Iwwert den Auteur

Wien ass iwwerhaapt den Auteur?

Mäin Numm ass Sveinn Graas. Den Ament sinn ech 26 Joer al a studéiere Politikwëssenschaft a Geschicht zu Tréier. Meng Mamm ass Islännerin a koum viru laanger Zäit zesumme mat menge Grousselteren op Lëtzebuerg wunnen – dohier och mäi Virnumm.

Zanter menger spéider Lycéeszäit interesséieren ech mech fir Politik a säit 2007 engagéieren ech mech a politeschen Zesummenhäng. Nieft der Politik hunn ech awer och e grousse Faible fir Sproochen (ech probéieren, regelméisseg nach eng zousätzlech ze léieren) a Geschicht.

Politesch engagéieren ech mech an éischter Linn an der Lénker an der Jonker Lénker, souwäit ech Zäit dofir hunn

Méi wichteg wéi Parteipolitik ass mir awer eng politesch Analys an eng ganz Rëtsch Wäertvirstellungen. Ech setze mech an fir eng Gesellschaft, wou Gläichheet a Fräiheet fir all Mënsch, onofhängeg vu Geschlecht, Sexualitéit oder Hierkonft realiséiert sinn a probéieren, iergendwéi méiglechst maachbar Weeër dofir ze fannen – och wann dat munchmol heescht, bei verschiddene Leit unzeecken. Ech géing mech dofir als iwwerzeegte Lénken, als demokratesche Sozialist an, an alleréischter Linn, als Humanist bezeechnen.

 

Flattr this!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.