Et muss méi zerstéiert ginn!

Eng Replique op dem Fernand Kartheiser seng Fuerderung no enger „konservativer (Géige-)Revolutioun“.

De Fernand Kartheiser, Deputéierte vun der ADR, ass jo schonn ëfters mat äerzreaktionäre Positiounen opgefall, déi souguer munche vu senge Parteikollegen dierfte Kappzerbrieches bereeden. Virun allem nodeems hien déi sozial Medien an Netzwierker entdeckt huet, notzt en all Geleeënheet dozou, seng Usiichten zu Gesellschaft a Politik duerzeleeën. Meeschtens op eng besonnesch polemesch Aart a Weis, an där e sech selwer a seng privilegéiert Matstreider zu Affer vun enger ominéiser „gréng-lénker Agenda“ stiliséiert, déi him seng Fräiheeten huele wéilt.

D’Fräiheet vun anere Leit, déi net chrëschtlech heterosexuell Männer mat lëtzebuerger Staatsbiergerschaft sinn, hëlt hien dogéint awer net sou serieux a wiedert monter géint fortschrëttlech Errungenschaften, déi am leschten hallwe Joerhonnert erkämpft goufen. Elo positionéiert hie sech zwar scho länger an déi Richtung – an dat ass och sécher kee Geheimnis – mä elo huet e sech kierzlech mat enger Fuerderung no enger „konservativer Revolutioun“ nach eemol kloer zu dëser Haltung bekannt a seng Positiounen op Facebook resuméiert. D’Conclusioun vu senger Schimpftirad fir dat wat hie „jiddesch-chrëschtlech Wäertvirstellungen“ nennt ass kloer gehalen:

„Alles dat wat Mee 68 zerstéiert huet, muss nees (sic) mat Kraaft an Energie opgebaut ginn!“

Domat ergëtt sech hei eng Geleeënheet, op d’Weltbild vum Fernand Kartheiser anzegoen – an domat och dat vu wäiten Deeler vun der ADR, déi hien ëmmerhin zu engem vun de Spëtzekandidate fir d’Chamber gemaach huet.

Konservativ Revolutioun?

De Kartheiser benotzt a sengem klengen Text de Begrëff vun der „konservativer Revolutioun“ – deen net onëmstridden ass. Och säi politeschen Zéibouf, de Joe Thein, benotzt gären dëse Begrëff. Eigentlech en Oxymoron, well e konservatiivt Selbstverständnis per se éischter konterrevolutionär ausgeriicht ass, beschreift ee mat „konservativer Revolutioun“ normalerweis eng Rei vu reaktionären Ideologien, déi net just erhale wëlle, wat besteet (mat e puer virsiichtege Reformen), wéi Konservativer dat normalerweis ustriewen, mä zu enger mystescher „gudder aler Zäit“ zeréck wëllen – oft zeréck bis hannert déi Franséisch Revolutioun. Dofir sinn dës Ideologien dann och anti-demokratesch, anti-egalitär, völkesch an den Ausdrock vun engem Wonsch no engem staarken, autoritäre Staat.

Wann een dem Kartheiser seng Aussoe liest, gëtt een den Androck effektiv net lass, datt hien an eng Aart „gëllent Zäitalter“ zeréck wéilt; méi genee an d’50er Joeren. Net fir näischt betount hien de „schiedleche Rôle“ vum sougenannten 68er-Mouvement, deen awer ab 1968, trotz aller Kritik un den doraus entstoende Mao-Apologeten, gesellschaftlech vill Entwécklungen ugestouss huet – dorënner och, datt onbestuet Koppelen endlech eng gewëssen Unerkennung kruten, Homosexualitéit a ville Länner endlech entkriminaliséiert gouf a Frae selwer iwwer hiert Liewen an hire Kierper bestëmmen duerften (z.B. d’Legaliséierung oder zumindest d’Lockerung vum Verbuet vum Avortement a villen europäesche Länner, datt Fraen duerfte schaffe goen ouni d’Erlaabnis vum Partner a villes méi). Awer och de Bildungssystem gouf lues a lues entstëpst, Aarbechterkanner konnten endlech studéiere goen dank ausgebaute Studiebäihëllefen a Studente kruten endlech Representatiounsorganer zougestanen. All dat héiert sech haut net no vill un a gëtt haut oft als Selbstverständlechkeet geholl – mä am kartheisersche „gëllenen Zäitalter“ vun de 50er a fréie 60er wor et dat guer net.

Mat positiv kléngenden Affirmatiounen an en donkelt Zäitalter.

Natierlech niéiert hien, de Leit hir erkämpfte Rechter ewech huelen ze wëllen – a verléiert dofir och kee Wuert doriwwer, wisou en den 68er-Mouvement sou pauschal als dat absolut Béist op der Welt duerstellt, dat fir alles verantwortlech ass, wat schlecht ass op der Welt. De facto implizéiert seng absolut an ondifferenzéiert Negatioun vun den 68er, datt en domat och déi positiv gesellschaftlech Entwécklung hin zu méi Fräiheet an Emanzipatioun ofleent.

Fir awer z’ënnermaueren, datt seng „konservativ Revolutioun“ méi sollt si wéi eng abstrakt Negatioun vun den 68er, affirméiert en – op eng relativ abstrakt Aart a Weis – seng „Kulturrevolutioun“:

„Fir en ziviliséiert a fräit Europa!  Fir eng Welt wou Natioun a Patriotismus positiv Wierder sinn a keng pejorativ! Fir eng Gesellschaft wou Leeschtung, Disziplin an haart Aarbecht héig (sic) gehale ginn! Fir eng Welt wou de Glaawen (sic) net als geeschteg Krankheet diffaméiert gëtt! Fir en Europa dat sech zu senge jüdesch-chrëschtleche (sic) Wuerzele bekennt! Fir eng Welt wou d’Famill hir Plaatz kritt a wou och d’Hausfraen an d’Mammen nees (sic) gelueft a geéiert ginn! Fir eng Welt an där d’Männer net méi global kriminaliséiert ginn! Fir eng Schoul déi do ass fir ze léieren fir dat d’Kanner Dag fir Dag méi wëssen! Fir e Staat den sech em seng eegen Aufgabe këmmert an sech aus dem private Liewen vun de Leit eraus hällt (sic)! Fir eng Welt an där d’Liewe respektéiert a geschützt gëtt. Fir eng Welt an där et eng héig ‚Eier (sic) ass séngem (sic) Land ze déngen, besonnech (sic) och an Uniform! Fir eng Politik déi net fäert géint Kriminalitéit an ähnlech Phänomener virzegoen.“

Fir gutt Wieder, och am Wanter! Wie kéint sech da scho wierklech géint esou Platituden ausschwätzen? Ganz vill Respekt, Éier, Virsuerg, Bildung, Schutz, Famill – alles positiv Wierder, wéi kéint da schonn allen eeschtes dogéint eppes soen? Wëlle mer dat net all?

Wichteg ass dobäi awer éischter, wat dohannert stécht. Wat en deklaréierten Anti-68er, e „konservative Revolutionär“, e „politesch inkorrekte“ Rebell dorënner versteet ka sech staark vun onsem Verständnis vun deene Begrëffer ënnerscheeden. Fir awer ze verstoe, wat domat gemengt ass, sollt ee vläit e puer vun deenen zitéierte Platitudë mol iwwersetzen, datt et och fir Leit mat engem demokratesche Selbstverständnis ze verstoen ass:

„Fir eng Welt wou de Glaawen (sic) net als geeschteg Krankheet diffaméiert gëtt! Fir en Europa dat sech zu senge jüdesch-chrëschtleche (sic) Wuerzele bekennt!“ Mat sougenannte jiddesch-chrëschtleche Wuerzelen ass näischt anescht gemengt, wéi datt dës reliéis Bekenntisser – also dat jiddescht an dat chrëschtlecht – an Europa dominant bleiwe mussen; aner Reliounen oder souguer d’Absence vu Relioun mussen a sengen Aen dem Chrëschtentum ënnergeuerdent ginn. Atheistesch Majoritéiten wieren a sengem Weltbild wuel déi absolut Horrorvirstellung. All Kritik un den herrschenden europäesche Reliounen ass a senger Idealvirstellung vun enger Gesellschaft onerwënscht a muss mindestens zu sozialer Ausgrenzung féieren. Iwwerspëtzt bezeechent hie Reliounskritik – besonnesch wa se sech géint d’Chrëschtentum riicht – dofir als Diffamatioun vum Glawen als geeschteg Krankheet an drängt déi dominant europäesch Relioun an eng Afferroll an där se sech net befënnt.

„Fir e Staat den sech em seng eegen Aufgabe këmmert an sech aus dem private Liewen vun de Leit eraus hällt (sic)!“ Fir e gudde Rietskonservative muss sech de Staat natierlech aus dem private Liewe vun de Leit eraushalen. Ausser natierlech déi betraffe Persoune liewen an enger gläichgeschlechtlecher Partnerschaft – dann ass et dem Staat seng Flicht, sech anzemëschen an hinnen op kee Fall déi nämmlecht Rechter ze gi wéi all den anere Leit. Schliisslech si gläich Rechter jo „Gläichmaacherei“ an inkompatibel mat sengem anti-egalitäre Gesellschaftsverständnis. Fräiheet stéisst do dann awer séier un hir konservativ Grenzen.

„Fir eng Welt an där d’Liewe respektéiert a geschützt gëtt.“ Kléngt dat net schéin? An der Realitéit bedeit dat awer den absolute Verbuet vun all Avortement – souguer am Fall vu Vergewaltegung. Dëst hänkt mat engem konservativ-kathoulesche Verständnis vu „Liewen“ zesummen – do fänkt nämlech den Embryo un, e vollwäertege Mënsch ze si soubal d’Spermium d’Eezell befrucht huet. Souguer wann am fréie Stadium nach net emol en Nervesystem existéiert a scho guer kee Schmäerzempfannen oder souguer e Bewosstsinn – och hei muss de Staat, dee sech jo zeréckhale soll aus dem private Liewe vu Leit, sech anscheinend amëschen. Gläichzäiteg awer postuléiert en: „Fir eng Welt an där et eng héig ‚Eier (sic) ass séngem (sic) Land ze déngen, besonnech (sic) och an Uniform!“ Ongewéinlech ass d’Iwwerbetoune vum Militäreschen duerch Konservativer sécher net – trotzdem fält op, datt et aus senger Siicht eng „Éier“ soll si, sengem Land ze „déngen“ an a sengem Numm Leit ëmbréngen ze mussen a gläichzäiteg awer d’Liewe vun engem ongebuerenen Embryo méi wichteg ass wéi dat vun engem potenzielle Krichsaffer.

Dat „Zerstéiert“ rëm „opbauen“?

Ech widderhuelen nach eemol seng Conclusioun:

„Alles dat wat Mee 68 zerstéiert huet, muss nees mat Kraaft an Energie opgebaut ginn!“

No all deem, wat ech elo duergeluecht hu, misst kloer sinn, datt dëse konservativen „Opbau“ net wënschenswäert ass fir eng demokratesch Gesellschaft. Wann et no dësen“traditionelle Wäerter“ geet, muss vläit souguer nach méi zerstéiert ginn. Déi „gutt al Zäite“ waren eben dach net sou gutt wéi hien eis wëll gleewe maachen.

Oder fir et mat Ton Steine Scherben ze soen: „Macht kaputt, was euch kaputt macht!“

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Educatioun, Genderpolitik, Gesellschaft, Kultur, Lëtzebuerg veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.