domat ausserhalb vun de Kompetenze vun eben dëser. Just well Dänemark sécherheets- an aussepolitesch Belaanger vun den Inselen iwwerhëlt, heescht dat net, datt si duerfen dës Kompetenzen als Erpressungsmëttel géint d’Färöer asetzen – ergo wëllt Är Organisatioun mat där Fuerderung, ob Der et wëllt wouerhunn oder net, déi haart erkämpften Autonomie vun de Färöer ausser Kraaft setzen. Déi eenzeg akzeptabel Méiglechkeet wier a mengen Ae wann der op Aenhéicht mat de Färinger bleift anstatt quasi no den „Autoritéiten“ (Dänemark an EU) ze jäizen.

      Och datt d’Kadavere quasi all géingen an d’Mier zeréckgeheit gi, stëmmt sou einfach net. Just well enzwouch e Koup Skeletter fonnt goufe vun där Spezies, heescht dat eben nach net, datt se all zum nämmlechten Zäitpunkt dohi geheit goufen – a scho guer net, datt d’Fleesch an d’Fett net giess goufen. Datt, nodeems déi fir Mënsche consomméierbar Deeler erofgeschnidde goufen, de Rescht an d’Mier geheit gëtt, dat schéngt jo iergendwou logesch; ëmmerhi fungéieren d’Reschter dann als Nahrung fir aner Mieresorganismen.

      Datt d’Waler deelweis Gëftstoffer enthalen, dat ass wouer an hunn ech och ni bestridden. Dat ass an éischter Linn awer e Problem vun allgemenger Mieresverschmotzung – wougéint Sea Shepherd jo, wann ech richteg informéiert sinn, och aktiv ass.

      Well Dir jo e wéineg eng Affinitéit hutt fir „perséinlech Erfahrungen“, kënnt Der hei och mol eppes dozou liese, wat eng färöesch Bloggerin héchstperséinlech verfaasst huet: http://heinesen.info/wp/blog/2012/05/10/12-arguments-against-pilot-whaling-and-why-they-fail/

      Am iwwregen wëll ech awer och nach dorop hiweisen, datt ech mäi Blog net am Numm vun enger Partei bedreiwen. Ech vertrieden hei meng ganz eege Positioune, bedreiwen eegen Analysen – a munchmol sti se och contraire zu deene vun der Lénker, munchmol huet déi Lénk awer och einfach keng offiziell Positioun dozou. Ech sinn och just en einfache Member an hu keng representativ Funktiounen. Datt Dir lo – wéint engem vu mir als Eenzelpersoun verfaasste Blogpost – de Serge Urbany kontaktéiert an dozou brénge wëllt, sech fir mäin eegene, private Blog ze rechtfäerdegen, wéi wann hie mäi „Chef“ wier, fannen ech schued an, éierlech gesot, zimlech paternalistesch.

      Bescht Gréiss a just a mengem eegenen Numm,
      Sveinn Graas.

  4. Sea Shepherd Luxemburg a.s.b.l. - Yasmine Hémès sagt:

    Verstidd där heiensdo selwer déi héichtrabend Wieder déi der benotzt?

    Ass mer ze domm hei d’Säiten ze fëllen mat Explikatiounen. Eierlech gesot hunn ech wesentlech Besseres ze dinn.

    Wënschen Iech awer weider vill Erfolleg bei de Recherchen an der Kritik :-))

    LG Yasmine HEMES
    for the oceans

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.