Archiv der Kategorie: Lëtzebuerg

Lëtzebuerg, mir musse schwätzen. Iwwer Exklusioun

Wisou weder autoritär, nach liberal Approchen d’Léisung fir de Problem vun Heescherei a sozialer Exklusioun sinn. Wien déi lescht Joeren och nëmmen eng Kéier scho mol kuerz duerch d’Stad getrëppelt ass, deem ass sécher opgefall, datt net wéineg Leit passiv … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Gesellschaft, Immigratioun, Lëtzebuerg, Sozialpolitik | Hinterlasse einen Kommentar

„Den Auslänner huet de Bak ze hale wann de Lëtzebuerger schwätzt!“

D’Schmiercampagne vun Nee2015 an dat ellent Gesiicht vun der ADR. Bal d’Halschent vun de volljäregen Awunner vu Lëtzebuerg duerf net wiele goen – awer sou lues kënnt an dëse Problem e wéineg frësche Wand; Lëtzebuerg diskutéiert iwwert d’Aféierung vum Auslännerwahlrecht. … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Demokratie, Gesellschaft, Immigratioun, Lëtzebuerg | 6 Kommentare

Wann Natioun an Demokratie zu Géigesätz ginn

E kritesche Jo zum „Awunnerwahlrecht“. Ënnert den dräi Froen, déi am Referendum am Juni gestallt ginn, ass den Ament eng besonnesch hefteg diskutéiert: déi, ob mer sollen en Auslännerwahlrecht aféieren oder net. D’Fro vum Wahlrecht vu 16-järege schéngt net allze … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Demokratie, Gesellschaft, Immigratioun, Lëtzebuerg | 2 Kommentare

D’ADR an d’Mäerche vum „besuergte Bierger“

Wéi ADR-Politiker mat Rassisten a rassisteschen Ideologië sympathiséieren. Et ass jo am Fong näischt Neies, datt d’ADR oppen ass fir rassistesch Tendenzen. Mä grad elo, wou an Däitschland rëm de rassistesche Mob ënnert dem Numm „PEGIDA“ (Patriotische Europäer gegen die … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Europäesch Unioun, Immigratioun, Lëtzebuerg | 1 Kommentar

Et muss méi zerstéiert ginn!

Eng Replique op dem Fernand Kartheiser seng Fuerderung no enger „konservativer (Géige-)Revolutioun“. De Fernand Kartheiser, Deputéierte vun der ADR, ass jo schonn ëfters mat äerzreaktionäre Positiounen opgefall, déi souguer munche vu senge Parteikollegen dierfte Kappzerbrieches bereeden. Virun allem nodeems hien déi … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Educatioun, Genderpolitik, Gesellschaft, Kultur, Lëtzebuerg | Hinterlasse einen Kommentar

Et waren ëmmer déi aner

Wat fir Léieren zitt d’LSAP aus der Europawahl? De 25. Mee gouf en neit Europaparlament gewielt. Verluer hunn dobäi allen dräi aktuell Regierungsparteien – mä keng Partei huet sou grouss Verloschter ze verzeechne gehat wéi d’LSAP. Vun 19,48% (2009) ass se … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Demokratie, Europäesch Unioun, Lëtzebuerg, Sozialpolitik | Hinterlasse einen Kommentar

Mogelpackung Juncker

Wéi de Jean-Claude Juncker e Programm vertrëtt deen net existéiert. Bei de kommenden Europawahlen ass eppes anescht. Fir eis zu Lëtzebuerg virun allem och datt d’Europawahlen endlech getrennt vun de Chamberwahlen ofgehale ginn an also de Wahlkampf dofir iwwerhaapt endlech … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Europäesch Unioun, Lëtzebuerg, Sozialpolitik | Verschlagwortet mit , , , , | 1 Kommentar

Diskriminatioun an intellektueller Verkleedung

Eng Replique op de Wort.lu-Artikel vum Hubert Hausemer. Haut ass mer op der Säit vum Wort.lu en Artikel opgefall, dee virun e puer Deeg publizéiert gouf, mam Titel „Die homosexuelle Ehe. Kritik der Pro-Argumente„. Op de grad fir eng gebilte … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Gesellschaft, Lëtzebuerg, Medien | Hinterlasse einen Kommentar

An der Woxx publizéiert: Der lange Schatten der „Wahlfreiheit“

De folgenden Artikel iwwert de Reliouns- an de Werteunterrecht hunn ech fir d’Woxx verfaasst, wou en an der Ausgab vum 28. Februar 2014 a liicht gekierzter Faassung publizéiert gouf: Wie die Kirche ihre Machtansprüche „tolerant“ verpacken will. Nachdem eine Diskussion … Weiterlesen

Veröffentlicht unter An anere Medien, Educatioun, Gesellschaft, Lëtzebuerg | 1 Kommentar

Cedies 2.0 – tëscht néideger Reform a Réckschrëtt

Wat bréngt eis d’Reform vun de Studiebäihëllefen a wat ass d’Alternativ? Wéi scho virun de Wahle vu ville Parteien ugekënnegt, solle lo d’Studiebäihëllefen, och einfach Cedies genannt, reforméiert ginn. Fir méiglech Reformusätz gouf et verschidde Virschléi a bei der neier Regierung … Weiterlesen

Veröffentlicht unter Educatioun, Gesellschaft, Lëtzebuerg, Sozialpolitik | 3 Kommentare