Archiv der Kategorie: Demokratie

„Den Auslänner huet de Bak ze hale wann de Lëtzebuerger schwätzt!“

D’Schmiercampagne vun Nee2015 an dat ellent Gesiicht vun der ADR. Bal d’Halschent vun de volljäregen Awunner vu Lëtzebuerg duerf net wiele goen – awer sou lues kënnt an dëse Problem e wéineg frësche Wand; Lëtzebuerg diskutéiert iwwert d’Aféierung vum Auslännerwahlrecht. … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Demokratie, Gesellschaft, Immigratioun, Lëtzebuerg | 6 Kommentare

Wann Natioun an Demokratie zu Géigesätz ginn

E kritesche Jo zum „Awunnerwahlrecht“. Ënnert den dräi Froen, déi am Referendum am Juni gestallt ginn, ass den Ament eng besonnesch hefteg diskutéiert: déi, ob mer sollen en Auslännerwahlrecht aféieren oder net. D’Fro vum Wahlrecht vu 16-järege schéngt net allze … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Demokratie, Gesellschaft, Immigratioun, Lëtzebuerg | 2 Kommentare

Et waren ëmmer déi aner

Wat fir Léieren zitt d’LSAP aus der Europawahl? De 25. Mee gouf en neit Europaparlament gewielt. Verluer hunn dobäi allen dräi aktuell Regierungsparteien – mä keng Partei huet sou grouss Verloschter ze verzeechne gehat wéi d’LSAP. Vun 19,48% (2009) ass se … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Demokratie, Europäesch Unioun, Lëtzebuerg, Sozialpolitik | Hinterlasse einen Kommentar

Protest ass net gläich Protest

Wisou mer eis net reflexaarteg mat all Protest am Ausland solidariséiere sollten. An der Zäit vum Internet kréie mer vill mat vu Protester – souguer da, wann autoritär Regimer probéieren, de Floss vun den Informatiounen no baussen ze verhënneren. Gläichzäiteg … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Demokratie, Gesellschaft, International, Sozialpolitik | Verschlagwortet mit , , , , , , , , | Hinterlasse einen Kommentar

Demokratie mat Niewewierkungen

Risikofacteur „direkt Demokratie“ an enger demokratescher Gesellschaft. Besonnesch am rietspopulistesche/konservative Spektrum schéngt déi direkt Demokratie nom schwäizer Modell immens beléift ze sinn. Et gëtt oft ofgestëmmt iwwer Gesetzesvirschléi, an zwar vum ganze Vollek, d’Leit sinn direkt involvéiert a politesch Entscheedungen … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Demokratie, Gesellschaft, Lëtzebuerg | Verschlagwortet mit , , , , , , , , , | Hinterlasse einen Kommentar

Nee zu Integratioun an Upassung – Jo zu Fräiheet, Gläichheet a Solidaritéit!

E Plädoyer fir eng Gesellschaft, déi keng Upassung fuerdert. Integratioun an Upassung si Schlagwierder, déi an all Debatt zu Immigratiounspolitik mindestens zengmol falen. „Et muss ee sech jo awer integréieren!“ – „D’Auslänner musse sech der Gesellschaft an där se liewen … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Demokratie, Gesellschaft, Kultur, Lëtzebuerg | Verschlagwortet mit , , , , , , , , | Hinterlasse einen Kommentar

Déi beleidegt Chrëschtsozial an déi euphoresch aner

E Réckbléck op d’Wahlen an hir Konsequenzen Aus dem Internetfantom Dräierkoalitioun ass elo eng potenziell Realitéit ginn: Fir d’éischte Kéier zanter 1979 besteet eng realistesch Chance, datt eng Regierung ouni d’CSV gebilt géing ginn. Net nëmmen ech, och vill anerer, … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Demokratie, Lëtzebuerg | Verschlagwortet mit , , , , , , , , , , , , | Hinterlasse einen Kommentar

Neiwahlen – wat erwaarde mer eis dovun?

An der Lescht gouf vill vun Neiwahle geschwat a schlussendlech hu sech op Nationalfeierdag eng 200 bis 250 Leit zesummefonnt, déi dofir demonstréiert hunn – an och ech a vill aner Lénker sinn dësem Opruff nokomm; och wa mer natierlech … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Demokratie, Economie, Gesellschaft, Lëtzebuerg, Sozialpolitik | 1 Kommentar

Europadag – hu mer e Grond ze feieren?

Gëschter – also den 9. Mee – wor Europadag. Un deem Dag sollen d’Errungenschafte vun der europäescher Vereenegung a Form vun der Europäeschen Unioun gefeiert ginn. Am gängegen Toun vun deene meeschten gesellschaftlechen Akteuren heescht dat, d’Stabilitéit, de Fridden, déi … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Demokratie, Economie, Europäesch Unioun, International, Sozialpolitik | Verschlagwortet mit , , | Hinterlasse einen Kommentar

D’Breivik-Uerteel – eng Analys

Den Anders Behring Breivik, de rietskonservativen Terrorist deen d’lescht Joer 77 Leit ëmbruecht huet, dorënner vill Kanner a Jugendlecher, gouf elo zu 21 Joer Prisong mat Sécherungsverwahrung veruerteelt. Elo kann een natierlech vill iwwer Sënn an Onsënn vu Prisongen debattéieren, … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Demokratie, Gesellschaft, International, Skandinavien | Verschlagwortet mit , , , , , , , , | Hinterlasse einen Kommentar