Wann Natioun an Demokratie zu Géigesätz ginn

E kritesche Jo zum „Awunnerwahlrecht“.

Ënnert den dräi Froen, déi am Referendum am Juni gestallt ginn, ass den Ament eng besonnesch hefteg diskutéiert: déi, ob mer sollen en Auslännerwahlrecht aféieren oder net. D’Fro vum Wahlrecht vu 16-järege schéngt net allze vill Leit ze begeeschtere, weder an déi eng, nach an déi aner Richtung a bei der Fro zur Mandaatsbegrenzung schéngt et och net allze vill Polemik ze ginn.

Beim Auslännerwahlrecht awer fanne sech e ganze Koup Leit zesummen, déi zumindest am Internet äifreg dogéint wiederen. E puer vun hinne fanne sech an der Initiativ Nee2015 zesummen. Do goufen e puer Argumenter zesummegedroen, déi och op anere Blogs schonn deelweis behandelt goufen. Awer och an de gréisseren „traditionelle“ Medie gouf d’Thema schonn opgegraff. Trotzdem kann et net schueden, d’Thema nach e wéineg op aner Aspekter z’ënnersichen an/oder aus anere Bléckwénkel ze betruechten.

Auslännerwahlrecht vs. Awunnerwahlrecht.

Fir d’Éischt emol ass et dofir wichteg, ze kucke, wourëms et dobäi genee geet. D’Supporteuren nennen dat proposéiert Auslännerwahlrecht en Awunnerwahlrecht – wat zwar méi schéin an inklusiv kléngt op den éischte Bléck, allerdéngs net deem gerecht gëtt, wat wierklech proposéiert gëtt. En Awunnerwahlrecht suggeréiert nämlech, datt e Wahlrecht géing geschafe gi, wat fir all Awunner nämmlecht gëllt, awer och, datt lëtzebuerger Staatsbierger, déi am Ausland wunnen, also net méi dierfte wiele goe wéinst dem feelenden Awunnerstatus.

Tatsächlech awer gëtt d’Wielerschaft „just“ erweidert ëm en Deel vun den Auslänner; et soll een 10 Joer zu Lëtzebuerg wunne mussen a schonn un enger Wahl deelgeholl hunn an domat als Wieler registréiert sinn. Dës staark Restriktioune ginn awer am Debat seelen ernimmt – amplaz gi léiwer Horrorszenarien imaginéiert, wéi datt et den Ufank vum Ennergang vun der lëtzebuergescher Natioun wier an eis Souveränitéit domat géing zerstéiert ginn.

A Wierklechkeet awer féiert déi aktuell Versioun vum Auslännerwahlrecht zu weidere Problemer; obwuel méi Leit mat där Prozedur dierfte wiele goen, duerfe vill anerer et ëmmer nach net. Wisou sollt een awer als politesch interesséierten Net-Lëtzebuerger méi Prozeduren duerchlafe musse wéi e politesch net interesséierte Lëtzebuerger, dee wiele goe muss? Wierklech vun engem Awunnerwahlrecht kann ee réischt schwätze, wann Net-Lëtzebuerger sech net méi mussen extra registréiere loossen an/oder virweisen, datt se scho mol hei gewielt hu, mä hiert Wahlrecht duerch Residenz erwerbe kënnen.

„10 Argumenter fir den NEE“?

D’Argumenter vun de Géigner vum Auslännerwahlrecht si, wéi gesot, scho vun anere Blogger behandelt ginn. Dobäi muss ee lo also net nach eng Kéier op all Argument eenzeln agoen – mä et ass awer wichteg, sech nach eemol en Iwwerbléck doriwwer ze verschafen.

Zwee Wierder, déi an dësem Argumentaire besonnesch oft fale, sinn „Natioun“ a „Souveränitéit“. Et ass besonnesch wichteg, sech mam Verständnis vun eben dësen zwee Begrëffer ze beschäftege, fir ze realiséiere, wourop déi „Nee“-Campagne wierklech erausleeft.

E geféierlechen an exklusiven Natiounebegrëff.

Fir d’Initiativ Nee2015 ass besonnesch wichteg, z’ënnersträichen, datt d’Chamber déi lëtzebuergesch Natioun vertrëtt – an net dat ganzt Land. Deementspriechend wier d’Auslännerwahlrecht dann och en Ugrëff un déi lëtzebuergesch parlamentaresch Institutiounen.

Fir d’Éischt emol steet an der lëtzebuerger Constitutioun ganz kloer, datt d’Chamber dat ganzt Land vertrëtt an net just eng Natioun oder ee Vollek – wat wuel och de Grond ass, wisou net all zu Lëtzebuerg residéierend Nationalitéit hir eege Gesetzer huet, mä d’Leit virum Gesetz, zumindest de jure, gläich solle sinn. Nee2015 huet sech also net emol d’Méi gemaach, d’Verfassung ze liesen.

Dat anert, wat se domat soen, ass awer eben och, datt déi hei liewend Auslänner – aus iergend engem Grond – net zur lëtzebuerger Natioun gehéieren. Si ginn also vun engem homogenen Natiounebegrëff aus, dee verschidde Bevëlkerungsgruppe géintenaner ausspillt.

D’Realitéit ass awer eng aner; et existéiert op der Welt keng homogen Natioun a keng „reng“ national Kultur. Weder zu Lëtzebuerg, nach soss enzwousch. Och net do, wou et manner Auslänner gëtt. D’Natioun ass am Endeffekt en idealtypescht Gedankekonstrukt, dat keen Usproch un d’Realitéit stelle kann. Kee wier nämlech an der Lag, déi lëtzebuergesch Natioun jeensäits vu vaguement definéierte Platituden ze definéieren (a wann dach, proposéieren ech, dës Definitioun an de Kommentarer kondzedinn). Elo kéint een natierlech d’lëtzebuerger Natioun als d’Gesamtheet vun deene Persoune verstoen, déi d’lëtzebuerger Staatsbiergerschaft hunn. Allerdéngs argumentéiert Nee2015 ze vill mat kulturellen Aspekter fir dës Definitioun vun enger „Natioun“ notzen ze kënnen:

Wielen (sic) sollen déi Leit, déi sech fir d‘Lëtzebuerger Nationalitéit entscheed hunn an domat weisen, dass se sech mat eiser Sprooch, eiser Geschicht, eiser Identitéit an eisen Traditiounen identifizéieren an doduerch eng emotional Bindung zu eisem Land hunn.

Och wann een nämlech d’lëtzebuerger Nationalitéit huet, heescht dat nach laang net, datt ee besonnesch vill mat lëtzebuerger Kultur um Hutt hätt. An och da stellt sech d’Fro: Wat ass lëtzebuerger Kultur, wat sinn alles „eis“ Traditiounen? Wéi wäit muss ee sech mat der lëtzebuerger Geschicht identifizéieren, déi jo awer och voll mat Ënnerdréckung, Ongläichheet a reliéisem Wahnsinn ass?

Als Islando-Lëtzebuerger (wat eng schéi Wuertschöpfung) muss ech z.B. zouginn, datt ech, deen ech zu Lëtzebuerg gebuer sinn an d’Nationalitéit hunn, relativ wéineg mat lëtzebuergeschen Traditiounen um Hutt hunn. En famille gëtt meeschtens islännesch geschwat, mir feiere Jól mat islänneschem Iessen a ginn éischter op e Þorrablót ewéi op e Buergbrennen. An dat an der drëtter Generatioun. Sinn ech also trotz menger Nationalitéit keen Deel vun der lëtzebuergescher Natioun?

Wann een also bedenkt, datt bal d’Halschent vun den Awunner aus dem politesche Prozess ausgeschloss ginn duerch en enken Natiounebegrëff, potenziell awer souguer nach eemol d’Halschent vun de Staatsbierger, sou schéngt et evident, datt d’Natioun entweder muss esou ëmdefinéiert ginn, datt all d’Awunner mat abezu ginn, oder d’Natioun muss als Konzept ofgeschaaft gi, well se hiren historesche Rôle iwwerlieft huet. Vun der Natioun zur Demokratie ass et oft e wäite Wee.

Souveränitéit fir all.

Awer och de Mëssbrauch vum Souveränitéitsbegrëff spréngt engem bei der Argumentatioun vum „Nee“ an d’Aen. Allgemeng gëtt tëscht Souveränitéit no baussen an no bannen ënnerscheet – a kéint als Selbstbestëmmungsrecht vun engem Staat iwwersat ginn.

D’Souveränitéit no bausse kéint – évidemment – duerch d’Ausdehne vum Wahlrecht op Net-Lëtzebuerger net ugegraff ginn. Keen anere Staat kéint nämlech iwwer Lëtzebuerg bestëmmen – an auslännesch Staatsbierger sinn nach laang keng Agente fir aner Staate, wéi dat vu gewësse Kreesser ronderëm den „Nee“ zum Auslännerwahlrecht sou suggeréiert gëtt. Se zu solchen ze degradéieren ass souguer zudéifst verwerflech a verkennt hir Humanitéit als Individuen zugonschte vun enger ondefinéierbarer Mass vun ethnesche Stereotypen a Feindbiller.

D’Souveränitéit no bannen ass, ausgoend dovun, datt den Natiounebegrëff net esou statesch ass ewéi en oft benotzt gëtt, och schwéier als „bedreet“ ze bezeechnen. Geet een natierlech vun engem stateschen Natiounebegrëff aus an enger homogener Natioun – déi sou a kenger Realitéit existéiert – da mag et Sënn erginn. Vu datt den Natiounebegrëff awer immens ofhängeg ass vun intellektuelle, reng philosophesche Konstruktioune a ganz vaguë Begrëffer, kann e jo, wéi scho gesot, net wierklech als Grond zur Ausgrenzung vun der Halschent vun der Bevëlkerung hierhalen. D’Souveränitéit no banne kann also duerch d’Erweiderung vum Wahlrecht a vum Natiounebegrëff net bedreet ginn. Ganz am Géigendeel: D’lëtzebuerger Demokratie, an domat och eist Selbstbestëmmungsrecht als lëtzebuerger Bevëlkerung, géing gestäerkt aus sou enger Reform ervirgoen. Just wier et eng demokratesch – a keng national limitéiert – Souveränitéit.

Natioun vs. Demokratie – wie gewënnt?

Et ass schued, datt de virgesinnen Entworf zum Auslännerwahlrecht bal komplett aus der Fieder vun der DP staamt an domat eng zimlech verwässert Versioun vun deem duerstellt, wat méiglech wier. Awer et ass e Fortschrëtt zu eisem eklatanten an net negligéierbaren Demokratiedefizit. Et ass virun allem awer och d’Aleedung vun engem Paradigmewiessel; de Grondsteen wier geluecht fir eng Demokratie jeensäits vu Staatsbiergerschaft, jeensäits vum enk definéierten Nationalstaat.

Et ass awer politesch beschtefalls fragwürdeg, datt bei dësem Referendum iwwert déi politesch Rechter vun enger grousser Minoritéit, déi an den nächste Joeren zur Majoritéit kéint ginn, ofgestëmmt gëtt, ouni dës Bevëlkerungsgrupp selwer mat anzebezéien. Gutt 70-80% vu befroten Auslänner – jee no Ëmfro – wieren nämlech fir d’Auslännerwahlrecht. Dat weist jo awer e grousse politeschen Interessi vun de Betraffenen a widderleet domat praktesch déijéineg, déi den hei liewenden Auslänner stänneg kollektiv politesch Apathie ënnerstellen an datt se jo just hei wiere wéint den héije Léin. Dat mannst wier et jo awer gewiescht, alles ze maache, fir datt déi Betraffen och matbestëmme kënnen iwwert hiert politescht Schicksal.

Déi kritesch betruecht Aspekter vun där aktueller Versioun vum proposéierten Auslännerwahlrecht kënnen awer op kee Fall en Nee an där Fro rechtfäerdegen. Villméi sollte se een inspiréieren, e kritesche Jo ze promouvéieren, dee, soubal dës onfäerdeg Form vum Awunnerwahlrecht duerch wier, weider geet an ëmmer méi Schrëtt Richtung Gläichheet tëscht Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger fuerdert. Nëmme sou kënne mer den aktuelle Géigesaz tëscht Nationalstaat an Demokratie an déi dovu verursaachten Demokratiedefiziter iwwerwannen. Et ass e laange Wee zur Demokratie.

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Demokratie, Gesellschaft, Immigratioun, Lëtzebuerg veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Kommentare zu Wann Natioun an Demokratie zu Géigesätz ginn

  1. Ech wunne seit 10 Joer an der Schwäiz … an hu natierlech hei kee Stëmmrecht – och net beu Gemengewahlen. Wann ech och hei mat ganz vill Sympathien acceptéiert sinn, hunn ech ower aus dem Grond e Gefill ausgeschloss ze sinn. Ech gesinn ower net an, firwaat ech soll d’schwäizer Nationalitéit unhuelen, well ech jo e Lëtzebuerger sinn a bleiwen. Duebelt Wahlrecht kéim jo och a Fro, mee dat wier jo genau esou onecht en halwe Schwäizer, an en halwe Lëtzebuerger wëllen ze ginn.
    Domadde well ech just dene Leit op hiert Argument äntwerten, Auslänner solle Lëtzebuerger ginn, dann däerfen se wiële goen. Dat wieren dann elauter där „onechter“ Lëtzebuerger, déi just aus Interessen eraus d‘ lëtzebuerger Nationalitéit hunn. Ech fannen, och zu Lëtzebuerg gëtt leider vill ze oft Integration an Assimilation verwiësselt. Et wier héich Zäit, de roude Léiwen dat bäizebrengen.

  2. Nico sagt:

    Wann ech dat sou liese mengen ech bal dat ass vun engem mat Doktorat a Sciences Politiques verfaasst ginn. *Chapeau-bas*
    Sinn epuer intressant Aspekter dobäi, trotzdem läit eng Stëmm mat nee vir mech noo.

    De Begreff vun da „Natioun“ schengt ma vir d’Leit awer vu méi grousser Bedeitung ze si wéis Du -mir duefen eis jo dutzen?- dat hei wells erklären. Op daer enger Säit doen sech eis Auslänner schwéier -suguer just eng duebel- lëtzebuergesch Nationalitéit unzehuelen. Op daer aanerer Säit hält ganz Europa u senge verschiddene Natioune fest: Eng Fro vir eng aaner Diskussioun, wéi wier et mat engem „vereenten Europa“ ënnert engem eenzegen europäesche Fändel?

    Eis Noopere laache jo wann hei och Leit ouni d’Staatzzougehéieregkeet matwiele kennen. Eise Lëtzebuerger aus da Schwäitz (comments) schwetzt vun „onechte“ Letzebuerger déi ‚just‘ eis Nationalitéit unhuelen aus gewëssen Intressien, wéi d’Wahlrecht. Ma ech gi grad dene mäi Respekt déi weisen esou weisen dat et se ebe grad intresséiert wat hei leeft, dat se sech mat da Saach ausernee setzen an sech mat da Plaatz wou se liewen identifizéieren an och matbestëmme wëllen. Dat fannen ech legitim an dat kënnen se jo dann och.

    Du schreiws och dat der soen dat d’Auslänner nemmen hei si winst eisen héiche Léin, ergo se Politik hei net intresséiert. Wann de Contraire de Fall ass, an d’Leit welle matentscheeden iwert wat an dem Land wou se liewen gemaach get, birwat net och d’Letzebuergesch Nationalitéit unhuelen?
    „Auslännerwahlrecht“ klengt vir mech wéi „huel-der-d’Kiischt-vum-Kuch“, dat eent ouni dat aanert, matschwetzen ouni sech mat da Saach ze identifizéieren, iwwert Saachen decidéieren déi mir awer am fong éirens aanescht laanscht ginn. Ech schwëtze vu Lëtzebuerg.

    Als klengen Zousaatz well ech nach bemierken dat ech et aussergewéinlech fannen wéi d’Lëtzebuerger oftmols als nationalistesch a suguer rassistesch gehandelt ginn, an ech awer keen aanert Land kennen wat prozentual méi auslännesch Awunner huet. Agressiv Nationalisten a Rassisten géifen a ginn kuez a kleng gewürfelt op kuez oder laang Dauer an engem Land wou et baal keng ‚reng‘ Lëtzebuerger ginn an de beschte Koleeg vielläicht zur Halschend eng aaner Nationalitéit huet, wat vir mech kee Problem ass.
    Ech fannen et och schued an eventuell ebesse bedenklech dat ee no all Ausso wou een och nemmen d’Wuert ‚Auslänner‘ o.Ä. an de Mond hellt muss erklären dat ee kee Rassist ass an dat d’Bomchen als intolerant an auslännerfeindlech duergestallt get well se sech opreecht dat se kee „Croissant“ mat da Betounung vun hiirer Mammesprooch ka bestellen.

    Dat kann ee lo vill verkomplizéieren an argumentéieren, Fakt ass:
    Jiddereen deen et wiirklech well huet d’Méiglegkeet zu Lëtzebuerg matzewielen. E brauch just d’lëtzebuerger Nationalitéit unzehuelen.

    #justmengonpopulärmeenung

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.