„Den Auslänner huet de Bak ze hale wann de Lëtzebuerger schwätzt!“

D’Schmiercampagne vun Nee2015 an dat ellent Gesiicht vun der ADR.

Bal d’Halschent vun de volljäregen Awunner vu Lëtzebuerg duerf net wiele goen – awer sou lues kënnt an dëse Problem e wéineg frësche Wand; Lëtzebuerg diskutéiert iwwert d’Aféierung vum Auslännerwahlrecht. EU-wäit ass dat den Ament eemoleg. D’Argumentatioun zum Thema hunn ech am leschte Blogpost schonn opgegraff – mä et muss gesot ginn, datt domat nach laang net alles gesot gouf. Nieft den Argumenter selwer kéint een nämlech och nach op d’Aart a Weis ze schwätze komme, wéi d’Diskussioun gefouert gëtt, bzw. am Fong net gefouert gëtt. Et soll also drëms goen, ze kucke, wéi d’Géigner vum Auslännerwahlrecht mat de Supporteuren vum Reformprojet ëmginn.

Nieft der Nee2015-Campagne selwer ass et do natierlech interessant, sech och déi Partei unzekucken, déi am vehementesten den „Nee“ vertrëtt a quasi als parlamentareschen Aarm vun der Nee2015-Campagne fungéiert; gemengt ass natierlech d’ADR.

Den A bei der ADR steet fir Apartheid.

Wann ee sech scho mol d’Facebook-Säit vum ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser, dee jo schonn ëfters opgefall ass mat speziell insultéierenden Aussoe vis à vis vu Frae, Schwulen a Lesben an Auslänner, spréngt engem direkt an d’Aen, datt en oft vun auslännesche „Gäscht“ schwätzt. Ewéi wann d’Auslänner, déi hei wunnen, schaffen, Steiere bezuelen, an d’Schoul ginn a wahrscheinlech säin Haus gebaut hu, während hien op engem Schaukelstull gemittlech an der Bibel gelies huet, just Touriste wieren, déi an zwou Wochen nees an hir Heemecht zeréckfléien. Déi ganz Aussoe sinn natierlech ëmgi vun deenen übleche Platituden a carrément onwouere Polemiken déi hien „Argumenter“ nennt (an déi schonn op anere Plazen ausernee geholl goufen), mä besonnesch an d’Aen dierft engem folgend Ausso falen:

De Quotidien hat gëschter en interessanten Interview mat de Vertrieder vun der CCPL (Confederação da Comunidade Portuguesa no Luxemburgo), eng vun denen auslänneschen Organisatiounen, déi sech fir en Auslännerwahlrecht ausschwätzen. Kuerz nach eemol meng prinzipiell Positioun zu dem Thema: aus där Diskusssioun ëm Verfassungsfroen hei zu Lëtzebuerg sollen déi auslännesch Gäscht hei am Land sech eraus halen.Eis Verfassung an d“Zukunft vun eisem Land an eiser Natioun sinn Diskussiounen déi vun de Lëtzebuerger solle gefouert ginn!

Als Éischt fält op, datt hien eng Associatioun, déi zu Lëtzebuerg besteet, als „auslännesch“ titeléiert, wéi wa se iergendwéi vu „bausse“ géing gesteiert ginn – eng Ënnerstellung, déi eis nach ëfters wäert begéine bei dëser Thematik – besonnesch irritéierend ass awer, datt hien den hei liewenden Auslänner carrément ofschwätzt, datt se matschwätzen duerfen. Elo duerfe se also net just net matwiele bei enger Ofstëmmung, déi si betrëfft, mä hunn net emol méi d’Recht, un der Diskussioun deelzehuelen. Fir dem Kartheiser seng Ausso nach eemol verständlech ëmzeformuléieren: „Den Auslänner huet de Bak ze hale, wann de Lëtzebuerger schwätzt!“

Dat ass eng ganz kloer Insulte un all Mënsch, deen zu Lëtzebuerg lieft an iergendwéi e Migratiounshannergrond huet – et weist, datt hie kee Respekt huet virun Auslänner an et weist och ganz kloer, datt e se fir mannerwäerteg hält an net wëll mat hinnen op Aenhéicht diskutéiere mussen.

Awer do hält et net op; dës Positioune schéngt d’ADR selwer och ganz kloer ze vertrieden – et kann also kee méi soen, et wier eng perséinlech prise de position vum Kartheiser selwer:

Sicherlich haben Sie Verständnis dafür, dass eine Debatte von solcher Wichtigkeit gänzlich ohne Einmischung ausländischer Akteure stattfinden muss. In diesem Zusammenhang ist mir aufgefallen, dass, unter anderem auch in sozialen Netzwerken, ein wachsender Unmut über die Stellungnahmen eines deutschen Vereins in Luxemburg festzustellen ist.
Viele Luxemburger sind der Auffassung, dass es schon allein aus Anstand, Höflichkeit und Respekt geboten ist, sich als Gast in einem anderen Land nicht in dessen innere Angelegenheiten einzumischen. Sollten deutsche Staatsbürger sich für ein Ausländerwahlrecht einsetzen wollen, so scheint mir persönlich, dass sich dieses Engagement vorzugsweise auf die Bundesrepublik Deutschland und nicht auf das Großherzogtum Luxemburg beziehen sollte.

D’ADR went sech hei also un déi däitsch Botschaft fir sech iwwert e lëtzebuergesche Veräin ze beschwéieren – net iwwert en däitschen – wéi wann d’Bundesrepublik Däitschland bestëmme géing iwwert dësen. Nee, fir Däitscher an all déi aner auslännesch Awunner gëllen zu Lëtzebuerg lëtzebuergesch Gesetzer, grad ewéi fir jidderee soss och – zum Gléck liewe mer nämlech net an deem Apartheidsstaat dee sech d’ADR erbäiwënscht.

Den dauerskandaliséierten „Nee“.

Awer och bei der Initiativ Nee2015 geet et net ganz ouni Polemik. Sou mëscht sech och Nee2015 gären an d’Banneliewe vu Veräiner an a constatéiert, woufir se duerfe Positioun huelen a woufir net a fuerdert natierlech ëmmer nees Neutralitéit vun den enstpriechenden Akteuren.

Sou hu se z.B. d’UGDA direkt blannemännerches attackéiert, wéi bekannt gouf, datt där hire Logo op MINTÉ ze fanne war, an hir virgeworf, si misst neutral bleiwen an ugedeit, si géing domat hir Memberen net representéieren – obwuel dat jo awer un all Veräin ass, selwer iwwer seng Positionéierung oder Net-Positionéierung zu engem Thema ze decidéieren, ob engem déi Positioun elo gefält oder net. Begrënnt hu se dat dann och nach domat, eng mat ëffentleche ënnerstëtzten Organisatioun dierft sech politesch net positionéieren – wéi wann all Veräin oder Organisatioun, déi ëffentlech Gelder kritt, politesch komplett neutral wier. Spéider koum natierlech och nach eraus, datt dat Ganzt op engem Feeler baséiert huet an dunn ass de Logo – no där Polemik vun Nee2015 – och relativ séier vun der Säit verschwonn.

Awer net nëmmen dat: Nee2015 huet moosst sech un, och anere Veräiner an Organisatiounen hir intern Ugeleeënheete mat regelen ze kënnen. Sou werft se z.B. der CGJL, déi e Koup Organisatioune representéiert, vir, net fir d’Majoritéit vun der lëtzebuerger Bevëlkerung ze schwätze mat hirer Ënnerstëtzung vu MINTÉ (ouni datt d’CGJL sech awer selwer eendeiteg zum Wahlrecht positionéiert hätt). Wat dobäi awer och nees verkannt gëtt; d’CGJL huet net den Usproch, iergend een ze representéieren ausser d’Memberorganisatiounen. D’Ënnerstellunge vun den Nee-Propagandiste sinn also absolut haltlos, souwuel an déi eng, wéi an déi aner Richtung.

Besonnesch schéi gëtt et awer réischt, wa se sech elo iwwert déi béis Gewerkschaften opreegen, datt déi hir Memberen net gefrot hätten:

nee2015Lëschtegerweis reegt sech Nee2015 awer net doriwwer op, datt de CGFP seng Memberen net gefrot huet, wéi en decidéiert huet, sech mat Vehemenz géint d’Auslännerwahlrecht an alt nees fir de Status Quo ze positionéieren.

D’CSV, déi zweet Chamberspartei déi géint d’Auslännerwahlrecht ass, hält sech gläichzäiteg – am Verglach zu den zwee ugeschwatenen Akteuren – relativ bedeckt. An dat obwuel se dach eng zimlech eendeiteg Haltung zu de proposéierte Reforme vertrëtt: nämlech dräimol Nee. Vläit well se sech intern och net ganz eens ass an hir Jugendpartei wéi och eenzeln Deputéierter der Iddi vum Wahlrecht fir auslännesch Awunner vu Lëtzebuerg net ganz ofgeneigt sinn, et souguer begréisse géingen – a vläit och, well ze vill eng vehement Opposition zum Wahlrecht och no hanne lassgoe kéint a se den Debat dofir insgesamt e wéineg meide wëll.

Allgemeng Onfäegkeet zur Diskussioun.

Nodeems sech also erausgestallt huet, datt d’ADR oppen auslännerfeindlech argumentéiert a mat de Betraffenen, nämlech den Auslänner selwer, jo net emol diskutéiere wëll, hinne souguer seet, si sollte besser de Bak halen an Nee2015 sech allze gär an intern Ugeleeënheete vun autonomen Organisatiounen amësche wéilt, stellt sech d’Fro, ob d’Nee-Säit, net just vum Argumentaire hier, mä v.a. och vun hirer respektloser Aart a Weis, iwwerhaapt gewëllt oder souguer fäeg ass, eng Diskussioun ze féieren.

Déi gläichzäiteg mëttlerweil verpasste Chance, e grousse gesellschaftlechen a v.a. ëffentlechen Debat iwwert déi konstitutionell Reform ze lancéieren, gëtt deem Ganzen nach de Rescht.

Flattr this!

Dieser Beitrag wurde unter Demokratie, Gesellschaft, Immigratioun, Lëtzebuerg veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

6 Kommentare zu „Den Auslänner huet de Bak ze hale wann de Lëtzebuerger schwätzt!“

  1. Altmann Christian sagt:

    Wiesou därf een volljähregen Awunner vun Lëtzebuerg net wielen goen. Wien hält deen dann zereck. Daat wär jo awer illegal. All Mensch ab 18 Joër darf wielen, an zwar genau do vun wou hien sein Pass hier huet. Par contre as et bei eis esou, dass een ab 18 souguer muss wiele goen.

    Waat natierlech stemmt, as dass d’Auslännerwahlrecht EU-wäit eenmoleg as. Daat as wéi wann een eng Kaatz am Saack giff kaafen. Wann dann iwwerhaapt eng Kaatz an deem Saack as, an net nemmen eng deck Loftbloos déi eis spéider em d’Oueren flitt. Ech sinn mär nämlech net secher ob daat ganzt wierklech well komplett an metikuleis duerch duert as.

    Mee Apartheid fannen ech net schlecht. Zumools een daat wirklech net kann vergleichen. Weder geschichtlech, nach politech, gesetzlech wou et em eng Rassentrennung gaangen as, nach soss iergentwéi. Mär „herrschen“ jo weder als Minoritéit nach iwwert Enheemecher an hierem Land. Fir et lo mol einfach aus ze drecken.

    Är Argumentatioun, wann där iwwert Leit déi hier Meenung gesoot hun, ob déi nun lo richteg oder falsch as sierf mol dohin gestall, as och net onbedingt standfest an relativ phantasievoll an voller beiswelleger Ennerstellungen. Fir et lo mol fein aus ze drecken.

    Waat dann Gewerkschaften ungeet, sin se jo och net ALL mam Num genannt, sou dass déi Leit déi sech consernéiert gefillt hun do drop ze äntferen daat gemet hun. An wann CGFP net genannt gouf, dann haat vun deenen Membren eben keen eppes do zou ze souen.

    Jiddereen huet zu deem Thema eng Meenung, an kann oder well se matt méi oder manner stechhaltegen Argumenter begrennen. Dass ech z.B. weinst menger Meenung, déi kloer „Nee“ as, als brongen Pack, Rassist oder rechtsextrem betitelt gin, deet deem ganzen nun awer och keen Gefaalen. Zumools meng Meenung net op sou Gedankengudd baseiert. Ech vernennen jo och keen deen fir „Jo“ as, als Landesverräter, oder soss eppes…

    • Sveinn sagt:

      Dësen Artikel huet sech net mat Argumenter, mä mat Attitudë befaasst, mat Aart a Weise, wéi den Debat gefouert gëtt. An do fonnt ech – opgrond vun den do opgelëschten Tatsaachen – datt en extreme Manktem u Respekt virum Diskussiounspartner besteet, besonnesch vusäiten der ADR, déi sech do effektiv ganz oppen als rassistesch Partei geout huet.

      Wat ech awer ganz kloer net gemaach hunn, ass jiddereen, dee géint d’Aféierung vum Auslännerwahlrecht ass, als „bronge Pak“, Rassist oder guer rietsextrem ze tituléieren. Ech hunn an dësem Artikel just kritiséiert, wéi Nee2015 sech umoosst – an dat empfannen ech schonn als Zeeche vun Arroganz – bei internen Ugeleeënheete vun Organisatioune matschwätzen ze wëllen.

      Wann Dir dergéint wëllt eng Kritik vun der Argumentatiounsweis vun de Supporteure vum Nee liesen, da verweisen ech op folgenden Artikel, deen ech d’Woch virdrun dozou verfaasst hunn: http://respublica.blogsport.eu/2015/04/15/natioun/ Är Argumentatiounsweis an där Thematik bestätegt am Fong mäin Androck, deen ech an deem Artikel ausféierlech schilderen.

  2. Altmann Christian sagt:

    „Wat ech awer ganz kloer net gemaach hunn, ass jiddereen, dee géint d’Aféierung vum Auslännerwahlrecht ass, als “bronge Pak”, Rassist oder guer rietsextrem ze tituléieren.“

    „Jiddereen huet zu deem Thema eng Meenung, an kann oder well se matt méi oder manner stechhaltegen Argumenter begrennen. Dass ech z.B. weinst menger Meenung, déi kloer “Nee” as, als brongen Pack, Rassist oder rechtsextrem betitelt gin, deet deem ganzen nun awer och keen Gefaalen. Zumools meng Meenung net op sou Gedankengudd baseiert.“

    Lies där an deem waat ech geschriwwen hun, dass DÄR daat gesoot oder geschriwwen hätt? Zu mör oder en général. Et steet do dass ech well sou betitelt gouf.

    Daat as tatsächlech an aaneren Discussiounen déi ech matt aaneren Leit gefouert hun fier komm.

    An jiddereen deen sech lo scheinhelleg fir den „Jo“ ob iergent eng Art an Weis ausschwätzt, deen as an den Medien een Gudden. Egal welch Methoden oder Argumenter hien erfierbreng oder wéi eng perseinlech Ugreff dofier getätegt gin. An déi, déi net dofir sin, déi därfen vernannt oder fleit gleich öffentlech gestengecht gin. Daat as ok. Dass do och net alles fein an adrett ofleeft hun ech awer nach naicht offizielles gelies. Do schengen jo dann all Mettelen den Zweck ze hällegen…

  3. Tom sagt:

    ech fannen et schued daat den ADR et mol net fäerdeg brengt, eng Diskussioun ze féieren. Sou gett all Stëmm, dei sech géint hier Menung riicht, an d‘ lächerlecht gezunn an et ass een direkt een Lénkspopulist. Wann sou eng Diskussiounskultur ausgesäit, da merci!

  4. 3xNee 2015 sagt:

    Ech si fir 3x Nee, a fannen et net gutt, dat Gewerkschafte sech hei positionéieren. Dofir sinn si net do, an d’UGDA och net. A wann een an de Statute liest, dat een politesch neutral ass, da kann ee sech net fir oder géint eppes ausschwetzen.

    Auslännerwahlrecht ass net gutt. Wiele goen ass den ausdrock vun der souverainitéit vum Vollék. Een de sech net zum Vollék zougehéirech spiert soll net kënne matschwetzen. Matschwetzen dierf awer jiddereen, deen d’Nationalitéit wëll an dofir den Effort mecht!

    • Sveinn sagt:

      Eng politesch neutral Gewerkschaft wier keng Gewerkschaft méi. Mol dovun ofgesinn datt och keng Gewerkschaft dësen Usproch jeemools formuléiert hätt – just parteionofhängeg sinn déi meescht. Groussen Ënnerscheed. Wisou beschwéiert sech dann iwwregens kee vun den Nee-Soer iwwert de CGFP, dee sech kloer hannert den Nee gestallt huet? Et ass genee dat, wat ech un der Diskussiounskultur vun Nee2015 kritiséiert hunn.

      Wat Är Argumentatioun ugeet, ass et traureg, datt just nach eemol déi Platitudë reformuléiert ginn, déi ech am virausgoenden Artikel méi wéi genuch auserneegeholl hunn an ëmmer an ëmmer rëm onkritesch widderholl gi vun de Wahlrechtsgéigner, spréch deen zimlech ausschléissereschen Natioune-/Volleksbegrëff an domat zesummenhänkend och déi falsch verstane Souveränitéit: http://respublica.blogsport.eu/2015/04/15/natioun/

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.